179 episodes

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

Nach méi Paus. fannt dir op:

- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np

- Facebook: https://bit.ly/3RVshab

Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar.

Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt
(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

Paus‪.‬ Jill & Yannick

    • Comedy
    • 4.6 • 21 Ratings

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

Nach méi Paus. fannt dir op:

- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np

- Facebook: https://bit.ly/3RVshab

Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar.

Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt
(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

    #128 Dee mam Europapaus

    #128 Dee mam Europapaus

    Eng Woch nom "Eurovision Songcontest" gëtt et natierlech eng kleng Analys vum Event – oder vun deem, wat mir matkritt hunn.  Thematiséiert ginn ënner anerem awer o nach Politprominenz an der Pizzaschlaang, a boy named Cornichon an eng Leidensgeschicht am Kölner Nuetsliewen. Tëscht pick me-Hypnose, engem antiken Cello am "Trifolion" a Standup-Recommandatioune gëtt et eng Alerte Rouge – net nëmme fir d'Wieder, mee och fir den Intelligenzquotient an de Facebook-Kommentarer. D'Faass ass iwwergelaf... dofir ginn et haut ganz vill Emotiounen. Et gëtt iwwer homophob Attacke geschwat an d'Mario-Barthiséierung vun der Gesellschaft gëtt aktiv-aggressiv bekämpft.

    Sinn d'Hobbits aus Idaho? Dierfe just Mamme méi fréi danze goen? Wat huet SAR Louis mam Musical "Wicked" ze dinn? A wat mécht den David Goldrake eigentlech hei?

    • 1 hr 37 min
    #127 Dee mam Loïc

    #127 Dee mam Loïc

    We put the tea in charity, well haut liwwere mir iech e Bléck hannert d'Kulisse vum "Télévie"!

    Nieft geairbrushte Gesiichter an dem nationalen "Who is who" geet et nach ëm Männerdokteren, de Blummejesus (mat Fleur de Sel) an e Liewen ouni Pool-Leeder.

    Mat dobäi sinn o nach skandinavesch Pappen a Festival-Jalousie.

    Et gi nees Froen iwwer Froen gestallt, wéi zum Beispill: Wéini sponsert d'Spuerkeess eis? Si mir de reporter.lu vun de Podcasts? A weieng RTL-Ikon verdéngt hier eege Sendung?

    • 1 hr 29 min
    #126 Dee mat der Ouschterfamill

    #126 Dee mat der Ouschterfamill

    Wéi laang ware mir eigentlëch fort? Eng vu fille Froen, déi beschwat (mee zum Groussdeel net beäntwert) ginn: Wisou si Mammen elo beige? Ween huet nach Nerve fir d'J.Lo? A lauschtere mir eis iergendwann géigesäiteg no? Mat dobäi sinn haut Blogger-OGs, Real Life Paus-Konfrontatiounen, schéi Supermarché-Stories an eng lëtzebuergesch (Grammaire-)Affaire. Et geet em e verschassene Reebou, Grillzwang, dat deierst Brout vun der Welt (Dat ass d'Staat!) an d'Buchrecommendatioun vum Joerdausend (inklusive TED-Talk). Fir d'Extraportioun Musik gëtt et Country mat Metaebene, franséischsproocheg Artiste-Verwirrung an eng Emaarmung als Lidd. Mir schécken e Stéck Taart iwwer Facebook a gruschelen iech ganz häerzlech!

    • 1 hr 25 min
    #125 Dee mat de biologesche Vollidiot*innen

    #125 Dee mat de biologesche Vollidiot*innen

    Tëscht enger gefillvoller Versioun vum "Bratmaxe"-Song, Pushnoriichten an der "Marche des femmes" huet de Podcast äres Vertrauens nees vill ze beschwätzen: 2010er Core, e neie Lëtzebuerger Superheld, Creep-Updates a villes méi! Mam Feierstëppler kämpfe mir eis duerch de nationale Skandal vum Mount, al Leit an Talkshows (BRAVO, Uschi!! Tolle Frau!) an d'"Oscars". De Viggo an d'Vicky, d'Bëtschel Caroline an de Lieblingsbob stinn och um Ordre du jour. Wéi penibel behuelen sech RTL-Leit am Theater? Wéieng Frae leien der ADR um Häerz? A wéi wäit kann d'Laun nach an de Keller goen? Diana has left the chat!

    • 1 hr 17 min
    #124 Dee mat den zerstéierten Tomorrowland-Dreem

    #124 Dee mat den zerstéierten Tomorrowland-Dreem

    Mein Gott, Leute! Et ass nees Sonnden an de Podcast eures Vertrauens schlittert mat iech queesch duerch den Themegaart: Et geet em d'glamouréist Liewen zu Bréissel a Köln, unskippable Serienintros an ënnerschaten däitsch Witzbolder. Mat dobäi sinn och de Maz mat der Pandamask, eng Lueweshymn op "Hunnegstrëpp" a grouss "Paus. and friends"-Dreem. D' (onfräiwëlleg) witzëgt J.Lo, Iwwersetzungs- a Schreiffeeler an de Strugglebus "Drag Race Belgique" gi gewinnt sachlech a professionell diskutéiert. Dir braucht nach méi Grënn, fir eranzelauschteren? D'"Alpe d'Huez", d'Skandal-Marie, d'Olivia Colman an de schéinste Film vun der leschter Zäit. Yippie!

    • 1 hr 9 min
    #123 Dee mam Veltinsdag

    #123 Dee mam Veltinsdag

    Hey oh! Halt op mat Schifueren a schwätzt mat eis iwwer Kamelott an der Ladies Night, den Zupperbowl mat engem echte Country Girl an dem Xav säi granzege Kolleeg. Mat dobäi sinn haut o nach Rugby-Kannibalen, de Merv the perv, Marvel-Dreem an d'Hüller. Apropos Hitler: Et geet o nach ëm eng verjuppte Schmis, de Michael Schumacher um Knuedler a Mobbing am Asia-Restaurant. You go, Griselda Coco!

    • 1 hr 21 min

Customer Reviews

4.6 out of 5
21 Ratings

21 Ratings

Yayavanchique ,

Gäil!

😂😂😂

Top Podcasts In Comedy

Baywatch Berlin
Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens
Äffchen mit Käffchen
Paluten, Denno & Malte
Não sou eu, és tu
Ana Garcia Martins e David Cristina
The Joe Rogan Experience
Joe Rogan
RTL - Afterwork
RTL Radio Lëtzebuerg
Sunset Club
Joko Winterscheidt, Sophie Passmann & Studio Bummens

You Might Also Like

Happy Hippo
Happy Hippo
Weird Crimes
Ines Anioli, Visa Vie & Studio Bummens
Mordlust
Paulina Krasa & Laura Wohlers
Sunset Club
Joko Winterscheidt, Sophie Passmann & Studio Bummens
Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood
Spotify & Bill und Tom Kaulitz
Die Johnsons
Ana Johnson & Tim Johnson