FJD presents: Business Bistro

Moskito / FJD

D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.

  1. S3#3 - Chris Haentges

    Mar 13

    S3#3 - Chris Haentges

    Episod 4 vum FJD Business Bistro zesumme mam Chris Haentges vum Asport an Omonia. Des Episod huet d’Carole an de Georges richteg un d’schweesse bruecht. Si hunn et sech net huele gelooss fir den Omonia selwer testen ze goen. Si hunn hir feshsten Gym Kleeder ausgepak an hu souwuel de Spinning wei och de BootCamp fir Iech getest. Den Outcome gesitt dir am FJD Afterwork Channel. Mee ier si mam Chris schwätzen, haten de Georges an d’Carole natierlech rëm hire klenge CatchUp an do goung et iwwert gestagte Photoe, dem Beach Body oder de Man Butt bis zu dem Georges sengem neie Protein Hype. An natierlech hunn si och schonn den Terrain preparéiert fir alles wat Sports Retail ass, Trends am Fitness Club Beräich a dir gidd natierlech och gewuer wei sportlech déi 2 ënnerwee sinn (oder net). E puer Bicher Recommandatioune fannt Dir an de Shownotes. Mam Chris Haentges schwätzen déi 2 iwwert säi Parcours zu München ob der Uni wou hatt net nëmmen de Sport an d’Sport Community sou richteg fir sech entdeckt huet, mee wou hatt och wärend 6 Joer an der Rüstungsindustrie geschafft huet. Firwat hatt zeréck ob Lëtzebuerg koum, seng Entrepreneur’s Gene, d’Schaffen an engem Famillje Betrib, d’Idée hannert dem Omonia an d’Challenge vun engem neie Betrib, sinn nëmmen e puer vun de ville Themen déi an dëser Ronn ugeschwat goufen. An wann Dir elo och Loscht hutt fir iech um Vëlo wärend 45 Minutten oofzestrampelen, iech et zoutraut ee Bootcamp Cours beim Chris ze maachen oder awer et éischter gemittlech beim Yoga Flow ugoe wëllt, hu mir ee Code fir Iech wou dir 1 x gratis teste kennt. Einfach ob eversports.com goen – den Omonia sichen an do de Code FJD2026 aginn an da kennt dir gratis 1 Cours an den Omonia teste goen. Falls dat net klappe sollt- schreift einfach dem Chris: chris@asport.lu

    1h 25m
  2. S3#1 - Benji Kontz

    12/17/2025

    S3#1 - Benji Kontz

    D'Saison 3 vun dësem Podcast gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. Endlech si mer zeréck mat der Saison 3 vum FJD Business Bistro - de Podcast fir déi bësse mei locker Gespréicher iwwert Business zu Lëtzebuerg. Dëst Joer dréit sech bei der FJD alles em de berühmte Lëtzebuerger Slogan: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn. Oder besser em d’Fro: kenne mir bleiwe wat mir sinn. An dëst probéiere mir natierlech och an de Podcast afléissen ze loossen. Mir fänken d’Saison un mat enger Persoun déi sech sot – nee mir bleiwen net wat mir sinn – mir änneren. Mir schwätze mam Benji Kontz – Administrateur Délégué vum Arnold Kontz Group. Eng Firma déi aus dem Lëtzebuerger Autosmarché net ewech ze denke war an trotzdeem huet de Benji fir d’éischt d’BMW Aktivitéit verkaf an e puer Joer méi spéit och de Recht vun der Auto’s Aktivitéit vum Grupp fir sech elo verstäerkt op déi 2 Vëlos Geschäfter ze konzentréieren. Wei et dozou koum, wat engem do duerch de Kapp geet a wat Yoga mat deem ganzen ze dinn huet- doriwwer schwätzen de Georges an d’Carole haut mam Benji. Am Intro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert Konscht, natierlech iwwer Autoen an iwwert wat et bei hinne fir Chrëschtdag z'iesse gëtt. Wann Dir also nach eng Inspiratioun fir Chrëschtdag sicht -lauschtert eran (Spoiler: Dem Georges säin Menu ass net wierklech Veggie friendly).

    1h 20m

About

D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.

You Might Also Like