18 episodes

De Podcast vir d'Fra an den Mann, déi sech an d'Liewen net all ze eescht huelen an iwwert alles kenne laachen. Kommt eran, lauschtert no an loosst iech näischt anescht zielen.

Lompekréimer Daniel a Mike

    • Comedy

De Podcast vir d'Fra an den Mann, déi sech an d'Liewen net all ze eescht huelen an iwwert alles kenne laachen. Kommt eran, lauschtert no an loosst iech näischt anescht zielen.

    Hei gëtt gesabbelt mam Patrick Marques

    Hei gëtt gesabbelt mam Patrick Marques

    Influencer aus Lëtzebuerg? Kléngt fir d'Éischt emol verréckt, gëtt et awer. Den Beweis dofir ass eisen Gaascht vun dëser Folge, den Patrick Marques, deen eis ënnert anerem och nach all eenzelen Knachen am Kierper problemlos zum Baschten bréngen kéint. Hien ass nämlech Karateka an der Nationalekipp an huet virun der Pandemie fir Olympia trainéiert.

    • 37 min
    Hei gëtt gesabbelt mam T the Boss

    Hei gëtt gesabbelt mam T the Boss

    Wann een vum "T the Boss" schwätzt, verbënnt een domadder oft eng Lëtzebuerger Rap-Legend, déi schonn säit Joerzéngten net méi aus der nationaler Hip-Hop Zeen ewech ze denken ass. Mir hunn mat him an engem labberen Gespréich iwwert Gaming, seng Passioun fir den Fussballclub aus Barcelona, awer natierlech och iwwert Musek geschwat. Ech hoffen iech gefält dat sympathescht Gespréich genau esou gutt ewéi eis.

    • 38 min
    Octopussy

    Octopussy

    Wat ass déi beschte Schlofpositioun? Déi erfollegräichsten Mënschen schlofen um Réck, den Daniel net. Ausserdeem sinn Tëntefësch an Tentakelen an der Diskussiounsronn vertrueden (nee keen Fetisch-Talk) an ongewéinlech Fakten iwwert Déieren. Mir kéinten engem T-Rex warscheinlech labber fort lafen, wat den Film Jurassic Park vill manner spektakulär wierken léisst. An zum Schluss ginn et erëm Film-Tipps, stay tuned.

    • 32 min
    Läichewon

    Läichewon

    Den Daniel setzt ouni säin Mikro am iwwerraschend vereenten Portugal, an huet sech 1Slip méi agepaakt, am Fall wou eppes an d'Box geet, wien kennt dat net? Alt wéinstens reesen mir net mat enger Läich am Gepäck... Dout sinn ënnert anerem och definitiv d'Fraerechter an der Tierkei, spéitstens nom rezenten Tëschefall mam Ursula von der Leyen.

    • 26 min
    Hurra, die Schule brennt!

    Hurra, die Schule brennt!

    Den CR7 war zu Lëtzebuerg op Besuch an huet just Verwüüstung hannerlooss, dat zumindest am Stade Josy Barthel. Wéi den Folgentitel et vläicht vermudden léisst, gëtt och an dëser Episod erëm mächteg op eisen Bildungssystem geknëppelt. Mir stellen eis och Legitimitéit vum Genderen a Fro, an baséieren eis op en Interview vum Prof. Dr. Richard David Precht géigeniwwer der "Welt".

    • 34 min
    DÄIWELSKÄREL

    DÄIWELSKÄREL

    GERSON RODRIGUES, DU DÄIWELSKÄREL!!! Wat hunn eis rout Léiwen een staarken Quali-Optakt an déi dach ganz ëmstridden WM am Katar dohin geluecht. Do kann een als Lëtzebuerger nëmmen houfreg sinn. Net sou houfreg ass dann wuel den Kapitän vun der "Ever Given", deen den hallwen Welt-Marché mat senger grandioser Aktioun lahm geluecht huet. Lahm geluecht ginn och elo Schnorrer-Accounts bei Netflix an schonn säit mëttlerweil 1 Joer den Kontakt ënnereneen, an dat stéiert virun allem eng Altersgrupp: déi Jugendlech. Déi versammelen sech trotzdeem, maachen Knascht an verbreeden den Virus. Mee wat vir een Choix hunn se ? Wat d'Episod méi laang gëtt, wat se méi asi gëtt, wéi dem Donald Trump seng Amtszäit.

    • 41 min

Top Podcasts In Comedy

The Joe Rogan Experience
Joe Rogan
SmartLess
Jason Bateman, Sean Hayes, Will Arnett
Wiser Than Me with Julia Louis-Dreyfus
Lemonada Media
Call Her Daddy
Alex Cooper
Conan O’Brien Needs A Friend
Team Coco & Earwolf
This Past Weekend w/ Theo Von
Theo Von