Den Hallwer Néng radio 100,7
-
- News
Bei allem, wat een esou mécht, stellt ee sech Froen. Ob um Kaffisdësch, am Auto oder op der Schaff - um hallwer 9 gi mir op d’Sich no Äntwerten. Mat Invitéen, déi aus eegener Erfarung schwätzen.
-
Zwee Deeg virun den Europawalen ...
... schwätzt de Maurice Molitor mam EU-Korrespondent vum Lëtzebuerger Wort Diego Velazquez a mat der Direktesch vum Europa-Musée zu Schengen Martina Kneip.
-
Iwwer d'Musel mat der Fär
Wéinst Personalproblemer funktionéiert d’Fär tëschent Oberbillig a Waasserbëlleg am Moment just nach hallefdaags. De Maurice Molitor schwätzt u Bord mam Buergermeeschter Andreas Beiling iwwer d’Zukunft vun där Verbindung, déi fir vill Leit eng grouss Ofkierzung ass.
-
Wéi organiséiert een eng Walcampagne?
E Bléck hanner d’Kulisse mat Françoise Kemp (CSV) a Claude Lamberty (DP), déi bei hire Parteie fir d’Organisatioun vum EU-Walkampf zoustänneg sinn. Moderatioun: Maurice Molitor
-
Walrecht mat 16?
Muss déi Fro knapp 10 Joer nom Referendum nei gestallt ginn? Doriwwer schwätzt de Maurice Molitor mam Liam Bremer, President vum Jugendrot, a mam Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung.
-
Faszinatioun Lego
De Maurice Molitor war de Weekend op der Expo Brixembourg an huet do mat Organisateuren an Aussteller geschwat.
-
Haislech Gewalt: Wie sinn d’Täter?
De Service Riicht eraus vun der Croix-Rouge betreit Männer a Fraen, déi doheem gewalttäteg sinn. Firwat hu si sech net am Grëff? A wéi kritt een d’Gewalt gestoppt? D’Christiane Kleer schwätzt mat zwou Psychologinne vum Service.