4 episodes

Instagram: https://www.instagram.com/picknick_podcast/
picknickpodcast.lu@gmail.com

Am Podcast Picknick. geet et em alles an neicht, an dach iergendwéi em ganz vill. Op Summer oder Wanter, ee mol am Mount luet d’Nadine, Faarwengeck an elo och Podcast Host, zum Picknick an. Dem Nadine seng Gäst*Innen, an och dir déi nolauschtere, hunn besser ee gesonden Humor matzebréngenm, well hei gëtt gearen och mol alles op d’Schëpp geholl wou grad ee Fuerz queesch setzt. D’Nadine geet der Fro op de Grond: Wat beweegt a beschäftegt eis?!

PICKNICK. De Podcast Nadine Robert

    • Comedy
    • 5.0 • 1 Rating

Instagram: https://www.instagram.com/picknick_podcast/
picknickpodcast.lu@gmail.com

Am Podcast Picknick. geet et em alles an neicht, an dach iergendwéi em ganz vill. Op Summer oder Wanter, ee mol am Mount luet d’Nadine, Faarwengeck an elo och Podcast Host, zum Picknick an. Dem Nadine seng Gäst*Innen, an och dir déi nolauschtere, hunn besser ee gesonden Humor matzebréngenm, well hei gëtt gearen och mol alles op d’Schëpp geholl wou grad ee Fuerz queesch setzt. D’Nadine geet der Fro op de Grond: Wat beweegt a beschäftegt eis?!

    #4 Keki Diététicienne - Wat stécht hannert eiser Ernährung?

    #4 Keki Diététicienne - Wat stécht hannert eiser Ernährung?

    An dëser Episode geet et ëm gesond Ernährung a wéi een se am Alldag kann abauen. Duerfir hunn ech d'Ilda Calakovic ageluede wat op Instagram ënnert dem Numm @ke.ki.dieteticienne bekannt ass. Hat schafft als Dieteticienne zu Péiteng a konnt mir bei menger Enrährung scho ganz vill hëllefen. An dëser Episode verréit hat eis wéi eis Ernährung amfong funktionéiert an och op wat een alles oppasse kann fir e méi gesonde Lifestyle ze hunn.

    Ech verspriechen iech, dass et interessant gëtt, mais virun allem och gesond! Vill Spaass beim Nolauschteren a bleift mir trei. Let's fetzzzz



    Déi heiten Episode gëtt gesponsert vun Power-Foods J-M.B vu Koler. Kuckt gre bei hinnen laanscht, si selwer mega iwwerzeegt vun den Produiten. https://www.powerfoodsjmb.com/de/

    • 37 min
    #3 Picknick mam Ceci - Alles ausprobéieren

    #3 Picknick mam Ceci - Alles ausprobéieren

    An dëser Episode hat ech ee Picknick mat der D'Podcastqueen Ceci (Cecilia Said Vieira). Dat ganzt Gespréich huet sech sou ugefillt als hätt ech mat menger Enkelin geschwat. Richteg angeneem dir wäert et selwer héieren. 🥰

    Nierwend sengen 2 Podcasten Ceci, Do You Love me an Kulturpur schafft hat als Freelancerin. Hat erzielt eis, dass et net sou einfach ass, mais trotzdeem ass et déi richteg Entscheedung fir hat. Hat huet och een neit Hobby entdeckt an zwar Teppecher! Wéi leeft dat of an wéi fänkt een esou een aussergewéinlecht Hobby un? 

    Eppes wat mir och thematiséieren ass seng asbl an der hat schafft: GoldenMe! Si hëllefen eeler Leit bei der Digitaliséierung nozekommen. Dann muss ech selwer och eng Kéier bei si laanscht! 😅🫶



    An... mir hunn och nach een Iwwerraschungsgaascht zum Schluss vun der Episode 👀🌻

    • 31 min
    #2 Picknick mam Maxime - Liewe fir ze schaffen oder schaffen fir ze liewen?

    #2 Picknick mam Maxime - Liewe fir ze schaffen oder schaffen fir ze liewen?

    Liewe fir ze schaffen oder schaffe fir ze liewen? Sech des Fro ze stellen ass ee Privileeg, dee mir grad zu Lëtzebuerg - bei weitem net all - an awer, mei wei soss iergendwou hu bzw. kéinten hunn. An awer gëtt sech des Fro am Alldag schnell vergiess!

    D’Nadine well wëssen, wat ass dann eng Work-Life Balance? An ween huet de Luxus sech des Fro iwwerhaapt kennen ze stellen? Fir dësen Picknick huet d’Nadine d’Maxime, Sozial Aarbechterin, ageluede fir e bëssen ze braddelen… Hei geet et em aner Liewensrealitéiten a wat et heescht säin Liewen ze Liewen ze kennen ouni dobäi d’Schlappen ze verléieren.

    Freizeit? Frei Zeit? Oder dem nächste Plang hannendrun lafen? Kënnen mir eis Freizeit zu Lëtzebuerg iwwerhaapt leeschten? Froen iwwer Froen… Wat ass ear Meenung dozou?

    • 38 min
    #1 Picknick mam Yaya - Queer duerch de Gaart

    #1 Picknick mam Yaya - Queer duerch de Gaart

    An der éischter Folleg geet et mam Yaya queer duerch de Gaart! 

    Hei geet et vun der Long op d'Zong oder besser gesot vum Hearz op d'Zong... Déi zwee gi Lëtzebuerg e puer Denkustouss mat op de Wee wat et bedeit "liewen a liewe loossen" a firwat ee wësse muss wéini ee viru senger eegener Dier ze kieren huet. Firwat wärend dem Musekspräis Leit gemengt hu mam Fanger op de Yaya mussen ze weisen oder firwat d'Nadine och mol gearen mat engem Chrëschtbämchen verwiesselt gëtt a wei déi zwee domadder ëmginn, dat gitt dir hei gewuer. 

    Mat Ufank 30 oder Een 60 huet een aner Liewensrealitéite. Mee Alter hin oder hier, op online oder op der Strooss, Mental Gesondheet geet jiddereen eppes un an do soll et egal ginn op ee grad Loscht hat an d'Faarfdëppchen ze falen oder mat Glitzer duerch d'lëtzebuerger Gaassen ze  slayen.

    Firwat een och a faarwege Kleeder och introvertéiert ka sinn, net ëmmer de Clown op Knappdrock kënne spillen a firwat et och mol ganz flott ass een Date mat sech selwer ze hunn. 

    Voilà! Bevir mir eis lo hei scho verbraddelen...  Dat an déi kleng knaschteg Detailer gitt dir an dëser 1. Folleg vu Picknick gewue!

    • 44 min

Customer Reviews

5.0 out of 5
1 Rating

1 Rating

Top Podcasts In Comedy

Baywatch Berlin
Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens
Não sou eu, és tu
Ana Garcia Martins e David Cristina
Conan O’Brien Needs A Friend
Team Coco & Earwolf
Die Nervigen
Julia Beautx & Joey's Jungle
Call Her Daddy
Alex Cooper
Pela Fresca - Rádio Latina
Rúben Vieira Gomes