1 cm

Lëtzebuerger Journal

De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d'Oeuvre. Gläichzäiteg ginn d'Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn. Wéi gesäit d'Realitéit fir déi Persounen aus? Wéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt?  Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d'Erausfuerderungen an d'Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint.  1cm, e Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Vum 9. Oktober un. Abonnéier elo schonn de Podcast, fir keng Episod ze verpassen.

Episodes

  1. #5 Den Aktiounsplang vun der Politik

    4 DEC

    #5 Den Aktiounsplang vun der Politik

    D'Aarbechtslosegkeet bei Leit mat enger Beanträchtegung läit bei 30 Prozent. Dat ass héich am Verglach zur allgemenger Aarbechtslosegkeet, déi bei 6,1 Prozent läit. Gläichzäiteg feelt et un Aarbechtskräften, wärend Kompetenzen vu Leit mat enger Beanträchtegung oft ongenotzt bleiwen. Dowéinst si mir fir dës Episod ee Schratt méi wäit gaangen an hu bei den héchsten Instanzen nogefrot, wat geplangt ass, fir d'Situatioun ze verbesseren. Den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) a Familljeminister Max Hahn (DP) schwätzen iwwert den neien Aktiounsplang, dee vun der Regierung aktuell ausgeschafft gëtt, a ganz besonnesch iwwert d’Quoten an d'Inklusiounsassistenz - eng Prioritéit vum Christine Zimmer, Direktesch vun Info-Handicap. Donieft kënnt och de Sam Houblie zu Wuert, Hien ass Personaldirekter bei Hornbach, ee vun de seelenen Betriber zu Lëtzebuerg, deen eegenen Aussoen no di gesetzlech Quote iwwertrëfft. Mir kucken, wat dat fir de Betrib, seng Mataarbechter*innen ma och seng Cliente*ë bedeit. Donieft kënnt och de Sam Houblie zu Wuert, Hien ass Personaldirekter bei Hornbach, ee vun de seelene Betriber zu Lëtzebuerg, deen eegenen Aussoen no di gesetzlech Quoten iwwertrëfft. Mir kucken, wat dat fir de Betrib, seng Mataarbechter*innen ma och seng Cliente*ë bedeit. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-5-was-die-politik-machen-muss-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu

    50 min
  2. #3 De Wee vum Inklusiounsatelier

    6 NOV

    #3 De Wee vum Inklusiounsatelier

    All Mënsch huet seng Schwieregkeeten am Beruffsalldag. Ma Mënsche mat Beanträchtegung hunn heiansdo e puer weider Erausfuerderungen. A fir si sinn d’Bedéngungen um Aarbechtsmaart heiansdo einfach net passend. Dat, wéinst dem Stress, dem Kaméidi oder nach dem héije Leeschtungsdrock. Feelend Upassungen um Aarbechtsmaart sinn e puer vun de Grënn, firwat et d’Inklusiounsateliere ginn. Dëst ass awer keng Beschäftegungstherapie – et sinn Entreprisen, déi héichwäerteg Produkter hierstellen, esou d’Christine Zimmer, Directrice vun Info-Handicap, an der Episod. Och sollen déi duerch hire soziale Volet d'Passerellen zum éischten Aarbechtsmaart erméiglechen, wei de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, ënnersträicht. Um Terrain huet de Lëtzebuerger Journal mam Claudine Nosbusch, mam Anne Maass a mam Tamara Franck vun der Ligue HMC geschwat, a mam Laura Letsch vun der APEMH. Ma net nëmmen si: Mir sinn duerch hir Atelieren gaangen, hunn do den David Mira, Kach bei der APEMH, kennegeléiert, an d’Erfarunge vun enger Partie Mataarbechter*innen vun der Ligue HMC gesammelt. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-3-inklusions-ateliers-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu

    47 min

About

De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d'Oeuvre. Gläichzäiteg ginn d'Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn. Wéi gesäit d'Realitéit fir déi Persounen aus? Wéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt?  Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d'Erausfuerderungen an d'Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint.  1cm, e Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Vum 9. Oktober un. Abonnéier elo schonn de Podcast, fir keng Episod ze verpassen.