![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
124 episodes
![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
REPORTER On the Record REPORTER.lu Podcasts
-
- News
-
-
4.9 • 17 Ratings
-
REPORTER On the Record ass de Podcast iwwert d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.
-
De Meltdown vun de Piraten
De Marc Goergen an de Sven Clement streiden ëffentlech. Wat war de konkreten Ausléiser? Wéi eng Zukunft gëtt et nach fir d’Piratepartei? A gouf et änlech Konflikter an der Lëtzebuerger Parteiegeschicht?
-
Déi kriddeleg Dossieren vum Claude Meisch
Den Educatiounsminister kritt d’Affär ëm de Science Center an d’Problemer am Mamer Lycée net an de Grëff. Wéi transparent kommunizéiert de Claude Meisch? Gëtt hie senger Verantwortung gerecht?
-
Wéi eng Majoritéit fir Frankräich?
Frankräich huet gewielt. A wéi et elo weidergeet, ass ongewëss. Wéi ass d’Resultat vum zweete Waltour anzeuerdnen? Wéi eng Optioune ginn et elo? A wat bedeit dat alles fir de President Emmanuel Macron?
-
Déi nei Lokalpolice, méi wéi just e Badge?
Aus der geplangter Gemengepolice gëtt eng „Police locale“. Ass dat just eng Marketingaktioun oder eng pragmatesch Politik? Wéi soll dat Konzept hëllefen? A wat seet dëse Projet iwwert de Stil vun der Regierung aus?
-
Frankräich tëscht Blocage a Chaos
Déi nächst Woche wielen d’Fransousen en neit Parlament. Kann de Plang mat de Neiwale fir de President Emmanuel Macron opgoen? Wéi en Impakt kann dat Walresultat op Europa hunn? An wéi een op Lëtzebuerg?
-
Eng Friddenskonferenz ouni Fridden
An der Schwäiz gouf iwwert e méigleche Fridden an der Ukrain diskutéiert. Wat ass vun där Konferenz zréckzebehalen? Wéi ass d'Situatioun am Krichsgebitt? A wéi sinn déi nei Defense-Ziler vu Lëtzebuerg anzeuerdnen?