Den Hallwer Néng radio 100,7
-
- Nieuws
Bei allem, wat een esou mécht, stellt ee sech Froen. Ob um Kaffisdësch, am Auto oder op der Schaff - um hallwer 9 gi mir op d’Sich no Äntwerten. Mat Invitéen, déi aus eegener Erfarung schwätzen.
-
Long-Covid: all Mount kommen zeg Patiente bäi
An der Rehaklinik vum CHNP ginn all Dag déi Persoune betreit, déi an der Suite vun enger Covid-Infektioun mat deelweis staarken Aschränkungen ze liewe léieren. Eng nei App soll hinnen dobäi hëllefen. D'Christiane Kleer schwätzt mam Dr Charel Benoy (CHNP) an der Aurélie Fischer (Luxembourg Institute of Health) iwwer d'Potenzial vun der App an déi generell Perspektive fir Long-Covid-Patienten.
-
Firwat geet d’Zuel vu Kanner mat spezifesche Besoinen an d’Luucht?
An de Schoule kréien ëmmer méi Kanner eng speziell Betreiung, well si Schwieregkeeten am Unterrecht hunn. Firwat ass dat esou? A wéi funktionéiert déi speziell Betreiung? Mam Carole Maisch, Directrice adjointe an der Regionaldirektioun vun der école fondamentale vu Miersch a Sandy Mart vum ESEB am Clierfer Lycée.
-
Wat bréngen eenheemesch Planzen der Natur?
De Gemengesyndikat Sicona encouragéiert Baueren a Privatleit elo am Fréijoer eenheemesch Wëllplanzen ze séien. Mee firwat soll een dat maachen? Mam Simone Schneider a Patrick Espen vun der Sicona.
-
Firwat goufen et an der Lescht esou vill Temperaturrekorder?
Un Temperaturrekorder huet een sech an Zäite vum Klimawandel gewinnt. Mee an de leschte Méint waren se nach méi heefeg, wéi virdrun. Mir kucke wourun dat läit.
-
Wéi fillt et sech un, näischt méi ze gesinn?
De Maurice Molitor mécht d’Experienz an engem Erliefnismobil, an ënnerhält sech mam Direkter vum Kompetenzzenter fir Leit mat enger Séibeanträchtegung (CDV) Frank Groben a mat der Presidentin vun der Stëftung CBM Lëtzebuerg Diane Wolter.
-
Nuetsmarathon 2024
D’Däischtert, d’Kuliss an d’d’Stëmmung maachen de Marathon duerch d’Stad zu engem eemolegen Erliefnis, seet den Organisateur Erich François am Interview mam Maurice Molitor, e puer Stonne virum Depart vun der 17. Editioun.