11 episodes

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣

Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣

Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Gréng op den Oueren Enovos | Lëtzebuerger Journal

    • Society & Culture

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣

Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣

Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    Fraen an der Welt vun der Energie

    Fraen an der Welt vun der Energie

    An dësem Episod dréit sech alles ëm d’Fraen an der Welt vun der Energie: Wéi ass et als Fra am Secteur ze schaffen? Mat wat muss ee rechnen? Wou hunn sech Aarbechtskonditioune verbessert? A wou muss nach eppes geschéien?

    Mam Laurence Zenner, CEO vu Creos, mam Laetitia De Oliveira, Project Manager am Beräich Logistic Support bei Creos, mam Lara Gensous, Project Manager am Beräich Renewable Energies bei Enovos a mam Anouk Hilger, Head of Renewables bei Enovos, bléckt de Max e bësse méi kritesch hannert d’Kulisse vun der Energie Branche.

    Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    • 37 min
    Smart Doheem

    Smart Doheem

    An dësem Episod dréit sech alles ëm Smart Homes: Wat mécht een Haus eigentlech "smart"? Wat kann ee mat der neier Technologie alles maachen? A virun allem, ass et just en "Nice-to-Have" oder kann ee mat der Smart-Home-Technologie wierklech Geld an Energie spueren?

    Doriwwer schwätzt de Max mam Laurent Saeul, Administrateur délégué vu Minusines. Mee net nëmmen dat: Hie geet och live op e Chantier! De Charel Lentz baut nämlech grad een neit Haus. Bausse mat vill Holz a bannen… eebe smart.

    Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    • 33 min
    Startups mat Fokus "Energie"

    Startups mat Fokus "Energie"

    De Label "Made in Luxembourg" bedeit net onbedéngt ëmmer Kachkéis oder Cremant, heiansdo bedeit et och "Innovatiounen". An dësem Episode bléckt de Max hannert d'Kulisse vun 3 innovative Start-Ups aus Lëtzebuerg, déi am Beräich vun der erneierbarer Energie ënnerwee sinn. Dofir begréisst en och direkt 3 Invitéen: de Grégory Nain vun Datathings, de Xavier Kohll vu Circuli-ion an de Christophe Timmermans vu SolarCleano. Digital Zwillingen, Wäschroboter vu PV-Anlagen a Batterien, deenen een zweet Liewe geschenkt gëtt: vill Spaass mat spannende Lëtzebuerger Success-Stories.

    Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    • 31 min
    Energie Myth Busters

    Energie Myth Busters

    An dësem neien Episod gëtt de Max zum MythBuster, oder wéi hien et seet : Hien erfëllt sech e klengen Dram a moderéiert X-Faktor, das Unfassbare. Also op d'mannst bal.

    Froe wéi "Gëtt et am Wanter méi séier waarm doheem, wann ech d’Heizung direkt op 5 dréinen? Verbraucht mäi Frigo méi Energie, wa méi Saachen dra sinn? A muss ech mäi Bakuewe wierklech waarm maachen ier ech lassleeën?" goufen de Leit an der Foussgängerzon an der Stad gestallt. De Max geet de bekanntste Mythen op de Grond a probéiert mat der Hëllef vum Laurent Melchior vun Enovos d'Léisungen dozou ze fannen.

    Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    • 30 min
    Stroum doheem produzéieren

    Stroum doheem produzéieren

    Energie ass iwwerall ronderëm eis. Et muss een se just afänken. No dësem Motto kucke mir an dësem Episod, wéi jidderee vun eis net nëmme selwer Stroum produzéiere kann, mee duerch Autoconsommatioun och säi Bäitrag fir eng nohalteg Zukunft leeschte kann.⁣

    De Sasan Rafii ass Co-Fondateur a Gerant vu Letz Green Renewables, déi Photovoltaik-Anlage bauen an de Leit et erméiglechen, hire Stroum sou vill wéi méiglech selwer ze notzen. Hien erkläert ënner anerem, op wat een oppasse muss, wann een eng PV-Anlag installéiere wëll, a wéi en "Smart" Doheem hëllefe kann, d'Energie ideal anzesetzen. De Laurent Melchior vun Enovos mécht d'Theorie hannert de PV-Anlage méi gräifbar a weess, wéi eng Optiounen et gëtt, fir d'Lag vum Daach ideal auszenotzen. D'Sarah Juchems vun der Klima-Agence gëtt Detailer zu de verschiddene Subventiounen, déi een bei esou engem Investissement zegutt huet.⁣

    Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    • 29 min
    Erneierbar Energie fir Lëtzebuerg

    Erneierbar Energie fir Lëtzebuerg

    Wandenergie, Solarenergie, Waasserkraaft. Et gëtt vill verschidde Manéieren, fir nohalteg Stroum ze produzéieren. Wéi eng Entwécklung huet déi gréng Energie iwwert déi lescht Joren zu Lëtzebuerg gemaach? A wéi kënne Betriber an och Privatleit hëllefen, fir d’Energietransitioun virun ze dreiwen?⁣⁣
    ⁣⁣
    D’Anouk Hilger ass bei Enovos Responsabel fir d’Departement vun den erneierbaren Energien a gëtt an Abléck an déi grouss Projeten, déi Enovos scho jorelaang ëmsetzt – vun der Ëmweltetude ganz um Ufank iwwer d’Konstruktioun bis bei d’Exploitatioun. De Schwéierpunkt läit op der Photovoltaik. Mir gi gewuer, dass Solarpanneauen och schwamme kënnen a kréien erkläert, wéi eng Roll landwirtschaftlech Flächen an Zukunft kënne spillen. Donieft kréie mir vun engem iwwerzeegte Privatnotzer Tuyauen, op wat een oppasse muss, wann ee sech doheem eng Anlag installéiert, a wat d’Virdeeler vu gréngem Stroum sinn.⁣

    Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    • 27 min

Top Podcasts In Society & Culture

Affaires sensibles
France Inter
RTL - Kloertext fir ze lauschteren
RTL Télé Lëtzebuerg
Paula Lieben Lernen
Paula Lambert
Seelenfänger
Bayerischer Rundfunk
Répliques
France Culture
Feminismus für alle. Der Lila Podcast.
hauseins

You Might Also Like