![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
49 Folgen
![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
Invité:e vum Dag radio 100,7
-
- Nachrichten
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
-
Liz Braz
Do wou si untrëtt kann ee mat engem Succès rechnen: esou liesen sech jiddefalls d’Walresultater vun der Liz Braz. Déi jonk Politikerin vun Esch huet d’lescht Joer aus dem Stand fir d’LSAP ee Mandat bei de Gemengewale kritt an e puer Méint méi spéit och eent an der Chamber. Bei den Europawale virun zwou Woche gouf si Zweet op der LSAP-Lëscht virun engem Mars di Bartolomeo, zum Beispill. Wéi mécht si dat, a wat mécht si domat? Dat freet d'Christiane Kleer d'Liz Braz.
-
Claudia Monti
Ëmmer méi Leit bekloe sech beim Ombudsman, well si vun enger staatlecher Verwaltung, enger Gemeng oder och engem Etablissement public net adäquat behandelt goufen. D’Claudia Monti an hir Ekipp waren d’lescht Joer mat enger Rekordzuel u Reklamatioune befaasst. Gëtt den Déngscht um Bierger ëmmer méi schlecht oder ass d’Ombudsman souzesoen Affer vun hirem Succès? Dat freet d'Christiane Kleer d'Claudia Monti.
-
Romain Wolff
Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP op dem Premier seng Ukënnegungen am Etat de la Nation.
-
Philippe Poirier
De Maurice Molitor schwätzt mam Politolog vun der uni.lu iwwer d’Neiwalen a Frankräich an d’Resultater vun 2024er (Lëtzebuerger) POLINDEX-Étude.
-
Sam Tanson
Déi gréng Reaktioun op den Etat de la Nation. D'Deputéiert Sam Tanson äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
-
Luc Frieden
Debriefing vun den Europawalen an Explikatiounen zum État de la Nation: Froe vum Maurice Molitor un den CSV-Staatsminister