4 episodes

E Podcast fir jiddereen, dee méi iwwer de Sportlycée wëll gewuer ginn an den Nowuesssport an all senge Facette wëll kenne léieren.  Dofir hëlt ären Host, d’Shari Schenten, sech fir all Episod Sportler, Experten, Enseignanten an och Trainer mat un d’Säit.

Wéi gesäit d’Schoul vu muer aus? Wéi kréien d’Schüler Schoul a Sport ënnert een Hutt? Wat gëtt vun den Enseignanten am Sportlycée erwaart?

Fir d’Äntwerten op dës a weider Froen ze kréie lauschtert all zweeten Donneschdeg Sportlycée - de Podcast!

Sportlycée - de Podcast Sportlycée Luxembourg

    • Sport

E Podcast fir jiddereen, dee méi iwwer de Sportlycée wëll gewuer ginn an den Nowuesssport an all senge Facette wëll kenne léieren.  Dofir hëlt ären Host, d’Shari Schenten, sech fir all Episod Sportler, Experten, Enseignanten an och Trainer mat un d’Säit.

Wéi gesäit d’Schoul vu muer aus? Wéi kréien d’Schüler Schoul a Sport ënnert een Hutt? Wat gëtt vun den Enseignanten am Sportlycée erwaart?

Fir d’Äntwerten op dës a weider Froen ze kréie lauschtert all zweeten Donneschdeg Sportlycée - de Podcast!

    Episod 3 - En alternative Schoulmodell

    Episod 3 - En alternative Schoulmodell

    Grad am Sportlycée verpasse Schüler:Inne mol deen een oder anere Cours wéinst Sport-Competitiounen am Ausland. Eng Erausfuerderung fir déi Jonk selwer, awer och fir d’Léierkräft, esou wéi fir de klassesche Schoulmodell, deen dorop net ausgeluecht ass.

    Mussen eng alternativ Leierkultur an individuell ugepasste Schoulstrukturen hir? Wéi gëtt dat aktuell am Sportlycée gehandhaabt a wéi gesäit d'Entwécklung aus? Dat beschwätzen d'Shari an den Educatiounsexpert, a Beroder vum Sportlycée, Murat Alpoguz an dëser drëtter Episod.

    • 41 min
    Episod 2 - Servicer am Sportlycée

    Episod 2 - Servicer am Sportlycée

    An der zweeter Episod vu Sportlycée - DE PODCAST geheie mir e Bléck hannert d'Kulisse vun den ënnerschiddleche Servicer déi am Sportlycée ugebuede ginn. Wat fir Servicer ginn et a wat ass hire Rôle? Fir dës Froen ze beäntwerten hëlt d'Shari sech an dëser Episod déi Responsabel vu verschiddene Servicer un d'Säit.  D'Dani Konsbruck, d'Tammy Diderich, d'Stéphanie Viellevoye an de Frank Muller erziele vun hirem Alldag am Lycée an och hiren Challengen. Lauschtert era fir méi gewuer ze ginn.

    • 41 min
    Episod 1 - Nowuessleeschtungssport zu Lëtzebuerg

    Episod 1 - Nowuessleeschtungssport zu Lëtzebuerg

    Nowuessleeschtungssport: e schwéiert Wuert a komplext Thema, ma einfach fir vill driwwer ze diskutéieren. Genee dowéinst huet d'Shari sech fir dës Episod bekannten Nimm aus dem Fussball, dem Basket an aus dem Sportlycée selwer agelueden. Wie sinn eigentlech déi bekanntsten Nimm, déi aus dem Sportlycée kommen? Wat huet et mam Centre de Formation op sech? A wat sinn d'Vir- an Nodeeler wann een hei zu Lëtzebuerg SportlerIn wëll ginn? Doriwwer a méi schwätzt d'Shari mam Manuel Cardoni, Ken Diederich a Laura Hoffmann an dëser éischter Episod vu Sportlycée - DE PODCAST.

    • 42 min
    Trailer: Sportlycée - DE PODCAST

    Trailer: Sportlycée - DE PODCAST

    De Sportlycée mécht elo e Podcast! Wat, oder wien, Iech do all zwou Wochen erwaart, dat gitt dir an dëser éischter Episod 0 gewuer. Op wéi eng Invitéeë kënnt Dir Iech freeën, wien ass den Host, wéi eng Froe gi gestallt a wat wëlle mir domat erreechen? Lauschtert eran an d'Welt vum Sportlycée fir e Bléck hannert d'Kulisse vun der Schoul a vum Nowuesssport an all senge Facetten ze kréien.

    • 1 min

Top Podcasts In Sport

L'After Foot
RMC
Stick to Football
The Overlap
A Culpa é do Cavani
Os Cavanis
Formula For Success
Whisper
The Dunker Spot
Wondery
Sweat Elite Podcast
Sweat Elite

You Might Also Like