Den Hallwer Néng radio 100,7
-
- News
Bei allem, wat een esou mécht, stellt ee sech Froen. Ob um Kaffisdësch, am Auto oder op der Schaff - um hallwer 9 gi mir op d’Sich no Äntwerten. Mat Invitéen, déi aus eegener Erfarung schwätzen.
-
De Léiw vun der Resistenz
Eng nei Biographie verzielt d’Liewe vum Camille Sutor, engem vun de grousse Lëtzebuerger Resistenzler. De Maurice Molitor schwätzt mam Auteur, dem Historiker André Grosbusch, a mat der Nathalie Brachmond-Sutor, déi den Impuls fir d’Buch ginn huet.
-
All Véierten iwwer 16 Joer fëmmt
De Maurice Molitor analyséiert d’Resultater vun der neister Tabagissem-Etüd am Gespréich mam Pedro Marques aus der Santé a mam Lex Schaul vun der Fondation Cancer.
-
Lënse vu Buerschdref
De Biobauer Daniel Schaaf geet nei Weeër, ë. a. mat der Hëllef vum Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie (IBLA). De Maurice Molitor schwätzt mat him a mat der IBLA-Direktesch Stéphanie Zimmer.
-
D’Iechternacher Sprangprëssessioun
De Maurice Molitor ënnerhält sech live op der Plaz mam Marc Diederich an André Schroeder vum Willibrordus-Bauveräin iwwer d’Organisatioun vun där Pressessioun, déi zanter 2010 op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturpatrimoine vun der Mënschheet steet.
-
Long-Covid: all Mount kommen zeg Patiente bäi
An der Rehaklinik vum CHNP ginn all Dag déi Persoune betreit, déi an der Suite vun enger Covid-Infektioun mat deelweis staarken Aschränkungen ze liewe léieren. Eng nei App soll hinnen dobäi hëllefen. D'Christiane Kleer schwätzt mam Dr Charel Benoy (CHNP) an der Aurélie Fischer (Luxembourg Institute of Health) iwwer d'Potenzial vun der App an déi generell Perspektive fir Long-Covid-Patienten.
-
Firwat geet d’Zuel vu Kanner mat spezifesche Besoinen an d’Luucht?
An de Schoule kréien ëmmer méi Kanner eng speziell Betreiung, well si Schwieregkeeten am Unterrecht hunn. Firwat ass dat esou? A wéi funktionéiert déi speziell Betreiung? Mam Carole Maisch, Directrice adjointe an der Regionaldirektioun vun der école fondamentale vu Miersch a Sandy Mart vum ESEB am Clierfer Lycée.