Panorama radio 100,7
-
- Nieuws
National an international Noriichten
-
Mëttespanorama
1. Den Iran ass am Schock, nodeems bei engem Helikoptercrash gëschter souwuel de President wéi den Ausseminister ëm d‘Liewe koumen
2. Zu Wincheringen an Däitschland gouf e Bankomat gesprengt, d‘Täter sinn op der Flucht. Et ass den Opruff keng friem Persoune matzehuelen
3. An der EU trëtt haut eng nei Direktiv fir Offall-Exporter ausserhalb vun de Memberlänner a Kraaft
4. Och eng Woch nom Ufank vun den Onrouen an Neikaledonie bleift d‘Situatioun am franséischen Iwwerséigebitt ganz ugespaant -
Mëttespanorama
1. Den DP-Spëtzekandidat fir d‘Europawale Charles Goerens hätt - anescht wéi seng Partei et gemaach huet - eng rezent Motioun vun der ADR net matgedroen
2. D‘Héichwaasserlag ass iwwerall an der Groussregioun amgaange sech ze entspanen
3. An Israel ginn déi kritesch Stëmme géint de Premier Benjamin Netanjahu ëmmer méi haart, och aus der Regierung selwer
4. Nom Attentat op seng Persoun ass de slowakesche Premier Robert Fico ausser Liewensgefor
5. An Argentinie fält d‘Inflatioun, mee d‘Aarmut gëtt ëmmer méi héich -
Moiespanorama
1. All d'Héichwaasserwarnunge fir Lëtzebuerg goufen opgehuewen, och an den Nopeschlänner berouegt d'Situatioun sech no an no
2. Am Zentrum vun der Gazasträif goufen 20 Doudesaffer no enger Attack op e Flüchtlingscamp gemellt
3. A Frankräich ass d'Aféierung vun der Stierfhëllef an der Diskussioun, eng zentral Reform vum President Emmanuel Macron senger zweeter Amtszäit -
Owespanorama
1. Wéinst der Héichwaasserlag ass d‘Cellule d‘évaluation de Moien eng sechste Kéier zesummekomm. D‘Waasserwirtschaftsamt bleift weiderhin a Bereetschaft
2. Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz ass haut an d‘Saarland gereest fir sech ee Bild vun de schwéieren Iwwerschwemmungen ze maachen an den Awunner Solidaritéit auszeschwätzen
3. A Frankräich gouf gëschter an enger Spezialkommissioun d‘Aféiere vun enger Stierfhëllef vun der Assemblée Nationale examinéiert a gestëmmt
4. Slowakei: Täter, deen op de Robert Fico geschoss huet, kënnt an Untersuchungshaft -
Mëttespanorama
1. D'Héichwaasserlag am Grand-Duché ass amgaang sech ze entspanen
2. Am Weste vun Däitschland sinn d'Rettungsdéngschter weiderhin am Groussasaz wéinst Iwwerschwemmungen
3. De Bundeskanzler Olaf Scholz ass an der Mëttegstonn am Saarland, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen -
Moiespanorama
1. Vill Peegele gi lues a lues nees zeréck, et gëllt just nach en nidderegen Héichwaasserrisiko
2. En neien Institut wëllt en Abléck an d’Situatioun vun der queerer Communautéit hei am Land ginn
3. Déi russesch Offensiv ronderëm Charkiw geet weider, den ukrainesche President huet seng Landsleit iwwerdeems dozou opgeruff Stroum ze spueren, wéinst engem staark beschiedegten Energienetz