RTL - Commentaire RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Nachrichten
De kritesche Bléck op d'Aktualitéit vun der RTL Redaktioun
-
Maxime Gillen: ING-Flopp schued dem ganze Secteur, 30/05/2024
E Mëttwoch Owend koum se endlech. Déi offiziell Annonce vun der ING Bank, dass si zu Lëtzebuerg mat de Bank-Servicer fir Privatclienten ophält an domat déi éischt Explikatioun, firwat dausende Clientë vun der Bank virun d'Dier gesat ginn. Eng Annonce mat nohaltegem Impakt op e ganze Secteur, mengt d‘Maxime Gillen an hirem Commentaire.
-
Pierre Jans: Iwwer Faschisten, déi sangen, 28/05/2024
De leschten Donneschden ass e Video viral gaangen, deen op der nordfrisescher Insel Sylt opgeholl gi war. Op deem Video sange warscheinlech däitsch Jonker op Lëtzebuergesch iwwersat "Auslänner raus" an "Däitschland fir déi Däitsch" op d'Melodie vun engem bekannte Partyhit.
-
Marc Hoscheid: De Krich an der Ukrain däerf eis net egal sinn!, 23/05/2024
No méi wéi zwee Joer réckelen aner Krisen an de Fokus. Déi si fir Europa a Lëtzebuerg awer manner wichteg.
-
Roy Grotz: Polit-Influencer: dat si mir selwer, 21/05/2024
Et reent dëser Deeg nawell vill - dat bréngt mat sech, datt vill Walaffichen, déi fir den 9. Juni solle Publicitéit maachen, sech léisen an erofhänken. An sou schappeg a stillos, wéi vill Affichen doruechter trëllen, empfënnt de Roy Grotz och eenzel Aussoen a Sloganen an dëser Campagne.
-
Annick Goerens (Radio): Gemengen, et ass un iech!, 16/05/2024
Dës Regierung hat sech d’Aarmutsbekämpfung als eng Top-Prioritéit op de Fändel geschriwwen. D’Gemenge spillen dobäi eng zentral Roll. Amplaz Neel mat Käpp ze maachen, setzt d’Regierung op een Pflegeleicht-Programm. Dat hat den neie Luc awer eigentlech anescht annoncéiert, fënnt d’Annick Goerens haut a sengem Commentaire.
-
Jean-Marc Sturm: Noen Osten - Et ass alles weder schwaarz nach wäiss, 14/05/2024
An der Chamber war en Dënschdeg de Mëtten eng Aktualitéitsstonn iwwert den Noen Osten. Déi Regioun steet fir Gewalt, Doud a Leed. D'Situatioun am Noen Osten ass wuel eng vun de komplexsten an der Weltgeschicht an dat net just an de leschte Wochen, mä quasi zënter éiweg. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.