19 episodes

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.
All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Poterkëscht vum INLL Poterkëscht

    • Education
    • 5.0 • 11 Ratings

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.
All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

    Aussprooch: De Buschtaf ,,r’’

    Aussprooch: De Buschtaf ,,r’’

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir trainéieren zesummen d’Aussprooch vum Buschtaf ,,r’’.

    - - -

    Transkript:

    Mir prononcéieren de [x] an de [ʀ] allen zwee op der selwechter Plaz, uewen, hannen am Mond.
    Sot eng Kéier „Buch“.

    An elo [x].

    Do wou dir de  [x] produzéiert, produzéiert dir och de [ʀ].

    [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] : Sot eng Kéier [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ]

    An elo: [ʀ] [ʀ] [ʀ]
    Elo héiere mir Beispiller an dir widderhuelt:-rout, rosa, richteg, roueg, Rous, ronn, reesen, Rees, ruffen, Reen.-Arabesch, brong, Brout, Crème, dräi, drësseg, eraus, eran, erof, erop, froen, Fro, frou, grouss, Grad.
    -Iran, Irland, krank, Orange, Organ, prett, Problem.-Sri-Lanka, Tram, Trick, urban, uruffen, vreck, vrun, Wrack, zréck.



    -De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

    Ech widderhuelen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

    Schwätzt mat mir zesummen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.
    -Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    Ech widderhuelen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    Schwätzt mat mir zesummen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.



    -Dann nach eng Zuel: dräidausendräihonnertdräiandrësseg. Dräidausenddräihonnertdräiandrësseg.
    Schwätzt mat mir zesummen: dräidausenddräihonnertdräiandrësseg.

    • 5 min
    De Stot maachen

    De Stot maachen

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer d’Aktivitéiten am Stot.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    - - -

    Transkript:

    Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Haut hu mir rëm en interessant Theema fir iech: de Stot ! Ech begréissen d’Lisa an de Max am Studio. Si wäerten iech elo iwwer hir Erfarungen am Stot erzielen. Kënnt dir iech kuerz virstellen?

    Lisa: Moien, ech sinn d’Lisa an ech schaffen als Graphikdesignerin. Ech wunnen eleng an engem Studio a këmmere mech och eleng ëm de Stot.

    Max: Salut, ech sinn de Max. Ech si Student a wunnen de Moment an enger WG mat dräi anere Studenten. Mir deelen eis d’Aufgaben am Stot.

    Moderatorin: Dat kléngt spannend! Lisa, wëlls du eis e bëssen erzielen, wéi en typeschen Dag bei dir am Stot ausgesäit ?

    Lisa: Kloer ! Moies maachen ech fir d’éischt mäi Bett. Dann drénken ech Kaffi a raumen duerno alles an d’Spullmaschinn. Da fueren ech schaffen. No der Aarbecht kachen ech a botzen duerno d’Kichen. Ech loossen d’Spullmaschinn all zwee Deeg lafen, de Weekends heiansdo méi oft. Ech si wierklech frou, eng Spullmaschinn ze hunn, well ech kachen a bake gär an oft!

    Moderatorin: Jo, eng Spullmaschinn ass wierklech praktesch. Max, wéi ass et bei dir an der WG?

    Max: Mir hu leider keng Spullmaschinn, mee mir si jo zu puer, fir d’Spull ze maachen. Generell gëtt et bei eis e Plang fir d’Aufgaben am Stot. Jidderee vun eis huet all Woch eng aner Aufgab. Dës Woch ass et zum Beispill u mir, fir d’Dreckskëscht eidel ze maachen a mech ëm de Recycling ze këmmeren. Déi aner dräi Rolle sinn d’Kommissioun maache goen, d’Kiche propper halen an d’Buedzëmmer an d’separat Toilette botzen.

    Moderatorin: Dat heescht, jidderee botzt seng eege Kummer?

    Max: Jo! Strecken, wäschen a kache maache mir och separat, mee een Owend pro Woch kache mir all zesummen eppes a lueden och Frënn an.

    Moderatorin: Cool! Dat kléngt no enger gudder Organisatioun. Lisa, wat ass da fir dech déi gréisst Erausfuerderung am Stot?

    Lisa: Hmm, et ass heiansdo schwiereg, alles eleng ze maachen. Besonnesch wann ech vill Aarbecht hunn, bleift wéineg Zäit fir de Stot iwwreg. Mee meng Wunneng ass jo net grouss. Wat nervt, ass datt ech keng Wäschmaschinn hunn. Ech muss eemol d’Woch mat all menge Saachen an eng Wäscherei goen. Do stinn néng Wäschmaschinnen an et kascht siwen Euro pro Wäsch. Dat nervt.

