49 Folgen

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

Méi wéi Sex Méi wéi Sex

    • Sexualität

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

    Tattooen

    Tattooen

    Firwat huet een Tattooen? Veränneren Tätowéierungen d’Perceptioun vun engem selwer oder wéi een aner Persoune gesäit? An wéi ass et mat der (frëndschaftlecher, romantescher an/oder sexueller) Unzéiung zu Léit wann se (keng) Tattooen hunn? Doriwwer (an nach méi) plauderen d’Kelly an d’Lynn.



    An der Rubrik äntwert d’Kelly op eng weider Fro vun Noolauschter*innen:#followersedition N°4 : “Ass dat normal … keen Orgasmus kennen ze hunn?”

    • 42 Min.
    Méi wéi Sex an Zäite vu Corona

    Méi wéi Sex an Zäite vu Corona

    Wat mech Covid mat Bezéiungen, Intimitéit a Sexualitéit? Wéi ass Dating wärend enger globaler Pandemie? D’Kelly an d’Anne ziele vun hiren Erfarungen a schwätzen iwwer Masturbatioun, mental health an nach vill méi.An der Rubrik äntwert den Eile op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°3 – Erektiounsproblemer. Et gi verschidde Grënn, firwat ee keng Erektioun hale kann. E puer Froen déi een sech stelle soll sinn: Kann ech eng Erektioun halen, wann ech eleng masturbéieren? Geschitt mer dëst nëmme mat enger Partnerin oder engem Partner? War dat schonn ëmmer sou, oder ass et eppes Neies?

    QUELLEN:– Studie Nr. 1: Intimität und soziale Beziehungen in der Zeit physischer Distanzierung
    – Studie Nr. 2: Eine Übersicht medialer Narrative im Frühjahr 2020 – Wie verändert die COVID-19-Pandemie unsere Sexualitäten?

    Lauschter zu dësem Thema och an folgend Rubrik eran:
    How to: Gesond bleiwen an Zäite vun der Quarantaine
     

    • 43 Min.
    Net iessen, wat op den Dësch kënnt - Iessstéierung(en)

    Net iessen, wat op den Dësch kënnt - Iessstéierung(en)

    Hunn Iessstéierungen ëmmer eppes mam Ausgesinn ze dinn? Gëtt et sou eppes wéi „rëm Iessen léieren“? A wéi nennt een Leit, déi hir Krankheet iwwerlieft an de Wee zréck zu engem agreabelen Ëmgang mat Liewensmëttel fonnt hunn? All dëst diskutéieren d´Anne an d´Nora an dëser Folleg.



    Links:– Eating recovery center: https://www.eatingrecoverycenter.com/myrecoveryletter?fbclid=IwAR0lOYeOQaaVIYdBFvzQR1GvMpr1mZz-snKlQ9zmtnOOIa0a1IlxWt5AgRo – Terapienetz – Essstörung: https://www.facebook.com/TherapienetzEssstoerung – Waage e.V. – Das Fachzentrum für Essstörungen in HH : https://www.waage-hh.de/?fbclid=IwAR2P5ytD1maAKpyKVSCie_f3xNJvK8tiNVseuSqWyFbAPYrFC79bFhjD2hs

    • 47 Min.
    Fernbezéihung

    Fernbezéihung

    Wann een*t wäit fort vun där Persoun wunnt, déi een*t gären huet, kann dat zimmlech ustrengend sinn. D‘Anne an de Joël schwätzen iwwert Fernbezéiungen um aneren Enn vum Planéit an zu Lëtzebuerg, iwwert Sex op Distanz, Kommunikatioun an temporär gemeinsam Welten. Wat dat ganzt mam Klimawandel ze dinn huet, gitt dir och gewuer.
    An der Rubrik dës kéier: Eng gutt Fro – Wat ass de Sex Drive? Männer wëllen ëmmer a Fraen hunn ni Loscht? Wat dreift eis, a wat bremst eis? Wat dréit alles zu eisem sexuelle Verlaange bäi, a wat beaflosst et?

    • 32 Min.
    Sex, Drogen an e bësse Rock´n´Roll

    Sex, Drogen an e bësse Rock´n´Roll

    Festivals kënne mat Musek lauschteren, vill Kultur an Danze bis een emfällt ze dinn hunn. Mee net seele gehéiert dozou och Knuutschen, Schmusen a vläicht souguer Sex. Deen een oder dat anert ass dobäi net méi ganz niichter. Fir dass dat net schif geet, ass et immens wichteg, informéiert ze sinn. An der neier Folleg preparéieren d´Anne an de Carlos vu Pipapo sech am Kapp op e Festival fir d´nächst Joer. Dat wat si soen, gëllt awer genee sou, wann een doheem mat enger oder méi Persoune wëll intim ginn a Substanzen am Spill sinn. Am Podcast schwätzen si iwwer allgemeng Reegelen. Um Site Pipapo.lu fannt dir awer och Informatiounen zu all eenzeler Drog, hirer Wierkung an de Risiken, déi si mat sech brénge kann. An dëser Episod gëtt d´Thema Chemsex (Sex op syntheteschen Drogen) net traitéiert. Mir recommandéieren awer d´Folleg zum Thema vum däitschsproochege Podcast Stadt-Land-Schwul. D´Podcaster schwätzen do souwuel mat engem Dokter souwéi och mat enger Mataarbechterin vum Drugcheck Zürich.An der Rubrik huet d’Kelly op Froen vun Noolauschter_innen geänfert – zu den Themen: – mat Jugendlecher iwwer Sex Schwätzen, – Pornokonsum – an sexuell Orientéierungen. Wann dir och Froen hutt wat mir an enger Rubrik kenne beäntwerten, schreift eis är Iddien eran.


    Links:

    PIPAPO – Sex Drugs & Rock’n Roll – Infokaarten: https://pipapo.lu/information/


    TRANS-EUROPEAN COVID-19 & DRUGS SURVEY:https://pipapo.lu/wp-content/uploads/2020/05/graphic_report.pdf
    Podcast Stadt-Land-Schwul: https://www.podcast.de/episode/443462080/.Chemsex./

    • 39 Min.
    Männlechkeet

    Männlechkeet

    Et gi vill Forme vu Männlechkeet. Verschiddener si geféierlech, a beim Ausliewe kann een sech an anere wéidoen. Den Elie an de Joël schwätzen dës Kéier doriwwer, wat et heescht, e Mann ze sinn, a wéi een sech géint toxesch Männlechkeet ka stellen. Nieft Autoen, Béier an enger Kotlett um Grill kommen awer och soft boys, kritesch Männlechkeet a gutt Virbiller zur Sprooch. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een sou matenee schwätzt, dass een och gehéiert a verstane gëtt. Wat gelift? Lauschtert eran.


    Hei fannt dir d’Links déi an der Episod ugeschwat goufen:


    – Rubrik zur Prostate: https://sexpodcast.ara.lu/podcast/eng-gutt-fro-wei-funktioneiert-dprostate/– Youtube-Kanäl, déi popkulturell Analysen zu Männlechkeet machen: https://www.youtube.com/user/mrskimps/ &https://www.youtube.com/channel/UCHiwtz2tCEfS17N9A-WoSSw– Allgemeng Informatiounen zu kritescher Männlechkeet: https://kritische-maennlichkeit.de/

    • 30 Min.

Top‑Podcasts in Sexualität

Zuhörer haben auch Folgendes abonniert: