Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

  1. 3 DAYS AGO

    D'Oktav an de Mäertchen (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun der Oktav a vum Mäertchen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript D’Oktav an de Mäertchen  A: So, ech hu mir virgeholl, dëst Joer op d’Oktav an op de Mäertchen ze goen.  B: Dat kléngt flott, mee kanns du mir mol erklären, wat dat genee ass? Ech hu schonn dovun héieren, mee ech weess awer net vill doriwwer.  A: Jo, gär! D’Oktav ass eng reliéis Feier hei zu Lëtzebuerg. Si gëtt zu Éiere vun der Muttergottes gefeiert. Tëscht dem 3. an dem 5. Sonndeg no Ouschtere pilgeren Dausende vu Gleewegenaus der ganzer Groussregioun bis an d’Stad.  B: O, dat ass méi grouss wéi ech geduecht hunn. A firwat pilgeren d’Leit dohinner?  A: Si ginn an d’Kathedral Notre-Dame, fir d’Statu vun der Muttergottes ze kucken an ze éieren. Si gëtt als „Consolatrix Afflictorum“ bezeechent, dat heescht Tréischteri vun den Trauregen. D’Traditioun geet zeréck bis an d’17. Joerhonnert.  B: Wéi huet dat dann ugefaangen?  A: Ma, zu där Zäit hat d’Land vill Problemer wéi Epidemien, Kricher a Hongersnout. D’Leit hunn d’Muttergottes als Schutz an Trouscht gewielt. Zanterhier ass d’Oktav eng ganz wichtegTraditioun bliwwen.  B: Dat mécht et nach méi speziell. A wat ass dann de Mäertchen?  A: De Mäertchen ass e Maart um Knuedler, deen extra fir d’Oktav organiséiert gëtt. Do ginn et vill Stänn, wou een iessen, drénken an och lokal Produiten entdecke kann.  B: A, also eng Kombinatioun aus reliéiser Traditioun an engem klenge Fest.  A: Genee! Vill Leit ginn no der Pilgerrees nach dohinner, fir sech z’entspanen an d’Stëmmung ze genéissen.  B: Wat kann een dann do genee iessen?  A: Ganz vill verschidde Saachen! Lëtzebuergesch Spezialitéiten, verschidden Desserten an nach aner Saachen. Et ass fir jiddereen eppes dobäi.  B: Dat kléngt wierklech flott. Gees du eleng oder mat anere Leit?  A: Ech hat eigentlech vir, eleng ze goen. Ech wëll dat als perséinlech Erfarung erliewen. Mee ënnerwee trëfft een ëmmer Leit an et kënnt ee séier an d’Gespréich.  B: Dat gleewen ech. Ech ka mir virstellen, datt do eng speziell Energie ass, wann esou vill Leit zesumme pilgeren.   A: Absolut. Et ass roueg, mee gläichzäiteg och lieweg. An du hues Zäit, fir nozedenken oder einfach de Moment ze genéissen.   B: Hmm, elo kréien ech och Loscht esou eppes ze maachen. Muss een dofir reliéis sinn?  A: Nee, iwwerhaapt net. Vill Leit ginn aus Traditioun oder einfach fir d’Erfarung dohinner. Jidderee ka matkommen. Aner Leit gi just op de Mäertchen, well se eppes Guddes iesse wëllenoder als Aktivitéit mat de Kanner.  B: Dat ass gutt ze wëssen. Ech kucke mol wéi ech mech organiséiert kréien. Solle mir dat zesumme maachen oder wëlls du onbedéngt eleng goen?  A: Nee, mir kënne gär zesumme goen, da kann ech dir nach e puer Saache weisen an erklären.  B: Dat wier super, merci! Ech freeë mech schonn.

