RTL - COSL Magasinn RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Sport
De Magasinn vum Lëtzebuerger Comité Olympique Sportif.
-
Team Lëtzebuerg Magasinn, 25/04/2024
Sou lues awer sécher ass et esou wäit. An bëssen manner wéi 100 Deeg stinn déi Olympesch Summerspiller zu Paräis virun der Dier. Am Team Lëtzebuerg vun dëser Woch huet de Sam Rickal mam Directeur Technique vum COSL, dem Raymond Conzemius, schonn no fir gekuckt.
-
Team Lëtzebuerg Magasinn, 28/03/2024
De leschte Samschdeg war zu Nidderaanwen, den uerdentleche Kongress vum Lëtzebuerger Olympesche Comité. Am Team Lëtzebuerg kuckt de Rich Simon op de Kongress zeréck, bei deem den COSL President André Hoffmann e puer interessant Aussoe gemaach huet.
-
Team Lëtzebuerg Magasinn, 22/02/2024
A genee 155 Deeg, fänken déi Olympesch Spiller zu Paräis un. Am Team Lëtzebuerg Magasinn, vum Comité Olympique ass dat haut een Thema. Do dernieft kuckt de Rich Simon awer och nach op d'Kaderrevisioun zeréck , déi viru kuerzem war.
-
COSL Magasinn, 25/01/2024
1 Mol de Mount, ass op dëser Plaz de Rendezvous vum Team Lëtzebuerg Magasinn. 4 Leit déi am Elite Kader vum COSL sinn, hunn e Sonndeg beim groussen Liichtathletik Meeting an der Coque grouss opgetrompt. Dat ass een Thema haut am Magasinn, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt, een anert ass d'Kaderrevisioun....
-
Team Lëtzebuerg Magasinn, 28/12/2023
1 Mol de Mount ass op dëser Plaz de Rendezvous vum Team Lëtzebuerg. Et war ee ganz chargéiert Joer fir déi Lëtzebuerger Sportler, wou eng Partie vu sougenannte "Multi Sports" Evenementer um Programm stoungen. Kuerz virum Enn vum Joer, kuckt de Rich Simon op déi leschten 12 Méint zeréck....
-
Team Lëtzebuerg Magasinn, 23/11/2023
De leschte Weekend hat de Comité Olympique déi Sportler op ee sougenannten "camp" invitéiert, déi a Fro komme fir sech nach fir d'Olympesch Spiller zu Paräis ze qualifizéieren. Do dernieft goufen awer och nach olympesch Kontrakter ënnerschriwwen.