IFEN INSPIRE PODCAST IFEN
-
- Education
Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck:
1. Reportagen: Inspiréierend Geschichten aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee ze ginn.
2. Expertenstëmmen: Am zweeten Deel gi mir Experten d’Wuert. Dat si souwuel Leit vum Terrain, wéi Formateuren oder Chercheure. Mat Hëllef vun Interviewen oder awer Zesummefaassunge vu méi laangen Diskussiounen, kritt Dir déif Ablécker an déi neisten Trends an Erkenntnisser am Bildungsberäich.
3. Wëssenschaftlech Perspektiven: Am leschten Block vun eisem Podcast kritt all Episod een aner Wëssenschaftler eng ”Carte blanche”. Hei hunn si d’Méiglechkeet mat eis ze deelen, wat d’Welt vun der Fuerschung aktuell beschäftegt a wéi een Impakt dës Erkenntnisser op déi alldeeglech Aarbecht kënnen hunn.
Abonnéiert eisen Podcast a begleet eis op dëser spannender Rees duerch d’Welt vun der Educatioun.
-
EP 05: EdFest ¦ Yoga a Klangpädagogik an der Grondschoul ¦ Europawalen
Am éischten Deel kucke mir zréck op d'EdFest, dat de 4. Mee an de Rotonden zu Bouneweg stattfonnt huet. Am Virfeld hate mer d’Geleeënheet ons ukucken ze goen wat fir flott Projeten an Ideeën all Dag an onse Schoulen ëmgesat ginn. Wat ass blended learning am Lycée, firwat léisst een d’Schüler an d’Schülerinne wärend der Stonn um Vëlo fueren, wei kann een an der Beweegung leieren, wat ass d’Talentfuerderung am Réidener Lycée a wat maachen Hinger a Kanéngercher am Schengener Lycée. Dat alles wäerte mer ons am éischten Deel vum Podcast ukucke goen.
Am zweeten Deel erwaart Iech en Interview mam Isabelle Haas an dem Nathalie Rollin. Si maachen zu Stengefort an zu Käerch Kanneryoga a Klangpädagogik mat de Kanner. Wat bréngt dat de Kanner, wat fir e Material brauch een dofir a wat fir eng schei Momenter hu si erlieft. Dat alles erziele si ons.
An der Carte blanche dréint sech dës Kéier alles ëm d’Europawalen vum 9. Juni. D’Marnie Ecker vum ZPB, dem Zentrum fir politesch Bildung huet sech doriwwer e puer Gedanke gemaach.
Weider Informationen:
www.developpement-scolaire.lu -
EP 04: Outdoor Education ¦ Reflexintegratioun ¦ KI-Kënschtlech Intelligenz
Wéi virun all Vakanz kënnt der iech och dës Kéier rëm déi neisten Episode vum IFEN Inspire Podcast ulauschteren. Déi éischt Sonnestralen déi sou schéi waarm drécke sinn do an et huet e rëm richteg Loscht fir erauszegoen. Genau dat maache mir am éischten Deel. Outdoor Education ass d’Stéchwuert an d’Laura Schmit huet sech an de Bëscher an de Schoulgäert ëmgekuckt a war zesumme mat de Klassen an d’Natur.
Am zweeten Deel beschäftege mer ons mat der Reflexintegratioun. Nach ni héieren? Mir ass et genau sou gaangen an dofir sinn ech bei d’Annette Jaffke gaangen. Wat eng Psychagogin ass a wat si mat Reflexintegration ze dinn huet, dat kann hatt ons erklären.
Fir ofzeschléisse gi mer dem Dominique Mangiatordi an onser Carte Blanche d’Wuert. Hie beschäftegt sech ganz vill mat KI, der kënschtlecher Intelligenz, a wéi een déi kann nëtzlech an der Schoul asetzen.
Hei fannt dir nach weider Informatiounen:
www.developpement-scolaire.lu -
EP 03: Raumgestaltung ¦ Museksunterrecht ¦ Schülermotivatioun
Am éischten Deel werfe mer mam Martine Lehnen (IFEN Hospitatiounen), e Bléck a verschidde Klasseräim a Schoulgebaier. Wat ginn et fir Konzepter a Méiglechkeeten de Léierraum ze gestalten?
Musek als Fach an der Grondschoul – en onbeléifte Lückefüller am Stonneplang oder e Fach mat onausgeschöpften Geleeënheeten? Dorëms geet et am zweeten Deel. Den Eric Falchero, Museker an Prof op der Uni.lu steet eis Ried an Äntwert.
Wei gestalten ech Unterrecht, dee fir d’Schüler motivéierend ass. Wat fir eng verschidde Motivatiounstyppe ginn et bei eise Schüler a Schülerinnen? Deene Froe sinn d’Ineke Pit-Ten Cate an den Axel Grund vun der Uni.lu am leschten Deel vum Podcast nogaangen.
Hospitation: Enseigner dans une classe flexible - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284963
Hospitation: Exploring Reggio-Ateliers - Beautiful Stuff & more - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284954
Hospitation: Reggiopädagogik - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284953
Hospitation: Reggio-Pädagogik trifft auf Meditation und Yoga - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284957
Hospitation: Churermodell im Cycle 4 - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286586
Hospitation: Churermodell - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284965
Hospitation: Churermodell à Pétange - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284996
Formation: Aménagement des espaces scolaires au service des apprentissages et du comportement à l'école - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286045
Reportage: Enseigner en classe flexible - https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/enseigner-en-classe-flexible/
Reportage: De Churermodell an der Mamer Grondschoul - https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/de-churermodell-an-der-mamer-grondschoul/
Reportage: Raumkonzept an der Reggio-Pädagogik - https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/raumkonzept-an-der-reggio-padagogik/
Link zur Studie: https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0959475223001378
Buch: https://www.utb.de/doi/10.36198/9783838559759 -
EP 02 : Spiller am Unterrecht
Mir waren op der Game On an ons an d’Schoulen ukucken, wei do Spiller an den Asaz kommen.
-
EP 01 : Interview mam Christian Lamy, Direkter vum IFEN
Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck : Reportagen, Expertenstëmmen, Wëssenschaftlech Perspektiven. Interview mam Christian Lamy, Direkter vum IFEN