    4 min
  2. 23 APR

    Am Fréijoer am Gaart schaffen (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Theema Gaardenaarbecht schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Wat méchs du dann dëse Weekend?  B: Ech schaffen am Gaart. Ech hunn nach vill ze dinn.  A: Ech kenne mech guer net aus, ech hu kee Gaart. Wat muss een alles maachen?  B: Also, fir d’éischt hunn ech de Gaart preparéiert. Et muss ee fir d’éischt d’Onkraut erausrappen an de Buedem oplackeren.  A: A, dat ass bestëmmt vill Aarbecht.   B: Jo, mee et mécht Spaass. An ech si vill dobaussen un der frëscher Loft.  A: Hues de schonn eppes geplanzt?  B: Jo, ech hu schonn Zalot, Spinat a Réidercher geplanzt.  A: Firwat grad déi Planzen?  B: Se halen d’Keelt aus a kënnen och wuessen, wann et nach kal ass. Am Abrëll ass d’Wieder nach immens onbestänneg.  A: Jo, et seet ee jo: Abrëll, Abrëll, dee weess net, wat e wëll.  B: (laacht) Genee!  A: A wat wëlls du nach uplanzen?  B: Ech wëll nach Muerten a Grompere setzen.   A: Wéi ass et mat Tomaten?  B: A jo! Also ech zillen d’Tomaten de Moment nach bannen op mengem Fënsterbriet an der Kichen. No den Äishellege komme se dann eraus an de Gaart.  A: Wat ass dat?  B: D’Äishelleg si Mëtt Mee, vum 11. bis de 15. Mee. Eng Bauerereegel seet, datt bis de 15. Mee nach Frascht am Fréijoer méiglech ass. Duerno kann ee sech bal sécher sinn, datt d’Deeg méi waarm ginn.  A: O, dat ass jo guer net gutt fir d’Planzen.  B: Genee, duerfir ass et besser, wann een déi kriddeleg Planzen eréischt duerno planzt.  A: Dat ass e gudden Tipp.  B: Jo. Ech géing och nach gär Kraider ubauen.  A: Wat dann zum Beispill?  B: Péiterséileg, Majiskraut, Bratzel an Dëll. Déi benotzen ech oft, wann ech kachen.  A: Dat ass immens praktesch! Dann hues de ëmmer frësch Kraider doheem! Wat eng gutt Iddi!  B: Esou Kraider kanns du och uplanzen. Dofir brauch ee kee Gaart. Hues de e Balcon?  A: ‘t ass wouer! Jo, ech hunn e klenge Balcon.  B: Ma, perfekt! Duer kanns du och Saache séien.  A: Wat dann zum Beispill?  B: Ech géif soen, Tomaten an engem Blummendëppen an och Äerdbier. D’Kraider kanns de och op de Balcon setzen. Oder eeben op e Fënsterbriet.  A: Dat kléngt super!  B: Du kanns och Blumme séien, zum Beispill Sonneblummen. Se wuesse séier a sinn net schwéier.  A: Dat ass gutt fir Ufänger wéi ech.  B: Et muss ee just reegelméisseg nätzen a Gedold hunn.  A: Du hues mech elo richteg motivéiert!  B: Hues de schonn eng Iddi?  A: Ech fänken emol kleng un: op alle Fall Kraider fir ze kachen a vläicht probéieren ech d’Tomaten am Dëppen nach.  B: Dat ass e gudde Plang. Et muss ee jo net alles matenee maachen.  A: Genee. Schrëtt fir Schrëtt.  B: Wann s de Froen hues, da mells de dech bei mer! Ech hëllefen dir gär!  A: Villmools Merci! Ech freeë mech drop, unzefänken.

    4 min
  3. 21 APR

    Um Nopeschfest (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi e puer Persoun um Nopeschfest matenee schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript A: Hallo dir zwee! Schéin, datt dir och hei sidd.  M: Salut Anna! Jo, d’Nopeschfest ass ëmmer flott. Vill Leit a gutt Iessen.  C: Moien alleguer! Ech wunnen eréischt zanter zwou Wochen hei. Ech kennen nach net vill Noperen.  A: O, bass du hei an eiser Residence? Wëllkomm! Ech wunne scho fënnef Joer hei.  C: Merci! Ech sinn d’Clara. Ech wunnen um zweete Stack, dat éischt Appartement op der lénkser Säit.  M: A, da bass du meng nei Nopesch! Ech wunnen direkt uewendriwwer. Ech sinn de Marco.  C: A, et freet mech, dech kennenzeléieren. Hoffenlech maachen ech net ze vill Kaméidi. Ech hu geschter Owend nach e bësse Musek um Balcon gelauschtert.  M: Nee, alles gutt. Ech hunn näischt héieren. A wann ech eppes héieren, wat mech stéiert, soen ech dir Bescheed.  A: Dat ass hei am Haus flott. Déi meescht Leit si frëndlech a schwätze mateneen.  C: Dat kléngt gutt. A menger aler Wunneng hunn ech meng Nopere guer net kannt. Dat war e bësse schued.  M: Hei ass et anescht. Am Summer gi mir oft zesumme spadséieren oder grillen am Gaart.  A: Jo, dat ass richteg! D’lescht Joer hu mir mat der Residence vis-à-vis e grousst Grillfest organiséiert.  C: Wow, dat kléngt flott! Ech grille ganz gär. A propos Iessen, wat ass dat hei?  M: Dat sinn Arancini. Meng Fra huet déi gemaach. Wëlls du ee schmaachen?  C: Jo, gär! Merci. Mmh, déi si ganz gutt !  A: Ech hunn eng klassesch Nuddelszalot gemaach. Déi steet do hannen um Dësch.  C: O, ech iesse ganz gär Nuddelszalot. Ech ginn herno emol kucken.  M: Vu wou kënns du eigentlech, Clara?  C : Ech komme vun Tréier, mee ech schaffen zanter sechs Joer zu Lëtzebuerg. Ech hat keng Loscht méi, all Dag ze pendelen, dofir hunn ech decidéiert, an d’Stad ze plënneren.  A: Dat verstinn ech. Wou schaffs du dann?  C: Ech schaffen an engem Architektebüro um Belair.  M: O, interessant! Schaffs du all Dag um Büro, oder schaffs du och heiansdo vun doheem?  C: Ech muss leider déi meescht Deeg op de Büro goen. Ech däerf just een Dag d’Woch vun doheem schaffen.  A: Dat ass awer blöd. Mee ech verstinn dat. Ech si Proff an engem Lycée.  C: Seriö? Wat fir Fächer gëss du dann?  A: Däitsch a Geschicht. Et mécht mir Spaass, mee heiansdo ass et awer och stresseg. Dofir sinn ech frou, net wäit ewech vun der Schoul ze wunnen.   M: Ech verstinn! Ech schaffen hei am Spidol an der Rezeptioun.  C: Dat ass bestëmmt och stresseg, oder?  M: Jo, besonnesch moies, wa vill Patiente gläichzäiteg kommen.  A: Mee du bass ëmmer roueg a frëndlech. Dat ass bestëmmt wichteg op denger Aarbecht.  C: Wat maacht dir da gär an ärer Fräizäit?  A: Ech gi gär lafen an ech strécke gär. An du?  C: Ech mole gär an treffe mech gär mat Frënn. Heiansdo ginn ech och an de Kino oder an den Theater.  M: Ech spillen de Weekend oft Fussball mat Frënn. An ech kache gär.  C: Seriö? Da muss du mir emol eng Kéier e Rezept ginn. Ech ka guer net gutt kachen!  M: Natierlech! Ech kann dir och weisen, wéi een Arancini mécht.  A: Dat wier dach eng flott Iddi fir dat nächst Nopeschfest: e Kachowend!  C: O jo, dat fannen ech super!  M: Mir kënne jo eng Lëscht maachen. Jidderee bréngt Ingrediente fir e Plat aus sengem Land oder senger Regioun mat. Da kache mir zesummen, an duerno schmaache mir alles zesummen.  A: Gutt Iddi! Dann hu mir vill verschidde Saache fir z'iessen.  C: Dat kléngt no engem flotten Owend.  M: Kuck, do hanne spillt elo ee Gittar. Solle mir emol kucke goen?

