
100 episodes

RTL - Sproochmates RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Education
-
-
5.0 • 2 Ratings
-
Den Alain Atten hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch op de Leescht
-
Sproochmates: De Karschnatz, 07/08/2022 14:15
Mir sinn am 8. Mount ukomm, dem August. Dee kann een awer och de Karschnatz nennen. Firwat, dat weess eise Sproochmates Alain Atten.
-
Sproochmates: Jakobsdag, 31/07/2022 14:15
De 25. Juli war de Jakobsdag. Firwat mir dee feiere a wat een iwwert dësen Dag sollt wëssen, da weess nach natierlech eise Sproochmates Alain Atten.
-
-
Sproochmates: Déi ass mer ze kromm, sot de Fuuss, 13/07/2022 19:30
Op der Sich no Erklärunge vum Sproch vun haut, begéine mir e Fuuss, eng Kaz e Bierebam an eng Wurscht. Ma et ass net grad evident fir d'Hierkonft vun dësem Sproch "Déi ass mer ze kromm, sot de Fuss" ze deiten. De Sproochmates probéiert et op alle Fall mol.
-
Sproochmates: Eng Schminni, 11/07/2022 19:30
Et gesäit ganz duerno aus wéi wa mir dës Kéier mam Alain Atten Schaarschtecher botze ginn. Kamäin kann een och fir de Schaarschtech soen, grad ewéi Schminni, an ëm déi geet et elo beim Sproochmates.
-
Sproochmates: Den hellegen Theobald, 08/07/2022 19:30
Den Hellegen iwwert deen de Sproochmates haut schwätzt ass net de Patréiner deem säin Namensdag haut gefeiert gëtt. Nach steet säin Numm och mol an de Kalenneren, mä ëmmer manner dacks. Et geet ëm den hellegen Theobald.