Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht
Poterkëscht vum INLL

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

  1. 4 DAYS AGO

    Fuesent zu Lëtzebuerg (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Fueszäit zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Schued! Geschwënn ass d’Fuesent scho rëm riwwer! B: Waars de op engem Fuesbal? A: Ech war souguer op zwee Fuesbaler an op zwou Kavalkaden! B: Wow! Du hues vill Energie! Als wat waars de da verkleet? A: Ech war eng Kéier als Prinzessin an eng Kéier als Maus verkleet, a fir op d’Kavalkaden hunn ech en Äisbierekostüm ugedoen, well et esou kal war. B: Witzeg! A: Waars de och op engem Fuesbal? B: Nee, dat ass net esou menges... Ech hunn d’Fuesmusek iwwerhaapt net gär. A: Mee Kavalkade sinn awer flott! Do ass ëmmer eng gutt Stëmmung. D’nächst Kéier gees de mat eis! B: Nee, ech verkleede mech net gär. Als Kand hat ech et gär, mee elo seet dat mir näischt méi. A: A ok! Häss de da Loscht den nächste Mëttwoch op Réimech ze fueren? Da gëtt de Stréimännche verbrannt! Ech war d’lescht Joer do. Dat ass och flott! An do ass keng Fuesmusek! B: Wat ass dat? A: Zu Réimech gëtt traditionell op Äschermëttwoch de Stréimännche verbrannt, fir der Fuesent an dem Wanter äddi ze soen. B: Oho! Dat kléngt extra! Kanns de mer dat méi genee erklären? A: De Stréimännchen, eng Figur aus Stréi, gëtt an engem Danz-Cortège duerch d’Stroosse vu Réimech bis op d’Muselbréck gedroen. Op der Bréck gëtt de Männche mat Feier ugefaang an an d’Waasser geheit. An de Schaltjoren gëtt eng Stréifräche verbrannt. B: E Fräsch? A: Nee, eng Frächen. Dat ass eng vereelzt an ëmgangssproochlech Diminutivform vu “Fra”. Dat seet een elo net méi, mee dann erkenns de d’nächst Kéier d’Wuert, wann s de et héiers oder lies. B: Ok! Wat mécht een do nach? A: Si zerwéiere gebakene Fësch a Gromperekichelcher, an et kritt ee Glüwäin ze drénken. B: Hm. Wéini ass dann Äschermëttwoch? A: Dëst Joer fält en op de 5. Mäerz. B: Waart, ech kucken a mäin Agenda...Nee, do kann ech net, ech hunn deen Dag zwou wichteg Reuniounen. Ech ka mer net fräi huelen. A: Schued! Vläicht hues de d’nächst Joer Zäit. B: Jo! Gëtt et net nach e Fest, wou mir dem Wanter äddi soen? Déi Traditioun kënnt mir bekannt vir. A: Genee! D’Buergbrennen! B: A jo! Dat hunn ech schonn héieren. Ass dat iwwerall oder just an deenen Uertschaften, wou eng Buerg steet? A: Nee, dat ass a ville Gemengen uechter d’Land. Lokal Veräiner këmmere sech ëm d’Organisatioun. Si bauen d’Buerg an zerwéieren och Iessen a Gedrénks. D’Buerg besteet aus Holz, aus alen Äscht, aus Stréi, aus den ale Chrëschtbeemercher, asw. D’Form vun der Buerg ka variéieren. Oft ass se a Form vun engem Kräiz. B: Mee firwat ass d’Buerg dann net a Form vun enger Buerg? Firwat heescht et da Buerg? A: Jo, dat ass e bësse witzeg. “Buerg” kënnt vu Latäin “burere”, dat heescht “brennen”. B: Wéi? Dann heescht “Buergbrennen” eigentlech “Brennenbrennen”? A: Jo! B: Wat kann een dann do iessen an drénken? A: Oft gëtt et Ierzebulli, dat ass eng Zopp aus Ierbessen, et gëtt Grill- a Mettwurschten, Bouneschlupp, eng Zopp mat Bounen, Glüwäin an anert Gedrénks. B: Wéini ass dat? Och op Äschermëttwoch? A: Nee, e puer Deeg duerno. Buergbrennen ass ëmmer den éischte Sonndeg oder och Samschdeg no der Fuesent. Dëst Joer ass et den 8. an 9. Mäerz. B: Dat ass gutt! Ech hunn de Weekend besser Zäit. Duer kann ech matkommen! A: Super! Da kënns de bei eis! Dat gëtt flott! B: Ech freeë mech drop! Ech wëll onbedéngt all d’Lëtzebuerger Traditioune kenne léieren!

