Presserevue radio 100,7
-
- News
E Bléck an déi national Press
-
Editioun 8h15
D'Affär ëm Steierhannerzéiung vum Escher DP-Schäffe Pim Knaff an e méiglechen Interessekonflikt am Steeseler Gemengerot sinn de Moien Theemen an der Presserevue.
-
Editioun 7h15
D'Affär ëm Steierhannerzéiung vum Escher DP-Schäffe Pim Knaff gëtt de Moien an den Zeitunge kommentéiert an d'Fro gëtt opgeworf, ob de Pim Knaff iwwerhaapt nach als Politiker an Affekot glafwierdeg ass.
-
Editioun vum Weekend
Den LSAP-Kandidat fir d'Europawale Marc Angel steet am Wort an Tageblatt am Mëttelpunkt. De Quotidien beliicht d'Aarbecht an der Chamber.
-
Editioun vun 8:15
“Salonfähiger”, esou huet de Peter Feist säi Leitartikel an der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land iwwerschriwwen: doranner geet et ëm d’Partei ADR, mee net nëmmen.
“Es wird eine harte Nuss” an “Ich hoffe, dass mir neue Wähler vertrauen”: dës Zitater vun der Europa-Deputéierter a Kandidatin vu Fokus bei den Europawalen, Monica Semedo, fënnt een haut an engem Interview am Lëtzebuerger Wort.
Den Imagefilm vum Minister Léon Gloden, deen Ufank Mee verëffentlecht gi war, suergt weider fir Froen.
An am Lëtzebuerger Wort reagéiert den DP-Politiker an Affekot Pim Knaff haut op seng Verurteelung wéinst schwéierem Steierbedruch. -
Editioun 07:15
“Salonfähiger”, esou huet de Peter Feist säi Leitartikel an der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land iwwerschriwwen: dora geet et ëm d’Partei ADR, mee net nëmmen.
“Es wird eine harte Nuss” an “Ich hoffe, dass mir neue Wähler vertrauen”: dës Zitater vun der Europa-Deputéierter a Kandidatin vu Fokus bei den Europawalen, Monica Semedo fënnt een haut an engem Interview am Lëtzebuerger Wort.
Den Imagefilm vum Minister Léon Gloden, deen Ufank Mee verëffentlecht gi war, suergt weider fir Froen.
An am Lëtzebuerger Wort reagéiert den DP-Politiker an Affekot Pim Knaff haut op seng Verurteelung wéinst schwéierem Steierbedruch. -
Editioun vu 7:16
An den Zeitunge fënnt een haut ë.a. Interview mam Nicolas Schmit a mam Alexandra Schoos am Virfeld vun den Europawalen. Ee weidere Sujet bleift d’Bank ING, déi Clienten hir Konten zoumécht.