RTL - Sprint RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Sports
De Magasinn vun der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun.
-
Sprint, 21/03/2024
Am Sprint dréit sech haut alles em d'Indoor Weltmeeschterschaft zu Glasgow. D'Jana Peters huet mat den Athleten iwwert hier Erwardungen am Virfeld an hir Resultater geschwat.
-
Sprint, 18/01/2024
Am Sprint vun haut schwätzt d'Jana Peters mat zwou Leeferinnen iwwert hier nei Lëtzebuerger Rekorder a verréit iech wéi ee Rendez-vous een dëse Weekend op kee Fall sollt verpassen.
-
Sprint, 21/12/2023
Den Dezember ass dee Mount, wou d'Sportler ausgezeechent ginn, déi an hirer Sportaart déi beschte Resultater haten. An der Liichtathletik ass dat net anescht. Kierzlech goufen d'Patrizia van der Weken an de Charel Grethen fir hir Leeschtungen geéiert. Dat ass Thema haut am Sprint, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
-
Sprint, 21/09/2023
D'Summersaison an der Liichtathletik ass eriwwer. Zäit also e klenge Réckbléck op déi leschte Méint ze maachen. De Rich Simon huet mat de verschiddene Protagonisten, iwwert hir Leeschtungen, Resultater an Ziler fir Zukunft geschwat.
-
Sprint, 17/08/2023
Vum 19. bis den 27. August ass d'Liichtathletik Weltmeeschterschaft zu Budapest an Ungarn. Mam Bob Bertemes, dem Patricia Van der Weken, dem Vera Hoffmann an dem Charel Grethen sinn 4 Lëtzebuerger mat dobäi. Virun allem de Charel Grethen hat net deen einfachsten Ufank vun der Saison, Sam Rickal.
-
Sprint, 15/06/2023
Am Sprint mécht d'Jana Peters e Réckbléck op de Nuetsmarathon a verréit Iech wien an dëser nach jonker Summersaison schonn nationale Rekorder opgestallt huet.