    5 min
  2. FEB 13

    Op eng Hochzäit goen (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript Aluedung op eng Hochzäit    A: O, kuck emol! Ech sinn op eng Hochzäit invitéiert ginn!  B: Ou?! Vu wiem dann?  A: Vum Marie a vum Bruno.   B: Da lies emol vir, wat op der Invitatioun steet !  A: Ok, ee Moment … Léift Lucie, du bass heimat häerzlech invitéiert, dee schéinsten Dag vun eisem Liewe mat eis ze feieren.  B: Wéi romantesch!  A: De 15. Juni um 15 Auer bestuede mir eis an der Kierch zu Réimech.  B: O, op der Musel! Wéi flott!  A: Jo. Ech liese weider: Duerno feire mir mat Iech am Restaurant Wäistuff. Fir Iessen, Gedrénks a gutt Musek ass gesuergt.  B: O, an der Wäistuff war ech schonn op enger Kommioun! Dat ass e gudde Restaurant, an et gëtt bestëmmt och gudde Wäin.  A: Ech si scho gespaant. Zum Schluss steet nach: So eis wgl. bis den 1. Mee Bescheed, ob s du kënns, an ob s du eng aner Persoun matbréngs. Mir freeën eis drop!  B: O, kann ech matkommen?  A: Haha, nee, ech mengen, ech froen de Marc. Mir waren nach ni zesummen op enger Hochzäit.   B: Et war just e Witz! Natierlech gees du mat dengem Frënd.   E Kaddo fir eng Hochzäit A: Hey! So, kanns du mir hëllefen? Ech gouf op eng Hochzäit agelueden, mee ech si mir net sécher, wat ech als Kaddo matbrénge soll. Op der Invitatioun stoung och eng IBAN-Nummer, weess du, firwat déi kéint sinn?  B: A jo, dat ass ganz normal hei zu Lëtzebuerg. D’IBAN-Nummer ass meeschtens dofir, datt s du direkt Suen iwwerweise kanns. Et ass hei üblech, Sue fir d’Hochzäit ze schenken.  A: Wierklech? Suen?! Dat fannen ech komesch. Ass dat net onperséinlech? Bei eis an England géif een éischter e richtege Kaddo matbréngen. Eppes, wat fir d’Koppel nëtzlech ass oder eng Bedeitung huet. Zum Beispill e Service oder eng Dekoratioun mat den Nimm vun der Koppel. Sue géif bei eis kee schenken, héchstens e Bong.  B: Et ass interessant, wéi verschidden dat vu Kultur zu Kultur ass. Hei zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner schenken d’Leit oft Suen, fir d’Hochzäitskäschten ze decken. Virun allem eng grouss Hochzäit ka séier an de Portmonni schloen. Ausserdeem notze vill Koppelen déi Suen, déi si fir hir Hochzäit kréien, fir hir Hochzäitsrees ze finanzéiert oder sech soss eppes ze gönnen. Heiansdo gëtt d’Koppel dat och spezifesch un, zum Beispill wa se fir eng grouss Rees oder en Haus spueren.  A: A, dat mécht Sënn. Mee schreift d’Koppel dat da wierklech schon an d’Invitatioun? Bei eis wier dat e bëssen, wéi soll ech soen, direkt?  B: Haha, jo, et ass vläicht e bëssen direkt, mee hei wierklech ganz normal. Heiansdo steet och e klenge Sproch oder en Hiweis an der Aluedung, zum Beispill ,,Eise Stot ass scho komplett, dofir géife mir eis iwwer e klenge Bäitrag fir eis Hochzäitsrees freeën.’’ Da wëssen d’Gäscht direkt Bescheed.  A: Dat ass wierklech ganz anescht, wéi ech et gewinnt sinn! Op deenen Hochzäiten, wou ech bis elo war, kruten d’Gäscht am Viraus eng Lëscht geschéckt mat Saachen, déi d’Leit direkt fir d’Koppel kafe konnten.   B: Dat ass och praktesch, an dovun hunn ech och schon héieren. Dat gëtt hei zu Lëtzebuerg oft gemaach, wann eng Koppel Nowuess kritt. Da gëtt et oft eng Lëscht, wou d’Leit e Kaddo fir de Puppelche kafe kënnen.  A: Dat ass praktesch! Mee, so, eng Fro hunn ech awer nach. Weess du, wéi vill Suen ech da schenke soll? Gëtt et do eng Reegel?  B: Eigentlech net, mee meeschtens kuckt een, wéi gutt een d’Koppel kennt, oder wéi vill d’Feier ongeféier kascht. Sou ëm déi 50 bis 150 Euro si schon üüblech, mee bei enke Frënn oder Familljemembere kann et natierlech och méi sinn.  A: Ok, dann iwwerleeën ech emol, wéi ech et maachen. Et kléngt op alle Fall méi einfach, wéi e grousse Kaddo matzebréngen, mee ech muss mech nach e bëssen un de Gedanke winnen.  B: Dat kann ech verstoen. Du kanns jo och eng schéi Kaart dobäileeën an d’Suen dodran iwwerreechen. Dat gëtt hei och oft gemaach a gesäit méi perséinlech aus.  A: O jo, dat ass eng gutt Iddi! Dat maachen ech! Merci fir deng Hëllef!  B: Et ass gär geschitt!

