D'Neiegkeeten

D'Noriichte fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mat den Neiegkeete gëss du all Samschdeg a manner wéi 3 Minutte gewuer, wat Lëtzebuerg beweegt. Mir benotzen eng einfach verständlech Sprooch a schwätzen e bësse méi lues, fir datt s du unhand vun der Realitéit däi Lëtzebuergesch kanns trainéieren.

  1. 18 jul

    D'Neiegkeete vum 18. Juli 2026

    Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Et ass déi lescht Episod virun der Summervakanz; den 12. September si mer nees mat enger neier Episod fir Iech do. Mäin Numm ass Diane Lecorsais. An dësen Neiegkeeten: D’Tramsstreck gëtt ausgebaut. Bis 2033 fiert den Tram vun der Stäreplaz bis bei den CHL. An: Fir op den Autobunnen an der Belsch ze fueren, brauch ee geschwënn eng Vignette. Tramsstreck: An der Chamber hunn d’Deputéiert dës Woch alleguer “Jo” zum Ausbau vun der Tramsstreck gesot. Vun 2033 u fiert de Stater Tram vun der Stäreplaz aus bis bei de Centre hospitalier de Luxembourg. Déi nei Tramsstreck gëtt 2,1 Kilometer laang. Den Tram bleift op 4 neie Statioune stoen. Op engem Deel vun der Streck fiert en duerch en Tunnel. De Projet soll 171 Milliounen Euro kaschten. De Chantier fänkt 2029 un. Projet ALPHA Dës Woch huet den Educatiounsministère éischt Resultater vum ALPHA-Pilotprojet matgedeelt. De Projet ALPHA gesäit vir, datt Schoulkanner vu September u wiele kënnen, op si op Däitsch oder Franséisch liesen, schreiwen a rechne léieren. Bis elo gouf et dee Choix net well d’Kanner zu Lëtzebuerg d’Alphabet op Däitsch geléiert hunn. De Projet ALPHA gouf véier Joer laang a véier verschiddene Schoule getest. Den Educatiounsminister Claude Meisch sot, d’Resultater wieren encourageant. Zil vum Projet ALPHA wier et, Ongläichheeten am Schoulsystem ze stoppen. Gefor vu Bränn Wéinst deem waarmen an dréchene Wieder klëmmt d’Gefor vu Bränn an der Natur. Leschte Sonndeg hat et zum Beispill zu Konsdref gebrannt. D’Rettungsdéngschter ruffen d’Biergerinnen a Bierger dozou op, gutt opzepassen: Et soll ee keng Zigarettestëmp op de Buedem geheien an dobausse kee Feier umaachen. Grille soll een nëmmen op Plazen, déi dofir geduecht sinn. Et soll een net mam Auto iwwer Wisen, Felder an duerch Bëscher fueren. Wann een e Feier bemierkt, soll ee sech a Sécherheet bréngen an den Noutruff alarméieren. Peage op Autobunnen an der Belsch Vu Mee 2027 u muss een op den Autobunnen an der Belsch Peage bezuelen. Dat fënnt déi lëtzebuergesch Mobilitéitsministesch Yuriko Backes net gutt. D’Ministesch hätt léiwer eng europäesch Léisung gesinn. Esou missten d’Leit an Europa lauter verschidde Vignettë kafen. Si fäert och, datt et a verschiddene Gemengen zu Lëtzebuerg wéinst der Vignette méi Trafic wäert ginn. Autoschauffere kéinten iwwer kleng Stroosse fueren amplaz iwwer d’Autobunn, fir keng Vignette mussen ze kafen. Eng Vignette soll 90 Euro fir en Elektroauto an 100 bis 120 Euro fir en aneren Auto kaschten.

