![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
139 episodios
![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
Méi wéi Sex Méi wéi Sex
-
- Salud y forma física
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
-
De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung
Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net nëmme mir selwer kënnen ee Kuerf kréien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir eng aner Persoun zeréckweise mussen. Och dat ass net einfach, vläicht esouguer méi schwiereg – mä och hei huet ären Liblingssexpodcast Tipps fir Iech! An an der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wéi ee Business Meeting hëllefe kann, besser ze kommunizéieren.
Vergiesst och net eisen Event de 6. Juli an de Rotonden, wou dir bei Workshops a bei enger Live-Opnam vun enger Episod kënnt dobäi sinn. -
Vu Gefiller a Kierperen - Schwangerschaft
Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och schwätzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perceptioun vu sech selwer an der Welt an wéi seng Bezéiungen mat de Leit a sengem Liewen sech verännert hunn.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer de Mythos vum vaginalen Orgamus. -
Oneenegkeeten aushalen - Konstruktiv Streiden
Fir déi meescht vun eis ass Sträit direkt mat onangeneeme Gefiller a Situatioune verbonnen: sech ublären, Beleidegungen, geklaakten Dieren a gebrachent Porzeläin. Mä dat muss net sinn, et kann een*t nämlech och konstruktiv streiden. Also esou, datt herno weder Teller nach Häerze gebrach sinn an een an enger Bezéiung weider kënnt. An dëser Episod erklären den Elie a Kelly, wéi si dobäi virginn, wourobber een*t wärend engem Sträit oppasse sollt a wat een*t duerno maache kann, fir erëm zou sengem Géigeniwwer an sech selwer ze fannen.
An der Rubrik geet et ëm een Thema, datt dir méi entspaant ugoe sollt: Den Elie erkläert eis, wéi een een Analplug benotzt. -
Ech wëll eppes vun dir an ech weess genee wat – queer netmonogam Frënd*innenschaften
Frënd*inneschaften si fir déi allermeeschte Mënschen e wichtegen Deel vun hirem (soziale) Liewen. Leider leede verschidde Faktoren an enger hetero- a mononormativer Welt dorun, fir eis Frënd*inneschaften heinsdo ze vernoléissegen. De Joël an d*e Robin schwätzen an eiser Episod doriwwer, wéi si hir Frënd*inneschafte gesinn - a firwat si queer net-monogam Frënd*inneschaften pfleegen, a wéi hir Queerness a Net-Monogamie déi Frënd*inneschaften stäerkt.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Spectatoring.
Shownotes:
Episod 57 iwwer Attraktioun -
Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn
Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn. Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wat fir verschiddenen Zorten et ginn.
Interessant Links:
MwS Episod #75 iwwert Dauer vu Sex
MwS Episod #69 iwwert Asexualitéit
MwS Episod #126 iwwert Demisexualitéit
Come As You Are vum Emily Nagoski -
Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral
D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhënnere soll an iwwer dem Robin seng Erfarungen mat dëser Verhütungsmethod.
Dës Episod ass dann och Deel vun enger neier Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op sex@ara.lu oder kontaktéier eis iwwer social media. :)
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Selbstkritik a kulturelle Kontext.
Shownotes:
Infos iwwer d'Kofferspiral
Kofferspiral fir jonk Mënschen
Infos iwwer d'Kofferketten
Infos iwwer de Kofferball
Dem Kelly seng Rubrik iwwer thermesch Verhütung