    5 min
  3. FEB 11

    Vältesdag (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! E Freideg ass de 14. Februar, also Vältesdag. Haut lauschtere mir en Dialog, wou eng Koppel iwwer dëst Theema diskutéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Vältesdag A: So, du weess jo, geschwënn ass Vältesdag.  B: Wat ass geschwënn?  A: Ma, Vältesdag.  B: Hei, nee, fänk net erëm un! Ech hunn dir dach d’lescht Joer schonn erkläert, datt ech dee blöden Dag net feieren.  A: Ech verstinn dat einfach net. Jidderee mécht eppes Romantesches deen Dag oder schenkt sengem Partner oder senger Partnerin eng Klengegkeet. Just ech kréie rëm näischt.  B: Wie vun eise Kolleege feiert dat dann, wannechgelift?  A: De Ben an d’Laure gi schick iessen, de Marco sot hie géing dem Vanessa Rousen op de Büro schécken an d’Marte bastelt dem Sven eppes.  A: A wat mécht de Sven dono domat? Et flitt an d’Poubelle.  B: Sief dach net esou.  A: Ech verstinn einfach net wat esou speziell un deem Dag ass. Dat ass einfach erfonnt ginn, fir rëm onnéideg Saachen ze verkafen a Suen domat ze maachen. Mengs du wierklech datt een am Februar Rouse kritt? Déi mussen dach vu wat weess ech wou importéiert ginn, fir datt mir eis domat beschenke kënnen. Also ëmweltfrëndlech ass et och emol net.  B: Jo, du hues jo Recht, mee et musse jo keng Rouse sinn. Du kanns mir jo och einfach eng léif Kaart schreiwen, mir Knippercher kafen oder mech an e Restaurant invitéieren.  A: Knippercher? Sos du net viru kuerzem du wéilts méi oppassen, wat s du ëss? Ausserdeem gi mir jo awer reegelméisseg an de Restaurant an ech schreiwen dir quasi all Dag, dass ech dech gär hunn. Ech weess net, wat een nach vun engem erwaarde kann.  B: Jo, du bass jo och e super Frënd an ech ka mech och net bekloen, mee ech sinn ëmmer e bësse jalous, wann ech héieren, datt déi aner eppes Flottes maachen oder kréien.  A: Also, wann dat dir wierklech esou wichteg ass, da kann ech mir jo eng afale loossen.