  2. 11 jul

    D'Neiegkeete vum 11. Juli 2026

    Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Pit Beffort. An dësen Neiegkeeten: Ronn 200 Persoune wiere mat illegalen Dokumenter op Lëtzebuerg komm. An e Grupp vun Associatioune setzt sech fir méi bezuelbare Wunnraum an.  Bedruchsaffär: De Parquet huet dës Woch eng gréisser Enquête ëffentlech gemaach. Ronn 200 Persounen aus Länner baussen der EU wiere mat illegalen Dokumenter a Lëtzebuerg agereest.  Si hätten hei Sozialleeschtunge kritt, déi si net hätten dierfe kréien. D’Justiz enquêtéiert wéinst dem Verdacht op ënner anerem Korruptioun, Fälschungen a Verstéiss géint d’Immigratiounsgesetz. D’Enquête leeft schonn zënter 2023, mee si ass dës Woch eréischt public gemaach ginn. Dës Woch sinn och Perquisitioun gemaach ginn, beim Inneministère, beim Héichschoulministère, bei 5 Entreprisen an och bei Privatleit. An dëser Affär si bis ewell 28 Leit beschëllegt ginn. Dorënner wieren och 3 Leit, déi beim Staat schaffen. Begréngungskonzept Stad Lëtzebuerg D’Stad Lëtzebuerg huet dës Woch e Plang virgestallt fir méi Beem a Planzen an der Stad ze hunn. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot, d’Gemeng géif schonn zanter 2 Joer un deem Konzept schaffen. Dat Konzept soll och net kuerzfristeg sinn, mee fir déi nächst 5 bis 10 Joer gëllen. Alles an allem wiere 37 Plazen an der Stad identifizéiert ginn, wou méi Beem oder Planze sollen hikommen. Fir unzefänken, soll an dësem Summer a 4 verschidde Quartiere vun der Stad méi Gréngs installéiert ginn. Dës Moossname sinn an enger éischter Phas awer just temporär.  Bilan Observatoire de l’égalité Zu Lëtzebuerg ginn et nach ëmmer Ongläichheeten tëschent Mann a Fra. Dat geet aus dem Joresrapport vum Observatoire de l’égalite entre les genres ervir. Frae géife méi onbezuelt Aarbecht am Haushalt leeschte wéi Männer. Frae géifen och nach ëmmer manner gutt bezuelt gi wéi Männer an dofir och manner héich Pensioune kréien. Am Verglach mat anere Länner aus der EU läit Lëtzebuerg do op der drëttleschter Plaz. Alles an allem géif et awer och liicht Fortschrëtter ginn. Zum Beispill ginn ëmmer méi Frae schaffen. Et wieren och e wéineg méi Frae wéi Männer op der Uni ageschriwwen.  ONG – Wunnengsnout 20 Associatioune fuerdere méi bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg. Ënner den 20 Associatioune sinn och international Organisatioune wéi Amnesty International an UNICEF. Hiert Zil ass, datt all Persoun zu Lëtzebuerg Zougang zu enger bezuelbarer Wunneng kritt. Si fäerten, datt dat an Zukunft net méi kéint de Fall sinn. D’Associatioune kritiséieren, datt vill Terrainen eidel stinn, op deene gebaut kéint ginn. Si fuerderen dofir ënner anerem, datt Gemenge per Gesetz gezwonge gi fir bezuelbare Wunnraum ze schafen.

