Am Bistro mat der woxx woxx
-
- News
-
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
-
Wien sinn déi vergiessen Affer vum NS-Regime?
Dës Woch schwätze mir am Podcast iwwert d'Ausstellung „Vergessene Opfer des NS-Regimes in Luxemburg“ vum Escher Musée national de la résistance et des droits humains. D'Maria Elazora war sech d'Expo fir d'woxx ukucken an erkläert am Podcast, wien déi vergiessen Affergruppe waren. Si schwätzt mam Joël Adami doriwwer, wéi gutt de Musée et fäerdeg bréngt, déi komplizéiert a schwiereg Geschicht anschaulech ze erklären.
-
30 Joer nom Genozid am Ruanda – Wat sinn d'Léieren aus dem Prozess?
No enger Artikelserie vu véier Artikele kucke mir haut nach eng Kéier op de Genozid am Ruanda an de Prozess géint den Théoneste Bagosora virum Tribunal pénal international pour le Rwanda. De Fabien Grasser erkläert, wat mam Bagosora geschitt ass a wat fir Lektiounen aus dem ganze Prozess gezu goufen. No an no sinn awer och weider Detailer opgetaucht, déi zum Beispill Frankräich ganz staark implizéiert hunn.
-
Eng lëtzebuergesch Traditioun: Iwwert den Tram streiden
Et gesäit esou aus, wéi wann sech d'Mobilitéitspolitik vun der aktueller Regierung an eng Richtung entwéckele géif, déi sech dach awer vun där vireger ënnerscheet. Dat léisst sech um Beispill vum Tram an den Diskussiounen ëm eng Ofkierzung duerch d'Avenue de la Porte-Neuve besonnesch gutt illustréieren. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wéi et dozou komm ass a wéi grouss déi Ënnerscheeder dann tatsächlech sinn.
-
Wéi geféierlech ass Cattenom?
Et ass net grad beléift zu Lëtzebuerg, d'Atomkraaftwierk just hannert der Grenz a Frankräich. Geschwë ginn déi véier Reaktoren, déi do Stroum produzéieren, 40 Joer al. Dat bedeit: Si sinn eigentlech um Enn vun hirer ursprénglech virgesinnener Lafzäit ukomm. Ee Rapport, dee vu Greenpeace an Optrag ginn ass, kënnt zu der Conclusioun, datt et net méiglech ass, d'Sécherheet op deen haitegen Standard ze hiewen. Am Podcast schwätzt de Joël Adami mam Maria Elorza doriwwer, wisou dat esou ass a wat dat mat Fligeren a Piscinnen ze dinn huet.
-
30 Joer nom Genozid am Ruanda
De Genozid un den Tutsien am Ruanda gëtt dësen Abrëll 30 Joer al. D'woxx huet zu deem Ulass eng Artikelserie vu véier Artikelen zum Thema geplangt. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi et dozou komm ass, a wisou de Fokus um Prozess géint den Théoneste Bagosora virum Tribunal pénal international pour le Rwanda läit, deen als Hannermann vum Genozid gëllt. Ausserdeem geet et ëm d'Wuerzele vum Konflikt, déi enzwousch aneschters leien, wéi et dacks gezielt gëtt.
-
Wéi kanadesch Firme mat Hëllef vu Lëtzebuerg 80 Milliarde Steiere gespuert hunn
Et gëtt wuel kaum eng Persoun zu Lëtzebuerg, déi 1.000 Euro am Mount beim Burgerking ausgëtt. An dach misst all Awunner*in hei am Land esou vill ausginn, wann d'Profitter, déi d'Firma hei mécht, reell wieren. A Wierklechkeet handelt et sech ëm ee Steiertrick. Am Podcast erkläre mir, wéi dee funktionéiert – a wisou sech näischt ännert.