    3 min
  4. FEB 6

    Vum Wantersport erzielen (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, wéi d'Schivakanz vun de Frënn aus dem leschten Episod war a wat si alles gemaach hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Iwwert eng Schivakanz schwätzen   A: Hallo! An wéi war är Schivakanz? Schued, datt mir eis do net iwwert de Wee gelaf sinn. Ech war och do mat de Kanner  B: Jo, den Tony sot mir, dass dir och do waart, mee vläicht ass et och besser, datt mir eis net iwwert de Wee gelaf sinn.  A: Firwat dann dat?  B: O, well ech awer e puermol en décke Kapp hat. Mir ware quasi all Owend op den Après-ski an du weess, wéi dat geet.  A: O mam, jo! Wéi ech nach keng Kanner hat, war ech ëmmer dat éischt um Après-Ski. Mee wéi war är Vakanz dann nach esou?  B: Et war wierklech flott. Ech ginn immens gär an Éisträich an d’Bierger. Mir sinn dëst Joer och an der Nuecht gefuer a hate quasi kee Stau.  A: Mir maachen dat och mëttlerweil esou. Et ass e bëssen ustrengend, fir esou fréi opzestoen, mee et lount sech awer. Hat dir dann en Appartement oder en Hotel gelount?  B: Mir hunn en Appartement gelount. Du weess jo wéi deier ëmmer alles an der Schivakanz ass, dofir hu mir eis d’Käschte vum Appartement zu sechs gedeelt.  A: Zu sechs? Dat wier mir ze vill.  B: Am Ufank war och e bësse skeptesch, mee mir sinn awer all ganz gutt eens ginn an et war wierklech genuch Plaz do. Mir hate véier Schlofkummeren, zwee Buedzëmmer, nach eng separat Toilette an e Balcon mat Vue op d’Schipisten.  A: An dir hat awer keng Kichen a Living?  B: Ma dach, natierlech. Moies hu mir ëmmer zesummen an der Stuff Kaffi gedronk. Ausser den Tom , deen huet ëmmer bis 12 Auer geschlof an ass dann direkt Schi fuere gaangen.  A: Typesch! So, hues du och fonnt, dat et dëst Joer extreem deier war? Si hu jo iwwerall d’Präisser eropgesat. Wann et esou weidergeet, da weess ech net, ob mir eis dat nach fir véier Persoune leeschte kënnen.  B: Jo, also fir eng Persoun geet et nach, mee wann ech fir eng ganz Famill misst bezuelen, da géing ech mir et och zweemol iwwerleeën. De Präis vum Schipass ass net an d’Luucht gaangen, mee dofir awer d’Locatioun vum Schimaterial. Mir hunn all eng Helm, Schischong, d’Schi an d’Bengele gelount an dat war duebel esou deier, wéi d’lescht Joer.  A: Schlëmm..an d’Appartement?  B: Dat war nach ok, well mir jo zu sechs waren, mee et war och net geschenkt. Wat awer och deier war, war d’Iessen an d’Gedrénks an de Hütten an um Après-Ski. Ech hu 5€ fir eng Limonad bezuelt, de Béier huet 9€ kascht an d’Cocktaile 13€ an da ware se mol net gutt.  A: O mei. Mir hu just eemol an engem Restaurant um Bierg giess an dono hu mir eis ëmmer Schmiere matgeholl, well et einfach ze deier war. Ech menge mir ginn elo just nach all zweet Joer an de Wantersport. Mir musse jo och nach d’Schischoul fir déi Kleng bezuelen a fir siwen Deeg, gëtt dat eng deier Affaire.  B: Dat ass wierklech schued, well dat ass quasi déi eenzeg Plaz wou se nach gudde Schnéi hunn a wou net esou vill Konschtschnéi läit.  A: Jo, ech weess, do kann ee wierklech nach gutt fueren, mee wann et esou an de Portmonni geet, da kann een net méi all Joer goen.

