27 episodes

Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.

RTL - BicherLies RTL Radio Lëtzebuerg

    • Arts

Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.

    27. Weltbibliothéik: Ganz no bei eis: Literatur aus Holland a Flandern, 29/04/2024

    27. Weltbibliothéik: Ganz no bei eis: Literatur aus Holland a Flandern, 29/04/2024

    An hirer Weltbibliothéik waren de Jérôme an d'Bea schon a Mëttelamerika, a Kanada oder am Myanmar. Haut geet d'Rees awer net ganz esou wäit!



    Ënnert dem Motto „Alles außer flach“ waren Holland a Flandern dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse. Grond genuch fir eis zwee BicherLieser sech mat der Literatur aus Benelux auserneenzesetzen! A si waren hellop begeeschtert. Net nëmme Klassiker wéi de Cees Noteboom oder de Jeroen Brouwers hunn et hinnen ugedoen, mä och zäitgenëssesch Auteuren wéi de Gerbrand Bakker, d'Lize Spit oder d'Gaea Schoeters.

    An: de Gijs Wilbrink dee mat sengem Débutroman "Tiere" direkt den Duerchbroch gepackt huet an deen dem Jérôme an dem Bea en Interview ginn huet. Hie verréit ënner anerem wat et mat der misteriéiser Regioun "Achterhoek" op sech huet a firwat de Vincent Van Gogh fir hien esou eppes wéi eng Punk-Ikon ass.





    Iwwer dës Bicher gëtt geschwat:



    "Tiere" Gijs Wilbrink (Ullstein)

    "Der Sohn des Friseurs" Gerbrand Bakker

    "Kontur eines Lebens" Jaap Robben

    "Der ehrliche Finder" Lize Spit

    "Trophäe" Gaea Schoeters

    "Angerichtet" (Het Diner) Herman Koch

    "Was man sät" Marieke Lucas Rijneveld

    „Alles außer flach“ (divers) Essays über aktuelle Literatur aus den Niederlanden und Flandern

    • 29 min
    26. Am Kräizverhéier: d'Schrëftstellerin Fabienne Faust, 18/02/2024

    26. Am Kräizverhéier: d'Schrëftstellerin Fabienne Faust, 18/02/2024

    De Jérôme an d'Bea ënnerhalen sech mat hir iwwer hirt neit Buch "Die Häuser von drüben",e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch.



    D'Fabienne Faust huet sech bis elo éischter en Numm als Lyrikerin gemaach, an dat a verschiddene Sproochen. Mat "Tu veux danser" (éditions Phi 2014) oder "Hier - ein Fehlen" (éditions Phi 2020) huet si sech an der Poesie-Zeen zu Lëtzebuerg etabléiert. Weider ervirzesträichen ass zum Beispill nach hir Mataarbecht um Sammelband "High Five" (Black Fountain Press 2019) zu dem si Gedichter op Englesch bäigesteiert huet. Mat hirem neitste Buch "Die Häuser von drüben" geet si op en neie Wee, et ass e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch. Am Interview mam Jérôme Jaminet a mam Bea Kneip erzielt si, wat si dozou inspiréiert huet, a firwat de Bléck aus der Fënster an op "Die Häuser von drüben" fir si esou wichteg ass.

    "Die Häuser von drüben" vun der Fabienne Faust ass bei den éditions Phi erauskomm

    D'Kuerzgeschicht "Summer Flakes" vun der Fabienne Faust ass am Recueil "Solarpunk" enthalen, erauskomm bei "Aner Welten"

    • 26 min
    25. Weltbibliothéik: Literatur aus Slowenien, 14/12/2023

    25. Weltbibliothéik: Literatur aus Slowenien, 14/12/2023

    2023 war Slowenien Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse. De Jérôme an d'Bea hu sech an déi slowenesch Literatur eragelies



    "A Honeycomb of Words" oder "Waben der Worte" dat war de Motto vun der slowenescher Präsenz zu Frankfurt. An hirer Präsentatioun erklären d'Organisateuren dat esou:"So wie de Bienen - angesichts ihrer Größe- unermesslich weit in die Welt hinausfliegen, um mit einem Tropfen Nektar und einem Pollenkorn heimzukehren, so kamen auch verschiedene kulturelle, künstlerische und intellektuelle Einflüsse in die slowenische Sprache und die slowenische Kultur...So entstand eine Kultur, die die europäische Vielfalt widerspiegelt und zugleich einzigartig und originell ist. Es ist eine eigenständige Zelle, die weiß, dass sie ihre Existenz und Entwicklung der Eingebundenheit in die Wabe der Menschheit verdankt."

    Slowenien ass e klengt Land, mat ronn 2 Milliounen Awunner. Dass seng Literatur awer alles anescht wéi kleng ass, dovu konnten de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech iwwerzegen. Si hu Bicher vu prominente sloweneschen Auteuren wéi dem Drago Jančar, der Mojca Kumerdej an dem Aleš Šteger gelies a sech mat der Katja Stergar (Directrice vun der slowenescher Buchagence) souwéi der amerikanesch-slowenescher Autorin Erica Johnson Debeljak ënnerhalen. A si hunn och e puer slowenesch Spezialitéiten dégustéiert!



    Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat:

    "Als die Welt entstand" Drago Jančar

    "Unter die Oberfläche" Mojca Kumerdej

    "Das Lachen der Götter" Aleš Šteger

    "Verliebt, verheiratet, verwitwet, verhurt" Erica Johnson Debeljak (S.Marix Verlag)

    "Die Wilden und die Eleganten - Neue Literatur aus Slowenien" zusammengestellt von Aleš Šteger (Die Horen, Zeitschrift für Literatur, Kunst und Kritik, Nummer 291) Wallstein Verlag

    • 32 min
    24. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Jean Back, 24/10/2023

    24. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Jean Back, 24/10/2023

    Mat "Nuebelschnéier" huet de Jean Back e ganz perséinlechen Erzielband erausbruecht.



    "Nuebelschnéier", dat sinn zwou Kuerzgeschichten an e Kapitel mat Textfragmenter déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn, déi awer all iergendwéi zesummenhänken.

    "De Firmi" gëtt aus der Siicht vun engem klenge Jong erzielt, deen an enger Psychiatrie ass, well e vu senger Mamm mësshandelt gouf. Trotzdeem wënscht en sech näischt méi wéi nees bei si ze kommen.

    "De wäissen Tiger" spillt an engem Altersheem. Den Enkel, dee seng Bom regelméisseg do besicht, fënnt no an no méi iwwert hier Jugendzäit eraus a léiert déi eeler Damm vun enger ganz anerer Säit kennen.

    An "Ze déif a d'Gewan gekuckt - 20 Glieser an e puer Schierbelen" verschafft de Jean Back den Doud vu senger Mamm, déi viru kuerzem am Alter vun 93 Joer gestuerwen ass.

    Am Interview mat de "BicherLieser" Jérôme Jaminet a Bea Kneip verréit de Jean Back wéi en duerch de Roger Manderscheid un d'Schreiwe komm ass, hien erzielt vun enger Schoulaufgab déi him, Joren duerno, e wichtege Literaturpräis abruecht huet an hie geet op dee schwierege Prozess vun der Trauer ëm seng Mamm an.



    De Jean Back, Joergang 1953, schreift op Däitsch an op Lëtzebuergesch. Mat "Wollekestol" huet hien 2003 säin éischte Roman bei den Editions ultimomondo erausbruecht. Fir seng Novelle "Amateur" gouf hien 2010 mam European Prize for Literature ausgezeechent. Nieft der Literatur interesséiert sech de Jean Back och fir Molerei, Fotografie a Film. Vun 1989 bis 2015 war hien Direkter vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA) zu Diddeleng.

    "Nuebelschnéier" vum Jean Back ass bei Kremart Edition erauskomm.

    • 37 min
    Weltbibliothéik: Literatur aus Spuenien, 20/09/2023

    Weltbibliothéik: Literatur aus Spuenien, 20/09/2023

    Méi wéi Stéierkampf a Sangria: De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip maachen en Tour iwwer déi iberesch Hallefinsel



    Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat:



    "Tage ohne Cecilia" Antonio Muñoz Molina

    "Die Mauersegler" Fernando Aramburu

    "Die Reise nach Ordesa" Manuel Vilas

    "Mein Herz so weiß" Javier Marías

    "Mitten im Sommer" Ana Iris Simón

    "Geliebte und Feinde" Rosa Montero

    "Das Schweigen des Sammlers" Jaume Cabré

    "Singe ich, tanzen die Berge" Irene Solà

    "Juan Belmonte. Stiertöter" Manuel Chaves Nogales



    Am Interview: d'Journalistin a Schrëftstellerin Rosa Montero

    • 35 min
    22. De Pit Hoerold schreift Gedichter géint de Krich, 20/07/2023

    22. De Pit Hoerold schreift Gedichter géint de Krich, 20/07/2023

    A sengem neie Gedichtband "Das Karussell von Odessa" beschäftegt de Pit Hoerold sech mam Krich an der Ukraine.



    D'Situatioun tëscht der Ukraine a Russland hat hie scho laang virum 24ste Februar 2022 am Bléck. Wéi de Krich dunn ausgebrach ass, war et dem gebiertege Beetebuerger wichteg, sech och literaresch domat ausenaner ze setzen.



    De Pit Hoerold ass net nëmme Lyriker, mä och Museker, Auteur vu Kannerbicher, an hien ass ee vun de Pappen vum Prix Laurence, bei dem all Joers jonk Auteuren tëscht 12 a 26 Joer hir Texter areeche kënnen. Haaptberufflech huet hie sech mat Publicitéit beschäftegt, a senger Fräizäit ass hien e passionnéierte Velosfuerer. Iwwer all dat, an nach villes méi huet hien sech mam Jérôme Jaminet a mam Bea Kneip fir hiere literaresche Podcast "RTL BicherLies" ënnerhalen

    • 40 min

Top Podcasts In Arts

Fresh Air
NPR
Add to Cart with Kulap Vilaysack & SuChin Pak
Lemonada Media
The Moth
The Moth
99% Invisible
Roman Mars
The Recipe with Kenji and Deb
Deb Perelman & J. Kenji López-Alt
Be My Guest with Ina Garten
Food Network