    Moderatorin: Jo, dat ass ëmständlech. Max, nach eng lescht Fro un dech: Kënnt et och vir, datt et Konflikter bei iech an der WG ginn, wann et ëm de Stot geet ?

    Max: Jo, natierlech. Mee mir hunn eng WhatsApp-Grupp, an där mir iwwer all Problemer schwätze kënnen. Heiansdo muss een effektiv emol e Matbewunner un de Roulement erënneren, virun allem, wann et ëm d’Botze geet ! (laacht)

    Moderatorin: Merci Lisa a Max, datt dir iech Zäit geholl huet, mat eis iwwer är Erfarungen am Stot ze schwätzen.

    Max a Lisa: Gär geschitt!

    • 3 min
    Den Aarbechtsalldag

    Den Aarbechtsalldag

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hiren Dagesoflaf op der Aarbecht erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Dem Emma säin Dag

    D’Emma erwächt moies géint siwen Auer. Hatt steet op, deet sech un an drénkt Kaffi. Normalerweis drénkt hatt eng Taass Téi an ësst e Jughurt mat Uebst a Müsli. Dobäi scrollt hatt meeschtens um Handy a liest d’Neiegkeeten. 

    Duerno geet hatt zu Fouss op den Tram a fiert op d’Aarbecht. Hatt brauch ongeféier zwanzeg Minutten. Säi Büro ass um Kierchbierg. Hatt schafft bis mëttes, mee hatt mécht all Dag géint zéng Auer eng Kaffispaus. An der Mëttesstonn geet hatt meeschtens mat Aarbechtskolleegen an d’Kantin iessen. Nomëttes huet hat oft Reunioune mat Clienten oder hatt schafft u Rapporten.  

    No der Aarbecht geet hatt entweeder an de Lëtzebuergeschcours oder hatt trëfft sech mat Frënn. Zesumme gi si oft an d’Stad eppes drénken oder an de Park spadséieren, wann d’Wieder gutt ass. Eemol d’Woch geet hatt mat enger Frëndin an e Yogacours. 

    Hatt ass meeschtens géint siwen Auer erëm doheem a preparéiert dann d’Owesiessen. Heiansdo bestellt hatt sech och eppes, zum Beispill Sushi oder eng Pizza. Hatt läit owes gär nach e bëssen um Kannapee fir z’entspanen a kuckt eng Serie op der Tëlee oder telefonéiert mat senger Famill.  

    Géint zéng Auer geet hatt an d’Buedzëmmer. Hatt hëlt nach schnell eng Dusch a botzt seng Zänn, deet de Pyjama un a geet spéitstens um eelef Auer schlofen. 



    Dialog: den Aarbechtsalldag

    Anna: Hey... Wat ass lass? Geet et dir gutt?

    Tom: Jo. Mee muer ass Méindeg an ech muss erëm schaffe goen.

    Anna: Erziel mir emol vun denger Aarbecht. Wéi ass de Programm vun dengem Dag?

    Tom: Muer de Moie rabbelt mäi Wecker um 6:30 Auer. Dann drénken ech eng Taass Kaffi an iessen zwou Schmieren.

    Um 7:20 Auer huelen ech de Bus an um 7:50 Auer sinn ech um Büro. Als éischt maachen ech mäi Computer un an da liesen a beäntweren ech meng E-Mailen.

    Vun 9:00 bis 10:00 Auer telefonéieren ech mat Clienten. Duerno maachen ech ëmmer eng kleng Paus an drénken eng Taass Kaffi virun der Dier. Ech si gär 10 Minutten dobaussen an der frëscher Loft.

    Anna: A wat méchs du no der Paus?

    Tom: Da ginn ech bei mäi Chef an de Büro e puer Dossiere sichen. Dann hunn ech genuch Aarbecht bis 12:00 Auer. An der Mëttesstonn ginn ech meeschtens mat e puer Aarbechtskolleegen iessen. Méindes iesse mir normalerweis an der Kantin.

    Um 13:00 Auer hunn ech dann eng Reunioun mat mengem Chef a mir schwätzen iwwert d'Dossiere vu moies. D'Reunioun dauert ongeféier eng Stonn. Duerno schreiwen ech ëmmer direkt e klenge Rapport. Wann ech mam Rapport fäerdeg

    sinn, schécken ech e mengem Assistent. Dee mécht da Kopië vum Rapport a klasséiert alles. An där Zäit ruffen ech nach e puer Clienten un an ech huele mir Notten, fir d'Reunioun en Dënschdeg ze preparéieren.

    Anna: Du hues wierklech vill Aarbecht.

    Tom: Jo. An ech sëtze vill. Dat hunn ech net gär.

    Anna: Wëlls du da muer no der Aarbecht lafe goen?