    4 min
  5. JAN 30

    Liichtmëssdag (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer eng Lëtzebuergesch Traditioun, Liichtmëssdag. Wat dat genau ass, héiere mir haut. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Hallo Luc! Ech hu viru Kuerzem vun enger lëtzebuergescher Traditioun héieren, déi ech nach net kennen: Liichtmëssdag. Kanns du mir soen, wat dat ass?  B: Natierlech! Liichtmëssdag gëtt zu Lëtzebuerg all Joer den 2. Februar gefeiert. Dat ass de Virowend vum Dag vum Hellege Blasius, an do ginn d’Kanner liichten.  A: Liichten ? A wat ass dat dann ?   B: D’Kanner gi vun Dier zu Dier, meeschtens a klenge Gruppen. Wann d’Kanner kleng sinn, ginn oft nach d’Eltere mat. Se hunn e Liichtbengel mat engem Lampion, dee si meeschtens an der Schoul gebastelt hunn. Se sangen e Lidd a kréien da meeschtens vun de Leit Kamellen oder Séissegkeeten.  A : Flott! Dat kléngt e bësse wéi Halloween, mee ouni Kostüm. Wat sangen d’Kanner dann?  B: Et ass en traditionnellt Lidd, mir nennen et ,,Léiwer Herrgottsblieschen’’. Et kléngt esou : (Lidd).  A : Schéin ! Mee ,,Speck an Ierbesse’’ ginn et hautdesdaags warscheinlech net méi, oder?  B: Nee, wéi ech gesot hunn, ginn et meeschtens Séissegkeeten oder alt emol e puer Euro.  A: Ok! A wéini kommen d’Kanner deen Dag meeschtens?  B: Oft gi se no der Schoul, also am Nomëtteg fort, mee heiansdo komme se och nach owes.  A: Gutt, da passen ech op, datt ech deen Dag e puer Kamellen oder Schockela am Haus hunn. Mee eng Fro hunn ech awer nach. Wien ass den ,,Herrgotssblieschen’’?  B: Ma dat ass den Hellege Blasius, ee vun deene 14 hellegen Nouthëllefer. En ass bekannt dofir, datt en d’Véi vun de Bauere schützt, mee och géint Halswéi, Geschwier an d’Pescht hëlleft.   A: Wow, du weess wierklech vill. Ech froen dech dann d’nächst Kéier, wann ech zu enger anerer Traditioun eng Fro hunn!

    3 min
  6. JAN 28

    En Jobinterview (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut lauschtere mir en Jobinterview. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Jobinterview Accueil: Gudde Moie Monsieur. B: Gudde Moien. Ech hunn elo um 10:15 Auer, e Rendez-vous fir en Entretien. A: Wéi ass Ären Numm wgl.? B: Ech heesche Bertrand Lafontaine. A: Kënnt Dir Ären Numm buschtawéieren, wannechgelift? B: Jo, natierlech. Mäi Virnumm ass B-E-R-T-R-A-N-D. Mäi Familljennum ass L-A-F-O-N-T-A-I-N-E. A: Ajo, ech gesinn. Dir sidd op der Lëscht. Dir kënnt elo hei de Lift huelen an op den 12. Stack fueren. Do kënnt Dir nach ee Moment an der Salle d’attente waarden. Eis Direktesch kënnt Iech pünktlech sichen. B: Merci. ... Direktesch: Här Lafontaine wgl. B: Jo. Dat sinn ech. D: Kommt mat a mäi Büro wgl. Huelt Iech Plaz. B: Merci. Dir hutt wierklech eng schéi Vue op de Park. D: Dat stëmmt. Ech si ganz zefridden. Da fänke mir mol un… An Ärem Dossier steet, dass Dir momentan zu Diddeleng wunnt. Ass dat korrekt? B: Jo, dat stëmmt. An der rue de l’avenir, op der Nummer 27.  D: Vu wou kommt Dir? B: Ech kommen aus Frankräich, vu Montpellier. D: Wou schafft Dir de Moment? B: Ech schaffen de Moment als Finanzspezialist op enger Bank. D: Wat hutt Dir virdru gemaach? B: Ech hu virdrun als Comptabel bei ZonAma geschafft.  D: Wat maacht Dir dann elo op der Aarbecht? B: Ech beroden d’Clienten, analyséieren a suivéieren d’Finanzmarchéen an ech organiséiere Reuniounen. D: Firwat sicht Dir eng nei Aarbecht? B : Ech hunn den Ament e CDD, e contrat à durée déterminée, dee just bis Juli 2025 geet. Wat fir e Profil sicht Dir? D: Mir sichen eng Persoun mat 5 Joer Beruffserfarung. Et ass eis och wichteg, datt d’Persoun op d’mannst zwou vun den dräi offizielle Sprooche vum Land gutt schwätzen a schreiwe kann. Wéi vill Joer Beruffserfarung hutt Dir? B: Jo, ech hu schonn 10 Joer Erfarung an dësem Beräich an ech hunn och 5 Joer Auslandserfarung. Ech hunn an Indien, an den USA an och an England geschafft. D: Jo. Firwat wëllt Dir bei eis schaffen? B: Well Dir d‘Nummer 1 an Ärem Domän sidd an ech sinn iwwerzeegt, datt ech mech an Ärer Firma weiderentwéckle kann. D‘Aarbechtsklima schéngt mer hei dynamesch a kreativ ze sinn, wat mech immens motivéiert. D: An der Rei Monsieur Lafontaine. Hutt Dir eventuell nach Froen un eis? B: Jo, wéi vill Kandidaten hutt Dir? D: Mir hu ganz vill Kandidate fir dëse Posten.  B: Wéini kréien ech vun Iech eng Äntwert? D: Mir kontaktéieren Iech bannent enger Woch. B: An der Rei. Merci, datt Dir mech invitéiert hutt. D: Mir soen Iech Merci fir Ären Interessi.

