36 episodes

Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéieren déi nei Filmer.

Grousse Kino radio 100,7

    • News

Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéieren déi nei Filmer.

    Grousse Kino

    Grousse Kino

    Wéi geet ee mat engem Entourage ëm, an deen een eragepucht gëtt an deen net säin natierlecht Ëmfeld ass oder an deem ee sech net ganz wuel fillt - et assimiléiert ee sech, et geheit een alles op d’Kopp, oder et verwerft een en. Déi dräi Optiounen erfuerschen eis dräi Filmer vun der Woch - dat wieren "The New Boy" vum Warwick Thornton, deen zu Cannes zejoert seng Première gefeiert huet, "The Bikeriders", dem Jeff Nichols säin éischte Film an aacht Joer, a schlussendlech "The Marsh King’s Daughter" vum Neil Burger.

    • 54 min
    Grousse Kino

    Grousse Kino

    Wéi wiert ee sech dergéint, wann engem seng eegen Identitéit bedreet gëtt - a wéi eng Roll spillt dobäi de Bléck vu baussen? Dës Froe fannen Usätz vun Äntwerten an eisen dräi Filmer vun der Woch, ganz egal, ob et ëm eng Expropriatioun wéinst enger Geschlechtsëmwandlung geet, ëm béisaarteg Kreaturen, déi relativ effikass dora sinn, hir Afferen nozemaachen oder ëm e Realisateur an e Schauspiller, déi eng jonk Actrice innerhalb vun enger eenzeger Zeen zerstéieren. Mir beschwätzen déi restauréiert Versioun vun der Sally Potter hirem gender-fluiden Historien-Drama "Orlando", deen éischte Film vum M. Night Shyamalan senger Duechter "The Watchers" an der Jessica Palud hire Biopic iwwer dat tragescht Schicksal vun der Maria Schneider am simpel betitelte "Maria".

    • 55 min
    Eng zweete Kéier vun der Croisette

    Eng zweete Kéier vun der Croisette

    Wärend all Cinephile gespaant ass, wien no der Justine Triet d’Palme d’Or kritt, ass de Grousse Kino dës Woch nach eng zweete Kéier op der Croisette ënnerwee. De Jeff Schinker hat sech ufanks der Woch zu Cannes mat der Vicky Krieps ënnerhalen an diskutéiert mam Marc Trappendreher iwwer Filmer am Concours - dorënner zwee Biopics iwwer de Limonov an de jonken Donald Trump, an iwwer der Coralie Fargeat hire grujelege Body-Horror “The Substance”, deen effektiv un d’Substanz geet an näischt fir sensibel Séilen ass.

    • 54 min
    Cannes Spezial

    Cannes Spezial

    Nieft dem Erëffnungsfilm “Le deuxième acte”, dem Quentin Dupieux säin drëtte Film an nëmme siwe Méint, dee (bal) zäitgläich an eise Kinoen ugelaf ass, direkt dräi Filmer aus der Competitioun um Programm: “Diamond Brut” vun der Agathe Riedinger, “The Girl with the Needle” vum Magnus von Horn an dem Francis Ford Coppola säi “Megalopolis”, vun deem de Kultregisseur zanter 40 Joer dreemt. De Jeff Schinker an de Marc Trappendreher mat hiren Andréck vun der Croisette

    • 55 min
    Grousse Kino

    Grousse Kino

    De Michel Delage an de Jeff Schinker beschwätzen: "L'Ordine del tempo", "If", "Une Affaire de principe" a "Kingdom of the planet of the apes".

    • 54 min
    Grousse Kino - Net een ouni deen aneren

    Grousse Kino - Net een ouni deen aneren

    De Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker beschwätzen: "The Dead don't hurt" (Viggo Mortensen), "Challengers" (Luca Guadagnino) a "Radical" (Christopher Zalla).
    Als Bonus dann e Gespréich mam dänesch-amerikaneschen Acteur a Cineast Viggo Mortensen.

    • 54 min

Top Podcasts In News

Forklart
Aftenposten
730.no
730.no & Acast
Oppdatert
NRK
Chit Chat med Helle
Helle Nordby & Acast
Aftenpodden
Aftenposten
Det Store Bildet
Brandpeople og Bauer Media