![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
50 episodi
![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
Panorama radio 100,7
-
- News
National an international Noriichten
-
Owespanorama
1. Et wier een no un enger Eenegung: Dat sot den Donald Tusk, Negociateur fir d’Europäesch Vollekspartei EVP, am Nomëtteg um Sennenger Schlass zu den Top-Posten an Europa no de Wale vum 9. Juni
2. An Zukunft sollen Entreprisen, déi een elektresche Camion oder ee Waasserstoff-Camion kafen, kënne vun enger staatlecher Investissementshëllef profitéieren
3. Dem Mark Rutte seng Chancen als Nofollger vum Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg klammen. Ungarn huet dem demissionären hollännesche Premier seng Ënnerstëtzung zougesot
4. An Thailand huet d‘Parlament de Wee fir d‘Legaliséierung fir d‘Bestietnes tëschent homosexuelle Koppele fräigemaach. De Gesetzesprojet gouf mat enger grousser Majoritéit ugeholl
5. Den Haut-Commissaire fir d'Mënscherechter bei der UNO warnt virun engem weideren Noost-Krich. Dat op Grond vun den dagdeegleche Konfrontatiounen tëschent der israeelescher Arméi an der Hisbollah-Miliz am Libanon -
Mëttespanorama
1. Meteolux: Giel Alerte wéinst Wiedere bis den Owend
2. An Zukunft ginn et Hëllefen, wann Entreprisen een elektreschen oder ee Waasserstoff-Camion kafen
3. Lëtzebuerg ass nëmmen nach op der 23. Plaz am neie Welt-Kompetitivitéits-Index IMD vun dësem Joer
4. “Once only“-Prinzip: Ombudsman Claudia Monti setzt vill Hoffnungen doran
5. UNO: 2023 ass d‘Zuel vun den Zivilisten, déi bei Konflikter ëm d‘Liewe koumen ëm 72 Prozent an d‘Luucht gaangen -
Moiespanorama
1. Keen Accord iwwer Spëtzeposten an der Europäescher Unioun
2. Lëtzebuerg läit ënner den NATO-Staate mat senge Militärdepensen op der drëttleschter Plaz
3. Grenztëschefall tëschent Nord- a Südkorea, eng zech nordkoreanesch Zaldoten hunn d‘Grenz Richtung Süden iwwerschratt
4. Bei neien Demonstratioune géint déi israeelesch Regierung koum et hënt zu Jerusalem zu Ausernanersetzungen
5. De Patron vu Boeing Dave Calhoun gëtt haut vum amerikanesche Senat gehéiert
6. Glécklech 1-0 Victoire gëschter vu Frankräich géint Éisträich, den Embappé huet eng gebrachen Nues -

1. Lëtzebuerg wëllt säi grénge Waasserstoff an Zukunft selwer produzéieren, haut gouf de Projet Luxembourg Hydrogen Valley virgestallt
2. Fir d‘Sportsarena an de Sportsmusée, déi zu Esch an den Nonnewise sollte gebaut ginn, muss en neie Site gesicht ginn, op dem geplangten däerf net gebaut ginn
3. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet säi Krichskabinett opgeléist
4. Den Owend diskutéieren zu Bréissel déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen eng éischte Kéier iwwer d‘Verdeelung vun de Spëtzeposten an der EU
5. Bei der Fussball-EM an Däitschland huet Rumänien sech de Mëtten 3-0 géint d‘Ukrain duerchgesat -
Mëttespanorama
1. D’Verwaltungsgeriicht huet de Recours vun engem belsch-senegaleeseschen Dokter zeréckgewisen, deen Enn 2022 eng kuerz Zäit fir d’Lëtzebuerger Arméi geschafft hat
2. D‘Chambre des Notaires huet eng Disziplinarprozedur géint hir Presidentin an d‘Weeër geleet
3. Am Clinch tëschent CGFP a Regierung iwwer de Bewäertungssystem bei der Arméi zeechent sech eng Léisung of
4. Wat erwaarden d‘Wënzer, Gäertner an Uebstproduzente vum ugekënnegte Wäibau-Dësch?
5. D‘EU-Ëmweltministeren hunn de Moie gréng Luucht gi fir dat ëmstriddent europäescht Naturschutzgesetz