Panorama radio 100,7
-
- News
National an international Noriichten
-
Owespanorama
1. Den Escher Schäffe Pim Knaff zitt keng politesch Konsequenzen aus senger Verurteelung wéinst schwéierem Steierbedruch
2. Dat naasst Wieder huet ee gréisseren Impakt op d’Landwirtschaft. Nieft de Pilzer, déi entstoe kënnen, ginn et Schwieregkeete fir d’Hee dréchen eranzefueren
3. D‘ANO-Partei vum tschecheschen Oppositiounsleader Andrej Babis verléisst am Europaparlament d’Fraktioun vun de Liberalen
4. De Wee fir EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain an der Republik Moldau ass elo op. Si kënne wéi geplangt nächsten Dënschdeg ufänken
5. Beim Billie Jean King Cup am Tennis a Moldawie kommen d’Lëtzebuerger Dammen um Enn op déi sechste Plaz -
Mëttespanorama
1. Am Escher Gemengerot geet et haut ëm d’Deontologiesreegelen, dat an der Suite vun der Steieraffär ronderëm de Pim Knaff
2. De Lëtzebuerger Staat ass elo scho gutt opgestallt fir déi digital Transitioun unzegoen, dat sot déi zoustänneg Ministesch
3. 50 Milliounen Dollar huet den amerikanesche Milliardär Timothy Mellon als Don fir d‘Walcampagne vum Donald Trump iwwerwisen
4. An der Slowakei huet d‘Parlament fir d‘Opléisung vum ëffentlech rechtleche Sender RTVS gestëmmt
5. No sengem Nuesbroch wäert de Kylian Mbappé den Owend géint Holland wuel op der Bänk ufänken -
Moiespanorama
1. Rapport 2023 vun der Maison du Grand-Duc
2.Once-only-Prinzip soll beim Staat ageféiert ginn
3. Doud vum Acteur Donald Southerland -
Moiespanorama
1. Rapport 2023 vun der Maison du Grand-Duc
2. Once-only-Prinzip soll beim Staat ageféiert ginn
3. Doud vum Acteur Donald Southerland -
Owespanorama
1. Bei alle Ministèren, Verwaltungen a Gemenge soll de Prinzip vum Once only an Zukunft obligatoresch ginn
2. De Projet vun engem lëtzebuergeschen eWallet gouf zréckgezunn, et gëtt op den europäeschen eWallet gewaart
3. De Projet vun der Digitaliséierung vun der Justiz soll bis 2030 ofgeschloss sinn
4. De Chômagetaux louch am Mee bei 5,7 Prozent, eng éischte Kéier zanter Februar ass deen Taux ëm 0,1 Prozentpunkt geklommen
5. De Mark Rutte gëtt nächsten NATO-Generalsekretär nodeems Rumänien elo, als lescht Land, säi Widderstand opginn huet -
Mëttespanorama
1. Eng éischte Kéier ass russesche Flësseg-Äerdgas vun EU-Sanktioune viséiert, d‘Moossname kruten de Muere gréng Luucht zu Bréissel
2. 117 Millioune Mënsche si weltwäit op der Flucht, esou vill wéi nach ni, heescht et vum UNO-Flüchtlingshëllefswierk UNHCR
3. De Chômagetaux hei am Land louch am Mee bei 5,7 Prozent, deelt de Statec mat
4. De Référé iwwer d’Ofsetze vum André Heinen als Verwaltungsrotspresident vun der CMCM um Stater Geriicht gouf gestrach