  3. 4 jul

    D'Neiegkeete vum 4. Juli 2026

    Hëtztwell: Autoritéiten zéien de Bilan No der Hëtztwell Enn Juni hunn d‘Temperature sech ofgekillt. An d‘Autoritéiten hunn elo een éischte Bilan vun der Hëtztwell gezunn.  D‘Rettungsdéngschter hate wärend der Hëtztwell vill ze dinn. Si hate 70 Prozent méi Asätz wéi zu normalen Zäiten.  Och d‘Spideeler hunn déi héich Temperature gespiert. Et si vill méi Leit wéi soss an d‘Urgencë vun de Spideeler komm. Mee d‘Spideeler konnten d‘Situatioun awer meeschteren, sot de Gesondheetsministère. D‘Autoritéite wëllen sech elo besser op Hëtztwelle virbereeden. An der Haaptstad zum Beispill gëtt e Plang fir Hëtztwellen ausgeschafft. Et soll ënner anerem gekuckt ginn, wéi d‘Schoule méi resistent géint Hëtzt kënne gemaach ginn. Architektur: Muss un Hëtztwellen ugepasst ginn Well et ëmmer méi waarm gëtt, muss an Zukunft anescht gebaut ginn. Dat soten Architekten an Urbanisten an Interviewe mam Radio 100,7. Et gëtt verschidde Méiglechkeete Gebaier esou ze bauen, datt se sech net esou staark an esou séier ophëtzen, soten d‘Experten. Zum Beispill kënne Baumaterialien an Isolatiounssystemer gebraucht ginn, déi méi resistent géint Hëtzt sinn. Wichteg ass et den Experten no och, datt méi Beem a Vegetatioun an de Stied an an den Uertschaften ugeplanzt ginn. Well Beem Schiet maachen, ass et do däitlech méi kill wéi op Plaze mat vill Beton an ouni Schiet. Geriichtsurteel: Äiskënschtler krut Prisongsstrof mat Sursis Um Stater Geriicht gouf d‘Urteel bekannt an engem Prozess, iwwer dee vill an de Medie geschriwwen a geschwat gouf. Am November 2019 war um Chrëschtmaart an der Stad ee Stéck vun enger Äisskulptur op e klenge Bouf vun zwee Joer gefall. D‘Kand ass dobäi ëm d‘Liewe komm. Am Prozess waren néng Persounen an de Stater Tourismusbüro Luxembourg City Tourist Office ugeklot. Just zwou Persoune goufe schëlleg erkläert. Nämlech den Äiskënschtler, deen d‘Skulptur geschaf hat, a säi Mataarbechter. De Kënschtler gouf zu engem Joer Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vu 5.000 Euro verurteelt. Säi Mataarbechter krut néng Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vu 1.500 Euro.  Déi aner Beschëllegt an de Stater Tourimusbüro goufe fräi gesprach. De Parquet kann nach Appell géint dëst Urteel maachen.

