Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun sech fir eng Aarbecht am INLL informéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Sech fir en Job am INLL mellen A: Hallo, so du schaffs jo am INLL, gell? B: Salut! Jo, genee, ech schaffe schonn zënter 6 Joer do. Firwat frees du? A: Ech géif mech och gär do mellen, fir Däitsch z’enseignéieren. Ech weess awer net genee, wéi ech dat maache soll. B: Hues du da scho gekuckt, ob se een am däitschen Departement sichen? Den INLL sicht heiansdo Leit fir verschidde Plazen. Net nëmmen Enseignanten, mee och an der Administratioun. A: Nee, ech hunn nach net gekuckt, well ech net weess wou ech dat fannen. Ech weess just, dass déi puer Leit, déi ech kennen an déi do schaffen, immens zefridde sinn. B: Jo, et ass jo och eng interessant Plaz a se ass och ganz ofwiesslungsräich. Also d’Aarbechtsannoncë fënnt ee meeschtens op hirem Site, also op www.inll.lu. Da muss du erofscrollen an da fënns de et ënner Eis lescht Neiegkeeten oder ganz ënne lénks, ënner der Rubrik Jobs. D’Plazen am Beräich Administratioun ginn awer och um Site www.govjobs.lu ausgeschriwwen. A: A, gutt ze wëssen! An do muss een online kandidéieren oder muss ech dat per Post schécken? B: Nee, du schécks eng digital Kandidatur op candidatures (at) inll.lu. A: Waart, ech notéiere mir dat.... Ok, a wat muss ech do alles matschécken? B: Et ass eigentlech änlech, wéi fir all anere Beruff. Du muss e CV, e Motivatiounsbréif a Kopië vun dengen Diplomer schécken. A: Brauch een och e Sproochendiplom? B: Dat hänkt dovun of. Heiansdo gëss de gefrot, wéi gutt s du aner Sproochen, wéi déi, déi s du enseignéiere wëlls, beherrschs. A: A! Wéi eng Sprooche sinn da wichteg? B: Déi wichtegst Sprooch ass Franséisch, déi muss du kënnen an déi aner Sprooche sinn natierlech e Plus. A: A wat ass da wann ech zum Beispill kee Lëtzebuergesch kann? B: Dat ass normalerweis net esou schlëmm. A: Ok, ech verstinn. Mee ka jidderee Sproocheproff ginn? B: Nee, natierlech net. Et brauch een normalerweis e Master an där Sprooch, déi een enseignéiere wëll an natierlech ass eng pädagogesch Ausbildung an Erfarung am Enseignement net vun Nodeel. A: A, ok! Gëtt et dann och vill administrativ Plazen am INLL? B: Jo, natierlech, ganz vill souguer. Et gëtt de Service des finances, de Bureau des cours, Bureau des examens, d’Ressource Humaines, de Service technique asw. A: O, wow, ech hat wierklech keng Anung. Ech hunn eng Frëndin, dat en Job an der RH sicht. Ass d'Prozedur déi nämmlecht, wéi wann ee sech fir e Posten als Enseignant wëll mellen. B: Dat muss een an der Deskriptioun, déi op GovJobs steet kucken. Normalerweis muss du e CV, e Motivatiounsbréif an Diplomer eraschécken. Ausser, dass de an der AdministratiounLëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätze muss. A: Ok a muss de CV op Franséisch geschriwwe ginn? B: Dat hänkt rëm dovun of, fir wat fir eng Aarbecht du dech bewerbs. Ech weess mol, dass de Motivatiounsbréif op där Sprooch, déi s du enseignéiere wëlls, muss sinn. Fir e Beruff an der Administratioun, soll en op enger vun eisen dräi administrativen Sprooche sinn. A: Jo, dat kléngt logesch. A wat geschitt wann een op en Interview invitéiert gëtt? B: Da soll ee gutt virbereet sinn. A: Jo, vläicht kënne mir dat jo eng Kéier zesummen üben, falls ech fir en Entretien geruff ginn. B: Ganz gär. Du kanns mir och eng Kéier däi CV an däi Motivatiounsbréif schécken, da kucken ech eng Kéier driwwer. A: O, jo, dat wier mega fein! Merci fir deng Hëllef! B: ‘t ass gär geschitt!