5 episodes

Wëlls du gäre wësse wéi déi éischt dausend Deeg e ganzt Liewe kenne beaflossen? Am Podcast "1000deeg" erfuerscht d'Maxi Pesch, Journalistin a Mamm, déi kritesch éischt 1000 Deeg am Liewen. Zesumme mat Experten aus der Neurologie, Psychiatrie a weidere Professioune beliicht Si déi enorm Bedeitung vun dëser Period déi schonn am Bauch vun der Mamm ufänkt. 

Wéi eng Facteuren influenzéieren déi fréikandlech Entwécklung? Wat kënne mir zu der gesonder Entwécklung vun eise Kanner bäidroen? Wéi huet dës Period eis selwer gepräägt? Wou steet d'Politik?

An 1000deeg begleeden eis Experten op der sich no Äntwerten. Mir dauchen an an d’Wëssenschaft vum Gehier, analyséiere sozial Ongläichheeten an entdecken eis dacks verstoppten Intuitioun erëm. Eis Geäscht reeche vun Neurologen iwwer Psychiateren an Ekonomiste bis hin zu Politiker, Fuerscher an Elteren.

Eist Zil? En déift Verständnis dofir ze entwéckele, wéi mir als Elteren, Betreier, Pädagogen, Politiker an als Deel vun der Gesellschaft de Wee fir eng gesond, glécklech an erfollegräich Zukunft fir eis Kanner kënne preparéieren.

Abonéier dech elo a verpass net déi éischt Episod vun 1000deeg den 3.Mäerz. An duerno all zweete Sonnden. Méi Informatioune fënns du op Instagram oder Facebook ënnert 1000deeg

https://www.instagram.com/1000deeg/

https://www.facebook.com/1000deeg

1000deeg Maxi Pesch

    • Society & Culture
    • 5.0 • 6 Ratings

Listen on Apple Podcasts
Requires macOS 11.4 or higher

    Digital Welten: Wéi en Impakt hu Smartphones a Co op d'Entwécklung vun eise Kanner?

    Digital Welten: Wéi en Impakt hu Smartphones a Co op d'Entwécklung vun eise Kanner?

    Mir begréisse de Gilbert Pregno, e Psycholog a renomméierten Expert fir Kannerrechter zu Lëtzebuerg. An dëser Episod diskutéiere mir, wéi déi digital Medien d'Entwécklung vun eise Kanner beaflossen an déi dréngend Noutwendegkeet fir e responsabelt Eltereverhalen an eiser digitaler Zäit. 

    Fir weider spannend Inhalter, follow eis op Instagram a Facebook, a vergiess net ze liken, deelen, an ze kommentéieren oder Froen ze stellen. Oder schreif eis eng E-mail. Mir si gespaant op däin Input!

    pesch.maxi@gmail.com

    ⁠https://www.facebook.com/1000deeg⁠
    ⁠https://www.instagram.com/1000deeg/⁠

    Elengerzéiend: Dem Sandra säi Kampf fir méi Gerechtegkeet

    Elengerzéiend: Dem Sandra säi Kampf fir méi Gerechtegkeet

    An dëser Episod deelt d’Sandra Merenne hier Geschicht als elengerzéiend Mamm nom abrupte Verloscht vun hirem Mann. Hier Experienz beliicht d’Erausfuerderunge vum System am Bezuch op de Congé Parental a Congé pour raisons familiales zu Lëtzebuerg. 💼👩‍👧

    Fir méi spannend Inhalter, follow eis op Instagram a Facebook, a vergiess net ze liken, deelen, an ze kommentéieren oder Froen ze stellen. Oder schreif eis eng E-mail. Mir si gespaant op däin Input!

    pesch.maxi@gmail.com

    Verhalensstéierunge bei Kanner: Zäit fir e Changement

    Verhalensstéierunge bei Kanner: Zäit fir e Changement

    Mir diskutéiere mam Kannerdokter Patrick Theisen a mat der Sozialpedagogin Carla Carvalho iwwer d'Hausse vu Verhalensstéierunge bei de Kanner. Eis Experte beliichte, wéi modern Liewensstiler an d'Friembetreiung dës Entwécklung beaflossen. Entdeck, wéi mir duerch méi Zäit an Ënnerstëtzung e positiven Impakt kënnen hunn. 

    Fir méi spannend Inhalter, follow eis op Instagram a Facebook, a vergiess net ze liken, deelen, an ze kommentéieren oder Froen ze stellen. Oder schreif eis eng E-mail. Mir si gespaant op däin Input!
    pesch.maxi@gmail.com
    ⁠https://www.facebook.com/1000deeg⁠
    ⁠https://www.instagram.com/1000deeg/

    Vun Ufank un: D'Bedeitung vun den éischten 1000 Deeg

    Vun Ufank un: D'Bedeitung vun den éischten 1000 Deeg

    Entdeck de Geheimcode vun deenen éischten 1000 Deeg! 🚀 An eiser Kick-off Episod vum '1000 Deeg' Podcast tauche mir mat Pedopsychiater Dr. Christine Desmarez an déi verstoppte Welt vun der fréikandlecher Entwécklung. Vun der mentaler Gesondheet vun den Elteren iwwer déi emotional a psychologesch Entwécklung vum Kand bis hin zu konkrete Strategien, wéi mir déi fréikandlech Entwécklung ënnerstëtze kënnen, Dat alles héiert dir an dëser Episod.

    Fir méi spannend Inhalter, follow eis op Instagram a Facebook, a vergiess net ze kommentéieren a Froen ze stellen. Oder schreif eis eng E-mail. Mir si gespaant op däin Input!

    pesch.maxi@gmail.com
    https://www.facebook.com/1000deeg
    https://www.instagram.com/1000deeg/

    Trailer

    Trailer

    Wells du gäre wësse wéi déi éischt dausend Deeg e ganzt Liewe kenne beaflossen? Mäin Numm ass Maxi Pesch, a genau dës Fro huet mech als Journalistin a Mamm dozou beweegt de Podcast 1000deeg ze starten.

    Kommentéier dës Episod gären op Social Media

    https://www.facebook.com/1000deeg
    https://www.instagram.com/1000deeg/

Customer Reviews

5.0 out of 5
6 Ratings

6 Ratings

Top Podcasts In Society & Culture

Paarspektiven
Ischtar und Tommy
Affaires sensibles
France Inter
Skift Ideas
Skift
Hotel Matze
Matze Hielscher & Mit Vergnügen
Grand bien vous fasse !
France Inter
Les Pieds sur terre
France Culture

You Might Also Like

Den Hallwer Néng
radio 100,7
Invité:e vum Dag
radio 100,7
RTL - Invité vun der Redaktioun
RTL Radio Lëtzebuerg
Panorama
radio 100,7
NDA: Geschichten, die nicht erzählt werden sollen
DER SPIEGEL
Verbrechen
ZEIT ONLINE