Grousse Kino radio 100,7
-
- Nachrichten
Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéieren déi nei Filmer.
-
Eng zweete Kéier vun der Croisette
Wärend all Cinephile gespaant ass, wien no der Justine Triet d’Palme d’Or kritt, ass de Grousse Kino dës Woch nach eng zweete Kéier op der Croisette ënnerwee. De Jeff Schinker hat sech ufanks der Woch zu Cannes mat der Vicky Krieps ënnerhalen an diskutéiert mam Marc Trappendreher iwwer Filmer am Concours - dorënner zwee Biopics iwwer de Limonov an de jonken Donald Trump, an iwwer der Coralie Fargeat hire grujelege Body-Horror “The Substance”, deen effektiv un d’Substanz geet an näischt fir sensibel Séilen ass.
-
Cannes Spezial
Nieft dem Erëffnungsfilm “Le deuxième acte”, dem Quentin Dupieux säin drëtte Film an nëmme siwe Méint, dee (bal) zäitgläich an eise Kinoen ugelaf ass, direkt dräi Filmer aus der Competitioun um Programm: “Diamond Brut” vun der Agathe Riedinger, “The Girl with the Needle” vum Magnus von Horn an dem Francis Ford Coppola säi “Megalopolis”, vun deem de Kultregisseur zanter 40 Joer dreemt. De Jeff Schinker an de Marc Trappendreher mat hiren Andréck vun der Croisette
-
Grousse Kino
De Michel Delage an de Jeff Schinker beschwätzen: "L'Ordine del tempo", "If", "Une Affaire de principe" a "Kingdom of the planet of the apes".
-
Grousse Kino - Net een ouni deen aneren
De Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker beschwätzen: "The Dead don't hurt" (Viggo Mortensen), "Challengers" (Luca Guadagnino) a "Radical" (Christopher Zalla).
Als Bonus dann e Gespréich mam dänesch-amerikaneschen Acteur a Cineast Viggo Mortensen. -
Grousse Kino - Jazzy mood
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Back to black" (Sam Taylor-Johnson), "Blue Giant" (Yuzuru Tachikara), "The Sweet East" (Sean Rice Williams) an "The Fall Guy" (David Leitch).
-
Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Jakobs Ross" (Katalin Gödrös), "Rosalie" (Stéphanie Di Giusto), "Civil War" (Alex Garland).
Am Interview: Katalin Gödrös, Realisatrice vun der Schwäizer-Lëtzebuerger Co-Produktioun "Jakobs Ross".