
32 avsnitt

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani Sarah Cattani
-
- Hälsa och motion
Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...
-
Episode 31: Baubiologie
An dësem Podcast interesséieren mer äis un d’Ëmfeld an deem mer wunnen. Baubiologie ass un sech d’Leier vun der ganzheetlecher Bezéiung tëscht den Mënschen an hirer gebauter Ëmwelt. Baubiologie huet als Ziel een gesond naturno, nohaltegt an och ästhetescht Wunn oder Aarbechtsëmfeld ze schafen. Gebaier an Raim sinn fir Baubiologen souzesoen wei eng drëtt Haut vum Mënsch an dat kann op ganz villes en Afloss hunn, wou een vlait op den éischten Coup iwwerhaapt net drun denkt. Am Gespréich ass den Ralph Baden, Diplombiologe an Baubiologischer Messtechniker.
-
Episode 30: Mindfullness
An dësem Podcast gi mer eis emol ganz bewosst wat genee an dësem Moment geschitt. Weieeng Techniken een kann benotzen am privaten oder och am professionellen Liewen fir méi uechtsam ze ginn an deemno och méi bewosst ze handelen.
Uechtsamkeet bezeechent en Zoustand vum Geescht an deem den Mënsch hellwaakreg ass an alles matkritt wat den Moment selwer geschitt souwuel kierperlech wei mental mee ouni Gedankenstreim dei hien op eng aner Platz matrappen, ouni Erënnerungen oder Projektiounen, ouni Phantasmen oder soss eppes wat hien oflenkt, an och ouni den Moment ze bewäerten. D’Marianne Reimann, Uechtsamkeetscoach erklärt äis net just wat et mat Mindfullness op sech huet mee gëtt äis och en klengen Fiergeschmaach mat enger Mikro Meditatiouns-Übung. Lauschter eran! -
Episode 29: Hypnobalance
D'Cindy Gouden ass Hiewan an Hypnotherapeutin an sëtzt sech virun allem mat den Themen Schwangerschaft, Gebuert, Kannerwonsch mee och traumatesch Gebuerten, Fehlgebuerten, Staerenkanner auseneen an seet selwer : egal wei haart d’Ëmstänn sinn et gëtt ëmmer en Mëttel an Wee fir des ze verschaffen. Et geet drëms den Mënschen ze hëllefen nees an den Aklang mat sech selwer ze kommen duerch d’Hypnose an domat dann och hier eegen Balance zreckzefannen. Lauschtert eran, et ass faszinant wat een alles duerch hynpobalance kann verschaffen léieren.
-
Episode 28: Medical Tattoo
An dësem Episode schwätzen mir mat der Tattoo-artistin Sandra Biewers iwwert medizinesch Tättowéierungen. Zanter gudd 25 Joër gëtt et des Spezialisatioun op “3D Areola/Nipple Restorative and Scar tattooing”. D’Patienten kreien heiduerch en ganzt nait Narbenbild an et kann hinnen och hellefen nee zu sech selwer an zu hirem Kierper ze fannen. En faszinant Thema wat dei aktif Kënschtlerin elo och hei am Land ënnert dem Numm “Moldokter” ugefaangen huet.
-
Episode 27: Energy Healing
Schamanismus bezeechent un sech eng Traditioun déi aus SIBIRIEN kennt an gëtt dohier och Sibireschen Animismus genannt. D’Heelritualer vun esou Schamanen ginn dobäi net just mam Moment selwer em mee kennen och an d’Vergaangenheet vun der Persoun goen déi bei si geet. Et ass weder eng Relioun nach just eng spirituell Praxis, mee Energieheelen oorientéiert sech awer un dësen Saachen an schafft wei den Numm et schonn seet mat Energien. Klengt vlait op den éischten Bléck bëssi skurril, mee mir wäerten gläich vill méi zu dësem Theme gewuer ginn. Bei mer ass den Frank W. Healer deen aus enger Famill vun Energieheeler kennt awer reicht rezent no enger Carrière am Finanzberaich selwer praktizéiert.
-
Episode 26: Schwangerschaft
Bei Be Well geet et haut em eng ganz besonnesch Zäit an enger Fra (an och engem Mann) hirem Liewen, nämlech wann en neien klengen Mënsch decidéiert huet op des Welt ze kommen. Schwangerschaft, déi eng hunn eng oder méi hannert sech, aner dreemen dovun oder wëllen guer näischt dovun wëssen. D’Schwangerschaft den Ufank vun all Liewen hei op dësem Planéit, an dat an egal wei engem Familiären oder sozialen Kontext. Et ass den Ufank vun engem ganz neien Kapitel, fir den Puppelchen, fir d’Mamm, den Papp ma och fir all déi ronderem. Fir mat mir iwwert dëst schéint an Thema voller Léift ze schwätzen, an wat fir eng Optiounen een wärend dëser extraer Zäit zu Lëtzebuerg ass haut d’Hiewan Danielle Federspiel bei mir am Studio.
Uschléissend schätzen mir mam Stéphanie Fabbri dann och doriwwer wat eng Doula ass an wisou ëmmer méi Fraen och esou eng Berooderin an Begleederin wärend an no der Schwangerschaft huelen.