PROST Moskito
-
- Society & Culture
-
De Lëtzebuerger Wäin, seng Wënzer a seng Regioun.
-
#10 Fir Iessen an Drénken ass gesuergt mam Metty Krack // Koeppchen
An dëser klenger Jubiläumsepisod (Nummer 10!!) schwätze mir mam Metty Krack op der Wormer Koeppchen, der gastronomescher Institutioun op der Musel, iwwert de beschten Accord mets et vins, awer och wéi eng Erausfuerderung et ass quasi all Wënzer op der Kaart vertrueden ze hunn. Ausserdeem wollte mir wësse wéi eng déi déierst Fläsch Wäin war déi de Metty fale gelooss huet...
-
9) Op eng Coupe Cremant mam Änder Mehlen // Domaine Vinsmoselle
Dës Episod gëtt sprëtzeg! D'Claire an de Ben hu sech bei Domaines Vinsmoselle zu Remerschen aquartéiert an den Änder Mehlen wousst net wéi eng Fläsch Cremant vum Domaine hie sollt aussichen, dofir goufen et der direkt 3 ze schmaachen.
An dëser Editioun schwätze mir virun allem iwwert de sëffege Schaumwäin, deen awer net ëmmer de beschte Ruff huet. Mir konnten eis vum Géigendeel iwwerzeegen! -
8) Blind Tasting mam Frank Schumacher // Domaine Viticole Schumacher-Knepper
SPECIAL EDITION - D'Claire huet sech e puer schwaarz Glieser am IVV stibitzt an ass domadder, a mam Ben, bei Schumacher-Knepper op Wentréng gefuer. Um Programm stoung eng blann Degustatioun. Wéi déi 2 sech geschlo hunn, lauschtert dir am Beschte selwer.
-
7) Op e Roude mam Marc Desom // Domaine Desom
An der éischter Episod vum neie Joer schwätzen d'Claire an de Ben, bei engem Patt Pinot Noir mam Marc Desom, iwwert genee deen, awer och déi aner lëtzebuergesch Roudwäiner. Kann een e Roude vun hei iwwerhaapt "Rouden" nennen?
-
6) E bësse Marketing mam Ben Duhr // Domaine Madame Aly Duhr
De Ben Duhr huet scho relativ fréi, mat sengem Brudder Max, de Familljebetrib zu Ohn iwwerholl. Hiere jonken Alter, eng deelweis Nonchalence vis-à-vis vu Marketingcoden an e gudde Produit hunn aus dem Haus wat 1872 gegrënnt gouf, eng modern Mark gemaach. Mam Ben schwätze mir iwwert Publicitéit a Kommunikatioun.
-
5) Generatiounswiessel mam Isabelle Gales // Caves Gales
Caves Gales ass e bekannte Familljebetrib op der Musel, deen zanter méi wéi 100 Joer Wäin a Cremant produzéiert. Mëttlerweil an der Hand vum Isabelle Gales a sengem Papp erzielt d’Wënzerin eis vun de Chancen an den Erausfuerderungen déi all Dag op ee waarden, et erënnert sech awer och zréck un déi éischt Momenter als Kand am Wéngert an am Keller. Zäit fir e bëssen Nostalgie bei enger gudder Kippchen...