    4 min
  7. JAN 23

    Hobby: Badminton (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer säin Hobby, Badminton spillen, a säin Engagement an engem Veräin zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer säin Hobby, a wéi et dozou komm ass, datt hie President vun engem Veräin ginn ass.  Moien, Emmanuel! Kanns du dech kuerz virstellen?  B: Moien! Ech heeschen Emmanuel, ech sinn 38 Joer al. Ech kommen aus Frankräich a wunnen zu Lëtzebuerg zanter 2009.  B:  Elo wunnen ech am Rollingergronn, (no bei der Stäreplaz).  A: Wat ass däin Hobby?  B: Dat ass Badminton. Awer dat ass méi wéi en Hobby: dat ass eng Leidenschaft!  A: Zanter wéini méchs du dat schonn?  B: Ech war 11 Joer al, wéi ech ugefaang hunn, Badminton ze spillen. Ech hu 7 Joer gespillt an dann hunn ech missen ophale fir d’Schoul/(Uni). Ech hunn erëm ugefaang wéi ech 2009 op Lëtzebuerg komm sinn.  A: Wéi hues du Lëtzebuerg ugefaang?  B: 2009 hunn ech um Lampertsbierg gewunnt. Also hunn ech um Site vun der Federatioun no engem Veräin no bei mengem Appartement gesicht, and dat war de Badminton Club Européen zu Dommeldeng.  A: Du bass elo President vum Veräin. Wéi ass et dozou komm?  B: Gutt Fro, haha. De Veräin war kleng, wéi ech ugefaang hunn. De Comité war net ganz motivéiert. Ech hat d’Iddi, fir Aktivitéiten ze maachen, oder méi Competitiounen ze spillen. An dunn huet de President mir eng Plaz an dem Comité offréiert, an ech hunn acceptéiert. Mir waren deemools 25 Spiller, an haut, si mir 130 Spiller. Mir haten eng Mannschaft fir Erwuessener an dem Championnat, an haut hu mir 5 Ekippe fir Erwuessener an zwou Jugendekippen an dem Championnat.  A: Interesséiere sech vill Jugendlecher fir de Sport?   B: Jo, méi a méi. Dat ass ganz gutt fir de Badminton zu Lëtzebuerg. D’Federatioun wëll méi Saache maache fir méi Jugendlecher un d’Spillen ze kréien, mat der Iddi, datt Lëtzebuerg een oder zwee Spiller fir déi nächst Olympiad huet!  A: Cool! A ginn et vill Benevollen?   B: Net vill, awer genuch. Ech hätt gär e puer Benevollen méi, fir méi Aktivitéiten ze maachen, mee mir hu genuch Benevolle fir datt de Veräin gutt funktionéiert.  A: Ech verstinn. An nach eng lescht Fro: Si vill aner Expats am Veräin aktiv?  B: A mengem Veräin, jo. Mee an der Federatioun si mir net esou vill Expats, fir ze hëllefen. An dem Comité vun de Federatioun ass een Expat vun 10 Memberen. A mengem Veräin an am Comité hu mir ee Lëtzebuerger vun 8 Memberen. Mir sinn den eenzege Veräin an der Stad, an dofir méi international wéi aner Clibb.  A: Interessant! Merci, Emmanuel, datt s du haut bei eis am Episod waars.

    3 min

Ratings & Reviews

About

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

You Might Also Like

To listen to explicit episodes, sign in.

Stay up to date with this show

Sign in or sign up to follow shows, save episodes, and get the latest updates.

Select a country or region

Africa, Middle East, and India

Asia Pacific

Europe

Latin America and the Caribbean

The United States and Canada