  4. 27 jun

    D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026

    Hëtztwell: Neien Temperaturrekord fir de Mount Juni Lëtzebuerg huet wéi vill aner europäesch Länner eng ganz Woch laang un enger extreem laanger an intensiver Hëtztwell gelidden. Schonn ugangs der Woch, méindes, hunn d‘Autoritéiten déi héchst Alarmstuf rout wéinst héijen Temperature vun iwwer 30 Grad ausgeruff. An den Deeg duerno gouf et dunn ëmmer méi waarm. An donneschdes, de 25. Juni, gouf och zu Lëtzebuerg den Temperaturrekord fir de Mount Juni gebrach. Um Findel gouf eng Temperatur vu 36,3 Grad gemooss. Domadder gouf den ale Juni-Rekord vu 35,4 Grad aus dem Joer 2017 däitlech gebrach. De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux huet preziséiert: Warscheinlech géif dee Rekord an den Deeg duerno nach eng Kéier gebrach ginn. Fir freides a samschdes waren nämlech Temperature vu bis zu 40 Grad gemellt. Krisemanagement an enger Krisesituatioun Hëtztwellen hunn e groussen Impakt op Mënschen, Déieren an Infrastrukturen. A bei enger rouder Warnung besteet eng extreem Gefor. D‘Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg hunn dowéinst hir Ekippe verstäerkt. All d‘Personal gouf mobiliséiert fir ze hëllefen. De CGDIS – dat heescht de Rettungsdéngscht – sot, datt d‘Rettungsdéngschter wärend der Hëtztwell vill méi Asätz hate wéi an normalen Zäiten. Do dobäi koum och nach de Nationalfeierdag, den 23. Juni, an d‘Feierlechkeete ronderëm. De Programm gouf zum Deel ugepasst wéinst der Hëtzt. Zum Beispill ware bei der Militärparad an der Stad dëst Joer kéng Hondsstaffelen dobäi. D‘Autoritéiten hunn d‘Populatioun reegelméisseg iwwer d‘Gefore vun der Hëtzt gewarnt an de Leit Recommandatioune ginn. Dorënner déi, datt ee vill a reegelméisseg Waasser sollt drénken, a sech esou an ewéi méiglech an der Sonn sollt ophalen. D‘Spideeler hu sech op eng méiglech Hausse vun den Urgencë virbereet. Besonnesch vulnerabel si bei extreemer Hëtzt ënner anerem eeler Leit a kleng Kanner.  Kee generellt Schoulfräi wärend der Hëtztwell Wéinst der Hëtzt hu vill Schoulen zu Lëtzebuerg hir Horairen ugepasst. A ville Gemenge goufen de Schoulunterrecht mëttes ofgesot. All Gemeng huet do fir sech decidéiert. Mee och wann d‘ Schoule mëttes zou bliwwe sinn, gouf en Accueil fir d‘Kanner assuréiert. Sinn Hëtztwellen déi nei Normalitéit? Dës Hëtztwell ass net nëmmen extreem intensiv a laang. Si koum och aussergewéinlech fréi, am Juni. An dobäi ass et schonn déi zweet Hëtztwell fir dëst Joer. Déi éischt war jo am Mee, also nach éischter. Leider gesäit et den Ament net esou aus, wéi wann déi Situatioun an Zukunft besser wäert ginn. De Klimatolog Andrew Ferrone huet an engem Interview mam Radio 100,7 erkläert: Esou laang déi global Ausstéiss vun Zäregaser weider net erof ginn, musse mir an Zukunft mat esou Hëtztwelle wéi elo rechnen. Hien huet och betount: Wéinst der Klimaerwiermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt, soen Klimatologe schonn zënter Joren, datt extreem Wiederkonditioune, dorënner Hëtztwellen an Iwwerschwemmungen, an Zukunft méi heefeg, méi intensiv a méi laang wäerte ginn.

