Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

  1. 5d ago

    E Kannerzëmmer ariichten (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwee Elteren iwwer d'Kannerzëmmer vun hirem Puppelche schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - E Kannerzëmmer ariichten (B1) Mamm: Ech freeë mech scho richteg op eise klenge Butz.  Papp: Jo, ech freeë mech och. Mee mir mussen endlech d'Kannerzëmmer ariichten.  Mamm: Komm mir kucken eis Lëscht, déi mir gemaach hunn. Da vergiesse mir näischt.  Papp: Dat ass eng gutt Iddi. Wat brauche mir als éischt?  Mamm: Mir brauchen definitiv e Bett fir de Puppelchen.  Papp: Jo, an eng Matrass an e puer waasserfest Houssen, falls d’Pampers ausleeft.  Mamm: Effektiv! Mir brauchen och e Wéckeldësch.  Papp: Meng Schwëster huet nach e Wéckeldësch. Hatt sot, datt mir säi kënne kréien. Hatt an de Pit kréie jo keng Kanner méi.  Mamm: Dat ass super! Da musse mir keen neie kafen. Mir brauchen och nach onbedéngt sou eng speziell Poubelle fir d’Pamperssen, soss richt et net immens gutt am Zëmmer.  Papp: O, jo! Wéi ass et mam Bett? Solle mir en neit kafen?  Mamm: Mir ass et egal, et gëtt och gutt Second Hand Saachen.  Papp: Ech fanne Second Hand gutt, wann d'Bett nach sécher an an engem gudden Zoustand ass.  Mamm: Ech och. Da spuere mir alt do.  Papp: Wat steet nach op eiser Lëscht?  Mamm: E Kleederschaf fir seng Kleeder.  Papp: An e klengt Regal fir Bicher a Spillsaachen.  Mamm: Jo, a vläicht och e gemittleche Stull.  Papp: E Stull fir hien oder fir eis?   Mamm: (laacht) E Stull fir eis. Wann ech zum Beispill stëllen oder wa mer him eng Geschicht virliesen.   Papp: Brauche mir och eng Luucht?  Mamm: Jo, eng kleng Nuetsluucht wier flott. Et gëtt speziell Luuchte fir Puppelcher, déi net ze vill liichten an de Bëbee beim schlofen net stéieren.  Papp: Jo, esou eng hunn ech schonn am Online-Shop gespäichert. So, e Babyphone däerfe mir och net vergiessen.  Mamm: Richteg.   Papp: Wou solle mir d'Bett histellen?  Mamm: Ech géif et nieft d'Fënster stellen.  Papp: Ech weess net. Do kënnt vill Sonn eran.  Mamm: Dat stëmmt. Da stelle mir et léiwer un déi aner Mauer.  Papp: Dat ass eng besser Iddi.  Mamm: De Wéckeldësch kënnt niewent d'Dier stoen.  Papp: Jo, do hu mir genuch Plaz.  Mamm: An de Kleederschaf kënnt an den Eck.  Papp: Perfekt. Da bleift nach vill Plaz an der Mëtt vum Zëmmer.  Mamm: Do kënne mir, wann e méi grouss ass, eng Spilldecke leeën.  Papp: Dat wäert eisem Jong sécher gefalen.  Mamm: Wat fir Faarwe wëlls du am Zëmmer hunn?  Papp: Blo!  Mamm: Ech wosst et.. Ech fannen dat sou typesch. Ech géing gär eppes Aneres maachen. Zum Beispill hellgréng an da kënne mer ee froen, fir eis e puer léif Biller vun Déieren ze molen.  Papp: O, jo, dat kléngt ganz schéin. Dem Gilles seng Fra mécht dat jo, mir kënnen hatt jo froen.  Mamm: Jo! Hatt mécht ganz flott Saachen.   Papp: Mengs de mir brauchen en Teppech?  Mamm: Jo, ech denke schonn, dann ass et och méi mëll ënner der Spilldecken. Mir kéinten och e puer Stären un de Plaffong pechen.  Papp: O, nee, dat fannen ech Kitsch. Vläicht kënne mir einfach eng kleng Girland iwwer d'Bett oder de Wéckeldësch ophänken.  Mamm: Stëmmt, dat kléngt méi gemittlech.  Papp: Wou kënne mir déi Saachen da kafen?  Mamm: Komm mir ginn de Weekend mol an dee Buttek zu Féiz kucken an dann decidéiere mir ob mir et sur place oder online kafen.  Papp: Du hues Recht. Mir kënne jo och mam Buttek kucken, wéi dat funktionéiert, fir eng Wonschlëscht bei hinnen ze maachen, da kënnen eis Frënn a Famill sech do eppes eraussichen, wat se eis schenke sollen.  Mamm: Jo voilà, well mir brauche jo awer nach genuch Saachen, wéi eng Poussette, e Stull, eng Dro an ech si mir sécher, wa mir bis am Buttek sinn, dass eis dann nach aner Saachenafalen.  Papp: Bestëmmt! Ech géing just net iwwerdreiwen, well dono steet eis Wunneng voll mat Saachen, wéi dee Klenge mol net brauch.  Mamm: Jo, du hues Recht. Dat wëll ech och net.

Ratings & Reviews

About

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

You Might Also Like