LGS Zeltgepëspers

LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Du kriss net ëmmer mat wat bei den LGS esou leeft oder wéilts gäre wëssen, wéi et hannert de Kulissen ausgesäit? Eis ass et genee d'selwecht gaangen an dofir hate mir d'Iddi een LGS Podcast ze grënnen. Mir si 6 Chef an hunn et eis zum Zil gesat, Guiden a Scouten, Chef a souguer Elteren aus dem ganze Land ze informéieren an hinnen ze weisen, dass d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten aus méi besti wéi nëmmen de Versammlungen. D’Resultat: LGS Zeltgepëspers Ab elo kanns du ëmmer den 1. Dag vum Mount eng nei Folleg vun eisem Podcast lauschteren. Villmools Merci un d'Ronja fir eise flotte Logo 3

  1. May 1

    Zeltgepëspers #13 - Wat hunn d'Kelten um Neihaische verluer?

    An dëser 13. Episod vum LGS Zeltgepëspers kucke mir eis zesumme mam Tom a mam Alex vun der Native Village Ekipp ënner anerem un, wéi d'Keltenhaus deemools um Neihaischen entstanen ass, wat alles hannert dem grousse Bealtaine Festival stécht, a wat d'Ekipp ronderëm den Native Village soss nach alles sou mécht. Wann dir interesséiert sidd bei engem vun de ville Beräicher vum Native Village matzehëllefen, kënnt dir iech gäre beim Tom Lahr (tom.lahr@lgs.lu) oder op info@nativevillage.lu mellen. Weider Informatiounen zum Bealtaine fannt dir op https://bealtaine.lgs.lu Mat dëser 13. Episod vum Podcast feiere mir dann och eist eejäregt Jubiläum vum LGS Zeltgepëspers. Mir soe jidderengem en décke Merci, deen eis am leschte Joer ënnerstëtzt huet an all Mount fläisseg eise Podcast lauschtert 3 Weider Informatiounen zum LGS Second Hand fannt dir op https://chefbox.lgs.lu/event/3-lgs-second-hand/ A wann dir motivéiert sidd als Reparateur beim Repair Café vun der Nohaltegkeetsaarbechtsgrupp mat ze hëllefe kënnt dir iech gären op nohaltegkeet@lgs.lu mellen. Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen. Mir freeën eis :) Intro + Réckspigel (00:00) Interview mam Tom an Alex (05:45) Ausbléck + Outro (54:38)

    1h 2m

About