  5. 20 jun

    D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026

    Klima: Zweet Hëtztwell banne kuerzer Zäit No der Hëtztwell am Mee ass Lëtzebuerg schonn nees mat extreem waarmen Temperature konfrontéiert. De Gesondheetsministère an de staatleche Wiederdéngscht Meteolux hunn alle béid déi zweethéchst Warnung wéinst Hëtzt erausginn. Gemellt ginn Temperature bis zu 36 Grad iwwer e puer Deeg. Och nuets sollen d‘Temperaturen net méi ënner 20 Grad falen. Dowéinst huet de Gesondheetsministère speziell Mesuren aktivéiert, fir eeler Leit iwwer 75 Joer ze schützen. Besonnesch wa si eleng liewen, schéckt de Ministère Leit bei si heem fir ze kucken, ob alles an der Rei ass. Fir d‘Leit op der Aarbecht virun der Hëtzt ze schützen huet déi zoustänneg Verwaltung ITM den Entreprisë Recommandatioune ginn. Wa Leit dobausse schaffen, misst garantéiert ginn, datt si genuch ze drénken hunn. An et soll opgepasst ginn, datt Leit net ze vill an der Sonn musse schaffen. D‘Schoule bleiwen trotz der Hëtzt fir elo mol op. Den Educatiounsministère huet awer och de Schouldirektere Recommandatioune geschéckt, fir d‘Kanner virun der Hëtzt ze schützen. D‘Autoritéiten evaluéieren d‘Situatioun vun der Hëtztwell konstant. Wann néideg, ginn d‘Mesuren ugepasst. Masken: Juristesch Onsécherheet Wärend der Covid-Pandemie ware Masken e permanenten Theema. An elo ass de Sujet Masken nees an der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. D‘Gesondheetsministerin Martine Deprez huet nämlech am Parlament zouginn: Wann d‘Covid-Gesetz Enn Juni ausleeft, gëtt et eng juristesch Onsécherheet, ob a wéini een eng Mask dierf undoen. Méiglecherweis maache Leit sech da strofbar, wa si eng Mask undoen, zum Beispill aus hygieenesche Grënn. Wéi d‘Gesondheetsministerin sot, ginn dofir elo d‘Reegelen, fir Masken unzedoen, iwwerschafft. Educatioun: Nei ëffentlech international Schoul zu Schëffleng Déi ëffentlech international Schoulen zu Lëtzebuerg hu grousse Succès. Dofir kritt och elo d‘Stad Schëffleng, am Süden, eng ëffentlech Europaschoul, wéi dës Schoulen och nach genannt ginn. D‘Deputéiert hunn de Gesetzesprojet fir dës Schoul am Parlament ugeholl. D‘Schoul soll méi wéi 21 Milliounen Euro kaschten. Et soll e Lycée entstoen, mee och eng Primärschoul an eng Spillschoul. Déi ëffentlech international Schoulen zu Lëtzebuerg baséieren um Konzept vun den Europaschoulen. Een Ënnerscheed mat den nationale Schoulen ass, datt d‘Schüler a Schülerinne méi e grousse Choix hunn, d’Sprooch ze wielen, an där d‘Haaptfächer sinn.  Aarbechtsmaart: Leit verloosse Lëtzebuerg well Wunnen deier ass Auslänner, déi op Lëtzebuerg plënnere well si hei eng Aarbechtsplaz kruten, bleiwen net ganz laang. Dat weist eng nei Etude vum Fuerschungsinstitut LISER. D‘Hallschent vun deenen, déi op Lëtzebuerg koume fir ze schaffen, géifen d‘Land banne fënnef Joer nees verloossen. Den Haaptgrond, fir wat se net méi laang bleiwen, sinn déi héich Loyeren a Wunnkäschten, esou d‘Etüd.

  6. 13 jun

    D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

    Intro Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Och dës Woch huet sech alles ronderëm d‘Mesurë gedréit, déi an der Tripartite decidéiert goufen, fir op d‘Konsequenze vum Krich am Noen Osten ze reagéieren. Wéinst deem Krich sinn och zu Lëtzebuerg d‘Energiepräisser an d‘Inflatioun geklommen. Tripartite Accord gouf ënnerschriwwen D‘Regierung an d‘Sozialpartner, also d‘Gewerkschaften a Patronen, hunn den Tripartite-Accord elo ënnerschriwwen. Do virdru ware si sech iwwer Mesuren eens ginn, fir d‘Inflatioun ze bremsen an d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken. D‘Regierung gouf elo weider Detailer bekannt. Ënner anerem ginn d’Präisser fir Diesel, Bensinn, Mazout a Stroum fir eng limitéiert Zäit vum Staat subventionéiert. Duerch eng Reduktioun vun den Taxe solle Bensinn an Diesel 5 Cent de Liter méi bëlleg ginn. Den Heizungsmasutt an de Gas solle 15 Cent de Liter manner kaschten. Den Energieminister Lex Delles huet op Kriticke reagéiert, datt domat déi fossil Energië subventionéiert ginn. Hie sot awer, d‘Klimaziler vu Lëtzebuerg wieren net a Gefor. An de Staat géif och d‘Energietransitioun méi fërderen. Déi staatlech Subventioune fir Wärmepompelen, zum Beispill, sollen ëm 2.000 Euro gehéicht ginn. Genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, seet de Finanzminister D‘Mesuren, fir de Leit an de Betriber an dëser Kris ze hëllefen, wäerten awer vill kaschten. Tëschent 430 a 450 Milliounen Euro huet de Staat iwwer déi nächst zwee Joer dofir virgesinn. De Finanzminister Gilles Roth huet awer verséchert: De Staat hätt genuch finanzielle Sputt. Et si nämlech méi Steierrecetten erakomm, wéi erwaart, sot de Minister. Bis de Mount Mee krut de Staat 800 Milliounen Euro Steiere méi an d‘Kees, wéi an därselwechter Zäit d‘lescht Joer. Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten D‘Lëtzebuerger Arméi hëlleft weider fir ukrainesch Zaldoten auszebilden. Lëtzebuerg verlängert seng Bedeelegung un enger militärescher Ausbildungsmissioun vun der EU fir déi ukrainesch Arméi. D‘Verdeedegungsministerin Yuricko Backes huet confirméiert, datt déi Hëllef ëm weider zwee Joer verlängert gëtt.  Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak Den Asyl- an Immigratiounspak vun der EU kann zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. D‘Parlament huet d‘Gesetzer dofir ugeholl. Generell gëtt d‘Immigratiounspolitik an den EU-Länner domat méi restriktiv. Dat huet fir Kriticke gesuergt. Déi consultativ Mënscherechtskommissioun zu Lëtzebuerg zum Beispill sot, Lëtzebuerg wär ze vill restriktiv a géif hei méi wäit goen, wéi d‘EU et virgesäit.