    Tom: Mat dir?

    Anna: Majo.

    Tom: Dat ass eng gutt Iddi! An duerno gi mer eppes Guddes iessen an e Patt drénken.

    Anna: Solle mir nom Iessen nach an de Kino goen?

    Tom: Ganz gär. Merci Anna! Elo sinn ech motivéiert fir muer schaffen ze goen.

    Anna: Dat ass gutt! Da sinn ech frou!

    • 4 min
    Hobbyen: Lafen a Schwammen

    Hobbyen: Lafen a Schwammen

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hir Hobbyen erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Lafen

    Mäin Hobby ass lafen. Ech hunn et immens gär, dobaussen an der frëscher Loft ze trainéieren. Dräimol d’Woch doen ech moies meng Lafschong un a ginn eng hallef bis eng Stonn an de Park oder an de Bësch lafen.  

    Ech lafen net immens séier, mee dat ass net schlëmm. Esou kann ech ofschalten an e bëssen Zäit fir mech hunn. Beim Lafe kann ech gutt nodenken an nei Energie tanken. Natierlech hëlleft och déi richteg Musek! 

    Heiansdo maachen ech och en Tour zesumme mat Frënn. Dat ass flott, well mir eis géigesäiteg motivéieren. E puer vu menge Kolleege sinn awer vill méi schnell wéi ech, mee dat ass kee Problem. Jiddweree leeft a sengem Tempo. 

    Mäin Zil ass et, reegelméisseg ze lafe fir fit a gesond ze bleiwen. Mee ech wëll och meng Ausdauer verbesseren. De Moment lafen ech ongeféier fënnef bis aacht Kilometer, mee ech géif gär zéng Kilometer um Stéck packen. Dofir trainéieren ech de Moment mat engem Trainingsplang an hoffen, esou meng Distanzen ze verbesseren. 

    En anert grousst Zil ass et, eng Kéier bei engem Hallefmarathon matzemaachen. Zu Lëtzebuerg ass all Summer e grousse Marathon an ech wier immens houfereg, do eng Kéier dobäi ze sinn. Jo, et ass eng grouss Erausfuerderung, mee ech gleewen drun, datt ech dat packen. Vläicht sinn ech jo esouguer schonn d’nächst Joer prett!  

    Schwammen

    Moien! Ech sinn d'Alma an ech hunn eng chronesch Krankheet. 

    Duerfir ginn ech eemol d'Woch, vu 17.00 bis 19.00 mat enger Lëtzebuerger Associatioun an d'Piscine. 

    Um 16.30 fueren ech doheem fort a kommen um 16.50 un. 

    Ech ginn an de Vestiaire, ech doe meng Kleeder aus an ech doe mäi Maillot a meng Schwammkap un. Duerno ginn ech an d'Dusch. 

    Vu 17.00 bis 18.00 maache mir Aquagymnastik. Mir trëppelen duerch d'Waasser, mir lafen, mir sprangen, mir spille mam Ball, a sou weider... 

    Géint 18.00 kréie mir nach d'Geleeënheet, eng hallef Stonn ze schwammen oder am waarme Waasser z'entspanen. 

    Ech schwammen immens gär! Ech schwamme Brasse, Kraul, um Réck an esouguer e bësse Papillon. Duerno sinn ech immens midd, awer och glécklech, well ech weess, datt ech eppes Guddes fir mäi Kierper gemaach hunn. 

    Um 18.30 musse mir aus der Piscine eraus. 

    Ech dusche mech, ech dréchne mech of, ech di mech un an ech föne meng Hoer. 

    Géint 19.00 fueren ech erëm heem. 

    Ech sinn immens dankbar, datt ech dat eemol d'Woch maache kann! 

    • 3 min
    E Rendez-vous ausmaachen

    E Rendez-vous ausmaachen

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous ausmaachen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Fra: O nee... D'nächst Woch en Donneschdeg, hu mir den Oralexamen am Lëtzebuergeschen.

    Mann: Jo. Ech si schonn e bëssen nervös.

    Fra: Solle mir zwee zesumme léieren?

    Mann: Dat ass eng gutt Iddi. Da kënne mir eis gutt preparéieren.

    Fra: Hues du e Méindeg den Owend Zäit?

    Mann: E Méindeg? Um wéi vill Auer?

    Fra: Géint 19:30 Auer.

    Mann: Dat geet leider net. Meng Fra huet dann e Yogacours. Ech muss dann doheem sinn, fir d'Kanner an d'Bett ze leeën.

    Fra: Hues du en Dënschdeg no der Aarbecht Zäit?

    Mann: Jo. Dat geet. Ech fänken da moies um 7:00 Auer mat schaffen un. Da kann ech schonn um 16:00 Auer mat schaffen ophalen.

