Knapps zwee Méint nom Enn vun de Paralympics zu Paräis invitéiert d'Lëtzebuerger Paralympesch Comité (LPC) op de Paralympics Days am Rehazenter.
Dësen Dag bitt eng exzellent Geleeënheet, fir d'Inklusioun am Sport ze feieren an sech iwwer d'Wichtegkeet vum paralympesche Sport zu Lëtzebuerg z'informéieren. An virun allem vir matzemaachen! Am Gespréich mam Mathis Finke vum Paralympesch Comité Lëtzebuerg hiert Dir wat d'Visiteuren op dësem speziellen Dag erwaart. Et gëtt eng Villfalt vun Aktivitéiten, dorënner Demonstratioune vu paralympesche Sportaarten, d'Méiglechkeet, selwer verschidden Disziplinnen auszeprobéieren, an d'Presentatioun vu inklusiven Sportprojeten. Een weidert Thema vum Gespréich war och de Projet "50+1 All Zesummen Sport Inklusiv". Dëse Projet fërdert d'Participatioun vu Mënsche mat Behënnerung am Sport a setzt sech dofir an, datt inklusiv Sportméiglechkeete fir jidderee zougänglech sinn.
Information
- Show
- Channel
- FrequencyUpdated Weekly
- PublishedOctober 25, 2024 at 10:57 AM UTC
- RatingClean