Sport aus der Heemecht - De Podcast

Ben Schlammes

🇱🇺 𝑺𝒑𝒐𝒓𝒕 𝒂𝒖𝒔 𝒅𝒆𝒓 𝑯𝒆𝒆𝒎𝒆𝒄𝒉𝒕: Ee sportleche Podcast iwwer Leeschtung, Mentalitéit, Néierlagen & Erfolleger - éierlech, emotional & no um Terrain. 🏆

  1. Jun 11

    TRIVELA #1: Ausbléck op d'WM inkl. Predictions & Hot Takes.

    An der éischter Episod vun der Fussball-Rubrik vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ diskutéiert de Ben mam Anthony iwwer d'WM 2026. Kann de Cristiano Ronaldo säin éischte WM-Titel feieren? Kritt de Kylian Mbappé säin Ego op d'Säit geluecht? Soll de Manuel Neuer bei Däitschland am Gol stoen? Ass Japan den Underdog op deen ee setze soll? Wéi wäit kommen d'Gastgeber-Natiounen? Gëtt et dem Lamine Yamal säin Turnéier? Huet Argentinien nach deen néidegen Honger? Packt et Brasilien aus der Krise? Dës a nach vill méi Froen probéiere mir an der éischter Episod ze beäntweren. Vill Spaass! :) Den Opbau vun der Episod: 0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast. 1'00" - Football oder Soccer? 1'15" - Déi éischt WM mat 48 Länner. 6'30" - Grupp A (Mexiko, Südafrika, Südkorea & Tschechien) 9'55" - Grupp B (Kanada, Bosnien & Herzegowina, Katar & Schwäiz) 15'10" - Grupp C (Brasilien, Marokko, Haiti & Schottland) 24'00" - Grupp D (USA, Paraguay, Australien & Tierkei) 30'30" - Grupp E (Däitschland, Curaçao, Elfenbeinküste & Ecuador) 48'20" - Grupp F (Holland, Japan, Schweden & Tunesien) 55'25" - Grupp G (Belsch, Ägypten, Iran & Neuseeland) 67'25" - Grupp H (Spuenien, Kap Verde, Saudi-Arabien & Uruguay) 76'55" - Grupp I (Frankräich, Senegal, Irak & Norwegen) 85'10" - Grupp J (Argentinien, Algerien, Éisterräich & Jordanien) 88'20" - Grupp K (Portugal, DR Kongo, Usbekistan & Kolumbien) 98'10" - Grupp L (England, Kroatien, Ghana, Panama) 105'40" - Iwwerbléck & Predictions. 108'40" - Outro.

    TRIVELA #1: Ausbléck op d'WM inkl. Predictions & Hot Takes.

About

🇱🇺 𝑺𝒑𝒐𝒓𝒕 𝒂𝒖𝒔 𝒅𝒆𝒓 𝑯𝒆𝒆𝒎𝒆𝒄𝒉𝒕: Ee sportleche Podcast iwwer Leeschtung, Mentalitéit, Néierlagen & Erfolleger - éierlech, emotional & no um Terrain. 🏆