  7. 6 jun

    D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

    Tripartite am Mëttelpunkt Dës Woch huet bei eis bal alles ëm d’Tripartite gedréit: dat ass d’Reunioun vun der Regierung mat de Gewerkschaften an de Patronen, déi a Krisesituatioune kann zesummegeruff ginn. Déi Kéier war et wéinst de Konsequenze vum Krich am Noen Osten, ënner anerem wéinst den héijen Energiepräisser.  Et gouf dräi Deeg matenee verhandelt an en Donneschdeg gouf et e prinzipiellen Accord. Et si verschidde Mesurë fir 2 Joer decidéiert ginn. Si wäerten de Staat 450 Milliounen Euro kaschten. Domat soll d'Inflatioun gebremst an d’Kafkraaft vun de Leit gestäerkt ginn. Am Konkreete sollen zum Beispill d’Präisser fir Diesel, Bensinn, Mazout a Stroum vum Staat subventionéiert ginn.  Et gouf och eng wichteg Decisioun iwwer de Mindestloun. Et ass ee sech iwwer méi en héije Steierkredit eens: deen, deen de Mindestloun kritt, soll bis den 1. Juli 2027 nieft senger Pai 200 Euro vum Staat bäikréien. Den Ament sinn dat schonn 81 Euro. An Zukunft sollen déi Leit dann nach 120 Euro méi kréien, wéi elo.  Nom Accord soten d’Gewerkschaften an och d’Patronen, datt d’Diskussiounen an der Tripartite vill besser a méi konstruktiv ware wéi dat, wat een an de leschten 2 Joer erlieft hätt.  Eng oppe Schwämm op der Kockelscheier E ganz anert Theema dann: et gëtt scho méi laang d’Iddi fir eng oppe Schwämm an der Stad Lëtzebuerg ze bauen: an déi Iddie gëtt elo méi konkreet. No jorelaange Verhandlungen huet d’Gemeng elo dee leschten Terrain, deen nach gefeelt huet: d’Schwämm soll op d’Kockelscheier kommen. Et soll ee 50 Meter laange Baseng an och e Waasserpark fir Kanner gebaut ginn. Wéini de Bau ufänkt an d’Schwämm opgeet, ass net gewosst.  Tragescht Kloter-Accident zu Zolwer Da gouf et dës Woch nach en tragescht Accident an enger Kloterhal zu Zolwer: e Mann ass beim Klotere 7 Meter héich erofgefall a gestuerwen. Hien hat sech mat engem Roboter selwer geséchert: de System hätt och fonctionéiert, sot de Bedreiwer vun der Hal. D’Ursaach vum Accident bleift ze klären.