    Fra: Perfekt. Wou treffe mir eis?

    Mann: Solle mir an „d'Märeler-Stuff“ goen? Dat ass en neie flotte Café am Park, zu Märel.

    Fra: Et ass bestëmmt flott do. Mee, ech mengen et ass net roueg am Café.

    Mann: Dat ass richteg. Solle mir an d'Mediathéik vum INLL goen?

    Fra: Jo, firwat net? Se ass bis 19:00 Auer op. 

    Mann: Tipptopp. Treffe mir eis direkt um 16:15 Auer an der Mediathéik?

    Fra: Schaffs du net um Boulevard Royal?

    Mann: Dach.

    Fra: Ech och. Da komm mir huelen den Tram zesummen, um 16:05 Auer. 

    Mann: Ganz gär.

    Fra: Super. Bis en Dënschdeg dann! A vergiess däi Buch net!Mann: Ech probéieren. Allez... Äddi! Bis en Dënschdeg.

    • 2 min
    E Rezept: Kniddelen

    E Rezept: Kniddelen

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir eng speziell Episod fir iech. Mir héieren en traditionellt lëtzebuergescht Rezept: Kniddelen!

    Vill Spaass beim Nolauschteren (a beim Kachen)!

    ---

    Transkript:

    Yuuka: O nee... Eise Frigo ass jo nach ëmmer eidel! Ben, du wollts dach haut akafe goen.

    Ben: Ech gi muer de Moien an de Supermarché. Ech hat haut ze vill Aarbecht an ech hat guer keng Zäit.

    Yuuka: Wat iesse mir dann elo?

    Ben: Da waart emol... Ech kucken. A... Ech hunn eng Iddi. Mir maache Kniddelen.

    Yuuka: Kniddelen? Wat ass dat dann?

    Ben: Du kachs mir oft japanesch Spezialitéiten. Haut preparéieren ech dir emol en typesch lëtzebuergesche Plat.

    Yuuka: Ganz gär. Wéi ass dann d'Rezept?

    Ben: Dat hei ass d'Rezept vu menger Mamm. Mir brauchen: 350 Gramm Miel, 200 Milliliter Mëllech, 3 Eeër an e bësse                            Salz.

    Yuuka: Okay. An elo?

    Ben: Ech stelle mol en Dëppe Waasser op d'Kachplack an da brénge mir d'Waasser zum Kachen. An där Zäit, kënne mir scho mam Deeg ufänken. Ech huelen eng Schossel                        maachen d'Miel, d'Eeër, d'Mëllech an d'Salz dran an da mixen ech alles.

    Yuuka: Den Deeg gesäit jo elo scho gutt aus an d'Waasser kacht.

    Ben: Jo. Elo huele mir zwee kleng Läffelen a mir formen kleng Bullen aus dem Deeg. Da maache mir d'Bullen Deeg an d'Waasser. Dat maache mir soulaang bis keen Deeg méi am Dëppen ass.

    Yuuka: Wéi mierke mir wann d'Kniddele prett sinn?

    Ben: Wann d'Kniddelen uewe schwammen, si se fäerdeg. Dat dauert tëschent 8 an 10 Minutten. Duerno leeë mir se op en Teller a mir loosse se kal ginn. Wa se da kal sinn,       brode mir se an der Pan bis se ganz e bësse brong sinn.

    Yuuka: Ass dat alles?

    Ben: Elo kann een nach Speck an der Pan broden an e bësse Ram dobäi maachen. Et kann een och Kéis drop maachen. Dat hunn ech gär.

    Yuuka: Mir hunn awer kee Speck, keng Ram an och kee Kéis.

    Ben: Dat ass net schlëmm. Mir iesse se einfach mat Äppelkompott.

    Yuuka: An dat ass gutt?

    Ben: Hei... Schmaach emol.

    Yuuka: O jo. Dat ass gutt! Merci!

    • 2 min

Customer Reviews

5.0 out of 5
11 Ratings

11 Ratings

Top Podcasts In Education

Luxembourgish with Anne PODCAST
Luxembourgish with Anne
Coffee Break French
Coffee Break Languages
Easy Luxembourgish
Anne Beffort
Pourquoi pas moi - Le développement personnel sans filtre
Charlotte Desrosiers
Little Talk in Slow French: Learn French through conversations
Nagisa Morimoto
Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français
Hélène & Judith

You Might Also Like

Firwaaat? - De Kannerpodcast
RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Sproochmates
RTL Radio Lëtzebuerg
Easy Luxembourgish
Anne Beffort
Luxembourgish with Anne PODCAST
Luxembourgish with Anne
Géopolitique
France Inter
Global News Podcast
BBC World Service