Invité:e vum Dag radio 100,7
-
- Nachrichten
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
-
Ainhoa Achutegui
Déi obligatoresch Bedenkzäit virun enger Ofdreiwung gëtt ofgeschaaft. Misst ee soss nach eppes um Ofdreiwungs-Gesetz änneren? Dat freet de Rick Mertens d’Presidentin vum Planning Familial.
-
Taina Bofferding
Als Oppositiounspartei wäert d’LSAP dës Woch natierlech géint der Regierung hire Staatsbudget stëmmen. Mee wat hätten d’Sozialisten anescht gemaach? De Rick Mertens freet hir Fraktiounscheffin.
-
Helge Dorstewitz
A ronn 10 Joer sollen all Dag eng 200.000 Leit mam Tram fueren. Am Kär vun der Stad wäert et bis dohin awer bei just enger Linn bleiwen. Obwuel Luxtram den Tronçon duerch d'Neipuertsgaass virdrun als wichteg agestuuft huet, ass déi Optioun elo mol vum Dësch. Firwat? Dat freet d'Christiane Kleer den designéierte Generaldirekter vu Luxtram.
-
Amela Skenderović
D’Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer hir Ambitiounen, mee och iwwer een Thema, bei deem grad déi jonk Demokraten net op enger Linn leie mat der Mammepartei, nämlech d’Atomkraaft.
-
Tilly Metz
De Maurice Molitor schwätzt mat där grénger Europadeputéierter, déi hir Aarbecht am Europaparlament gär no de Wale vum 9. Juni viruféiere géif.
-
Roger Spautz
Greenpeace presentéiert haut e Rapport, deen zu der Conclusioun kënnt, dass d'Lafzäit vun de Reaktere vu Cattenom u sech no 40 Joer net méi däerft verlängert ginn. De Roger Spautz vun der Ëmweltorganisatioun gëtt Explikatiounen dozou am Gespréich mam Maurice Molitor.