  8. 30 may

    D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

    Hëtztwell am Mee: Och zu Lëtzebuerg aussergewéinlech waarm A sämtlechen europäesche Länner goufen Temperaturrekorder fir de Mount Mee gebrach, zum Beispill a Frankräich an a Groussbritannien. Och zu Lëtzebuerg war et aussergewéinlech waarm fir e Mount Mee, mat Temperaturen iwwer 30 Grad. De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux hat dowéinst fir e puer Deeg  hannerteneen eng giel Warnung wéinst Hëtzt erausginn. Dat ass déi niddregst vun den dräi Warnstufen. D‘Leit goufen opgeruff, sech virun der Hëtzt ze schützen, genuch ze drénken a physesch Aktivitéiten dobaussen esou gutt wéi méiglech ze evitéieren. An engem Interview mam Radio 100,7 huet de Luca Mathias vu MeteoLux erkläert: D‘Temperaturen hei am Land louchen 10 Grad iwwer den Duerchschnëttstemperature vum Mount Mee. Klimatologe weltwäit hunn hirersäits widderholl: Wéinst der Klimaerwiermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt, ginn Hëtztwelle mat grousser Warscheinlechkeet an Zukunft méi heefeg, méi laang a méi intensiv.  Stauséi: Groussen Undrang fir Schwammen ze goen  Um Stauséi war wéinst de waarmen Temperaturen déi lescht Deeg natierlech vill lass. De Stauséi, am Norde vum Land, ass eng beléifte Plaz zu Lëtzebuerg fir schwammen ze goen. Mee fir d‘Stauséi-Gemengen a fir d‘Police ass et all Joer eng Erausfuerderung, fir d‘Mass vu Leit ze geréieren. Ee Problem ass zum Beispill d‘Parken, well vill Leit mam Auto op de Stauséi kommen. An ëmmer nees ginn et Leit, déi hiren Auto op Plazen histellen, wou et net erlaabt ass. D‘Police huet iwwer de verlängerte Päischtweekend da 87 Protokoller wéinst falschem Parken um Stauséi verdeelt. Iechternach: Dausende Leit op der Sprangpressessioun Trotz der Hëtzt war zu Iechternach wéi all Joer um Péngschtdënschdeg nees d‘Sprangpressessioun. Dës weltbekannte chrëschtlech reliéis Prozessioun ass eng vun de bedeitendsten Traditiounen zu Lëtzebuerg. A si gehéiert zënter 2010 zum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet vun der UNESCO.  Och dëst Joer sinn nees Dausende Gleeweger a sougenannte "Sprénger" duerch d‘Stroosse vun Iechternach gezunn. Bei der Prozessioun sprangen d‘Leit ëmmer zwee Schrëtt no vir, an ee Schrëtt no hannen. All Joer kommen och vill Pilger aus dem Ausland fir d‘Sprangpressessioun op Iechternach. Wéinst Inflatioun: Plus 2,5 Prozent bei Salairen a Pensiounen Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen oder eng Pensioun kréien, kréie méi Suen. D‘Salairen a Pensioune ginn nämlech op den 1. Juni ëm 2,5 Prozent gehéicht. Op deem Dag erfält nämlech eng sougenannten Indextranche, huet d‘Statistikamt Statec confirméiert.  Eng Indextranche erfält, wann d‘Inflatioun, also d‘Präisser, klammen an e gewëssene Punkt erreechen. Deen Ament ginn d‘Salairen a Pensiounen zu Lëtzebuerg dann automatesch ëm 2,5 Prozent no uewen ugepasst.

Acerca de

D'Noriichte fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mat den Neiegkeete gëss du all Samschdeg a manner wéi 3 Minutte gewuer, wat Lëtzebuerg beweegt. Mir benotzen eng einfach verständlech Sprooch a schwätzen e bësse méi lues, fir datt s du unhand vun der Realitéit däi Lëtzebuergesch kanns trainéieren.

Más de Radio 100,7