RTL - FLF-Magazin RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Sport
De Magazin vun der Football Federatioun mat villen News vum Championnat an der Nationaléquipe
-
FLF Magazin, 06/05/2024
Déifferdeng nach ëmmer nom sécheren Champion aus, ma de Weekend huet Rouspert ee klenge Stréch duerch d'Festivitéiten gemaach.
Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den 27. Spilldag zeréck. -
FLF Magazin, 25/03/2024
Muer den Owend spillt d'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe am Stade de Luxembourg géint Kasachstan.Et hätt sollen déi grouss Finale fir d'EM an Däitschland ginn, ma eng schwaach Leeschtung virun allem an der éischter Hallschent vun de Roude Leiwen an e puer onglecklech Arbitter Decisiounen hunn zu enger 0-2 Néierlag zu Tiflis a Georgien de leschten Donneschdeg gefouert.
Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer nach emol zeréck. -
FLF-Magazin: De Countdown leeft fir de Georgienmatch, 18/03/2024
De Countdown leeft fir d'Partie an der Halleffinal vun de Play-Offs an der Nations League géint Georgien. En Donneschdeg ass et esou wäit, dann ass een vun de wichtegsten Matcher an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. Wann d'Rout Léiwen zu Tiflis gewannen, dann ass d'FLF-Formatioun just nach ee Match vun der Europameeschterschaft am Summer an Däitschland ewech. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
-
FLF-Magazin: F91 léisst Punkten hänken, Leader FCD03 kann sech liicht ofsetzen., 04/03/2024
An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball huet den Tabellenzweeten F91 Diddeleng Punkten zu Käerjeng hänke gelooss...de Leader FC Déifferdeng 03 konnt mat engem Succès zu Munneref seng Avance als Leader ausbauen. D'Fola huet um Wupp vun der Tabell nees e Liewenszeeche vun sech ginn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
-
FLF Magazin, 26/02/2024
Am nationale Futtball Championnat hunn Déifferdeng an Diddeleng d'Avance op d'Konkurrenz ausgebaut.
Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Spëtzematch Hesper géint Nidderkuer an wéi d'Jeunesse sech aus dem Tabellekeller erausgespillt huet. -
FLF-Magazin: Déifferdeng léisst Punkten hänken, d'Jeunesse vun den Escher Derby, 19/02/2024
"En Derby spillt een net, en Derby wënnt een", déi Futtball-Wäissheet war och gëscht zu Esch nees wouer. D'Jeunesse huet sech mam knappste vun alle Resultater, 1-0, beim grousse Rival Fola duerchgesat. Den Tabellenéischten Déifferdeng huet beim Remis zu Monnerech Punkten hänke gelooss, den zweeten Diddeleng huet mat enger klorer Victoire um Racing, Terrain gutt gemaach. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert: