15 episodes

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 75 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.

Déi gutt Mod Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal

    • Society & Culture
    • 5.0 • 1 Rating

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 75 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.

    #14 Wäertschätzung op der Aarbecht

    #14 Wäertschätzung op der Aarbecht

    Wéini fillt Dir Iech op Ärer Aarbecht valoriséiert? D'Lynn an d'Melody schwätzen doriwwer, wéi ënnerschiddlech d'Erwaardunge vu Mataarbechter*inne sinn, a wéi wichteg et ass, dës kloer ze kommunizéieren. D’Melody hat e Leadership Workshop iwwert Konfliktmanagement. Ausserdeem deele si mat Iech hier Highlights aus der Woch: D'Melody huet en Artikel iwwer d'Einsamkeet vu Männer am Alters- a Pfleegeheem geschriwwen an d'Lynn gëtt en Abléck an déi ugepasste Social Media Strategie vum Lëtzebuerger Journal. Dir wëllt bei eis e Stage maachen? Sief et am Journalismus, Podcasting oder Marketing? Da lauschtert eran.

    • 25 min
    #13 Den éischten Androck

    #13 Den éischten Androck

    Kënnt Dir Iech nach un déi éischte Kéier erënnere, wéi Dir Är nei Aarbechtskolleeg*inne kennegeléiert hutt? D’Melody an d’Lynn schwätzen iwwer den Impakt vum éischten Androck an iwwert Blender*innen an der Mediebranche. Firwat ass et e schmuele Grad tëscht "ob säi Bauchgefill lauschteren" a "sech selwer a Fro stellen"?  Ausserdeem deelt d'Melody en Abléck an d'Zesummenaarbecht mat Stagiair*innen. Zum Schluss gëtt et nach eng Äntwert op d'Fro aus der Community: "Fir wat gitt dir verhältnesméisseg vill a wéineg Suen aus?"

    D'Etüd, iwwer déi mir am Episod schwätzen:

    https://journals.plos.org/plosone/article?id=10.1371/journal.pone.0090779

    Den Artikel vun eisem Stagiaire Rodrigo Ribeiro:

    https://journal.lu/de/portugiesinnen-und-die-schule-eine-komplizierte-beziehung

    • 33 min
    #12 Spezial: Déi gutt Mod um Fraestreik

    #12 Spezial: Déi gutt Mod um Fraestreik

    D'Lynn ass vum 1. Abrëll u Presidentin vum Lëtzebuerger Presserot. An deem Kader ass eis positiv opgefall, dass an de leschte Woche vill Fraen zu Lëtzebuerg op Féierungspositioune komm sinn. Mir schwätzen driwwer, wisou et wichteg ass, dass mer eis net dorop ausrouen. D'Melody gëtt en Iwwerbléck iwwer d'Fuerderunge vun dësem Fraestreik, an zum Punkt géint Gewalt géint Fraen deelen hatt an d'Lynn perséinlech Erfarungen. Zum Schluss huele mer iech mat op de Fraestreik, wou mer nogefrot hunn, fir wat dir et wichteg fannt, dass mer och 2024 nach esou e Streik hunn.

    Ulafstellen: 
    https://violence.lu/ 
    https://fed.lu/wp/
    https://454545.lu/

    • 22 min
    #11 Déi gutt Mod an der Pensioun

    #11 Déi gutt Mod an der Pensioun

    Mir hunn eng gutt Mod op Besuch: D'Chantal Rossi huet knapp 40 Joer beim Tageblatt geschafft. Ugefaang als Dactylo, huet d'Chantal déi meescht Zäit vu senger Karriär als Direktiouns- a Redaktiounssekretärin verbruecht. D'Chantal erzielt aus sengem fréieren Aarbechtsliewen awer och iwwert d'Erausfuerderunge vun der Pensioun wa vun haut op muer de gereegelten Dagesoflaf wechfält. Dernieft schwätzen d'Melody an d'Lynn iwwert d'Wichtegkeet vu Mediekompetenz an de Schoulen a firwat et ganz normal ass, datt et zu engem Sujet 10 verschidde Wourechte ginn.

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

    • 40 min
    #10 To-Do-Lëschten an Out-Of-Office-Messagen

    #10 To-Do-Lëschten an Out-Of-Office-Messagen

    Dësen Episod starte mer mat engem Grond, fir ze feieren: De Misch Pautsch, Journalist aus eiser Ekipp, ass den neie President vun der ALJP (Association Luxembourgeoise des Journalistes Professionnels). D'Melody ass selwer schonn e puer Joer Member am Veräin an erkläert wat d'Roll vun der Journalist*innenassociatioun ass. Duerno erziele se wat si alles op hir To-Do-Lëschte schreiwen a wéi déi géint negativ Gedankespiralen hëllefe kënnen. 

    An d'Lynn erkläert seng fréier ambivalent Bezéiung zu automateschen Out-of-Office Messagen déi Iech souguer viru potenzielle Mëssverständnisser ofséchere kënnen.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

    • 28 min
    #9 Schlofe kanns de, wann s de dout bass

    #9 Schlofe kanns de, wann s de dout bass

    Happy new year un all déi gutt Moden dobaussen! Mir huelen eis keng Virsätz fir d'neit Joer, dofir hu mir der fir Iech! D’Lynn erkläert dem Melody d’IKIGAI-Method an d’Melody hëlt säi Schlofrhythmus auserneen a kritiséiert, datt Leit déi spéit opstinn ëmmer als méi faul duergestallt ginn. Zum Schluss gi mer op Äre Feedback an a versichen erauszefanne firwat Betriibsfeieren dacks ausaarten.

    Aus dem Episod:
    https://journal.lu/de/zu-wenig-beachtung

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

    • 29 min

Customer Reviews

5.0 out of 5
1 Rating

1 Rating

Top Podcasts In Society & Culture

Rammstein – Row Zero
NDR, SZ
Love Life with Matthew Hussey
Matthew Hussey
Seelenfänger
Bayerischer Rundfunk
1000deeg
Maxi Pesch
InPower par Louise Aubery
MyBetterSelf
Le goût de M
Le Monde

You Might Also Like