![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
72 episodios
![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
RTL - Hollywood Reporter RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Comedia
D'Aktualitéit aus der Dramwelt, kommentéiert vum Lokal Korrespondent Pit Biwer aus Los Angeles
-
-
Hollywood Reporter, 20/06/2024
"I Play Rocky" vum Peter Farrelly. Den Owen Wilson, deen d'Haaptroll fir e bestëmmte Film aus engem gudde Grond refüséiert huet a Paramount mat engem aktuelle Remake vun "An Officer And A Gentlemen".
-
Hollywood Reporter, 13/06/2024
Jennifer Lopez, Lady Gaga, Rihanna oder och Beyoncé si Sängerinnen déi et vun der Bün bis virun d'Kamerae gepackt hunn. Där gëtt et der nach. Ma wien hei wëll Fouss faassen, dee muss sech gutt preparéieren. Whitney Houston hat do eng speziell Manéier fir sech op de Film Bodyguard virzebereeden, wéi de Pit Biwer weess.
-
Hollywood Reporter: Cameron Diaz & Samuel L. Jackson, 09/06/2024
Ëmmer nees kritt de Pit Biwer déi grouss Hollywoodstare virun de Mikro. Dës Kéier geet et ëm de Comeback vum Cameron Diaz an dem Samuel L. Jackson seng Meenung iwwer d'Stunt-Leit.
-
Hollywood Reporter: Clint Eastwood, 30/05/2024
Dirty Harry, The Bridges of Madison County, Space Cowboys, Million Dollar Baby, Gran Torino an an an. E ganz groussen aus der Dramfabrick Hollywood kritt muer 94 Joer. De Pit Biwer gratuléiert dem Clint Eastwood.
-
Hollywood Reporter, 23/05/2024
Déi wéinegst Hollywood-Acteuren sinn an deen Job era gebuer. Vill vun hinnen hate virun hirer Karriär als Schauspiller eng normal Aarbecht. Den Tom Hanks huet zum Beispill Nëss am Baseball-Stadion verkaf. Op hien dat gutt gemaach huet, huet hien dem Pit Biwer verroden. Ma och aner Acteuren hate vill Méi, sech iwwer Waasser ze halen.