    5 min
  4. 16 APR

    Beruff: Elektriker/Elektrikerin (A1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Beruff als Elektriker schwätzt. Vill Spaass beim Nolauschteren! -  Transkript A: Gudde Moien Eric! Wat bass du vu Beruff?  B: Ech sinn Elektriker.  A: Cool! Wat méchs du do genee? Wat sinn deng Tâchen?  B: Ech installéieren a flécken elektresch Systemer. Dat sinn zum Beispill Steckdousen, Luuchten, Kabelen an d’Këschte mat de Sécherungen.  A: Wéi laang schaffs du schonn als Elektriker/Elektrikerin?  B: Zënter aacht Joer.  A: Schaffs du och op engem Büro?  B: Nee, bal ni. Ech schaffe meeschtens op Chantieren oder direkt bei de Clienten doheem.  A: Dat heescht, du bass vill ënnerwee...  B: Mol sou, mol sou. Heiansdo sinn ech just e puer Stonne bei engem Client, heiansdo sinn ech e puer Deeg op engem Chantier.  A: Wat gefält dir besser? Bei de Clienten doheem oder d’Aarbecht op enger Baustell?  B: Dat hänkt dervun of. Ech si frou, wann ech meng Aarbecht gutt maache kann an d’Clienten all zefridde sinn.  A: Wéi gesäit en typeschen Aarbechtsdag aus?  B: Ech fänke fréi u mat schaffen, heiansdo schonn um 7 Auer moies. Fir d’éischt fueren ech op e Chantier oder bei e Client heem. Ech kucken d’Pläng a beschwätze mam Client, wat gemaach gi muss. Duerno fänken ech un: ech leeë Kabelen, ech installéiere Steckdousen oder schléisse Geräter un. Ech iwwerpréiwe reegelméisseg, ob alles richteg fonctionéiert.  A: Schaffs de eleng oder am Team?  B: Op de grousse Chantiere schaffen ech mat mengen Aarbechtskolleegen zesummen. Bei Privatleit schaffen ech awer meeschtens eleng.  A: Ass däi Beruff geféierlech?  B: E bëssen. Stroum ka geféierlech sinn. Duerfir musse mir ëmmer virsiichteg sinn an eis un d’Sécherheetsreegelen halen. Mir doen och extra Schutzkleedung un, Sécherheetsschong an heiansdo och Händschen. Dat ass immens wichteg.  A: Wat gefält dir un dengem Beruff?  B: Ech fannen et flott, datt ech mat den Hänn schaffe kann. Ech sëtzen net gär op engem Büro, mee si léiwer aktiv. Ech gesinn och gär d’Resultater, zum Beispill eng Luucht, déi fonctionéiert oder wann e ganze System fäerdeg ass.  A: Wat gefält dir net esou gutt?  B: Heiansdo sinn d’Aarbechtszäiten immens laang a wann ech dobausse schaffe muss, wann et reent... Dann ass et ongemittlech!  A: Wéi bass du Elektriker/Elektrikerin ginn?  B: Ech hunn nom Lycée eng Léier gemaach.   A: Hues de wärend der Léier och scho praktesch geschafft?  B: Jo, ech hunn an engem Betrib e Stage gemaach a Coursen an der Handwierkerschoul geholl. An der Schoul léiert ee vill iwwer d’Technik an d’Sécherheet. Et war net ëmmer einfach, virun allem d’Theorie.Mee sou ass et bei deene meeschte Beruffer.   A: Géings de däi Beruff recommandéieren?  B: Jo! Op alle Fall! Besonnesch fir déi Leit, déi gäre praktesch schaffen a sech fir Technik interesséieren. Online fënnt een all d’Informatiounen. Et gëtt verschidden Diplomer, déi ee maache kann. Et kann een zum Beispill och als Erwuessenen eng Léier maachen. Et ass ni ze spéit, säi Beruff ze wiesselen.   A: Zum Schluss nach: wat méchs du gär an denger Fräizäit?  B: A menger Fräizäit ginn ech gär Vëlo fueren. Do kann ech gutt ofschalten. Heiansdo hëllefen ech och Kolleegen, fir doheem Luuchten opzehänken oder fir deen een oder aneren elektreschen Apparat zeflécken. Awer just heiansdo!   A: Villmools Merci fir d’Gespréich.  B: Gär geschitt.

    5 min
  5. 1 APR

    E Wellness-Weekend (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer e Wellness-Weekend, dee si geplangt hu, schwätzen. Vill Spass beim Nolauschteren! - Transkript: A: An, frees du dech op eise Wellness-Weekend?  B: Jo, ech freeë mech esou vill. Ech muss wierklech e bëssen ofschalten a brauch Entspanung.  A: Ech och, onbedéngt ! Ech sinn och frou, datt mir eis decidéiert hunn am Hotel z’iwwernuechten. Online hu mir jo scho gesinn, datt hir Zëmmeren immens schéin a gemittlech ausgesinn.  B: Voll. Wat solle mir als éischt am Wellness-Beräich maachen?  A: Ech géif gär direkt an d'Sauna goen. Si hu fënnef Saunaen dobaussen an dräi dobannen. Si hunn och dräi Hammamen.  B: Topp! Hammam ass perfekt fir d’Haut. Si hu bestëmmt och sou Peelinge mat Salz, Kraider an äthereschen Ueleger. Dono kënne mir jo an d’Schwämm e bësse schwamme goen.  A: Ganz gär! Si hunn dobaussen och e Naturteich, also eppes wéi e Weier an deem ee schwamme kann... Vläicht kënne mir eis an deem ofkillen, wa mir aus der Sauna kommen. Wann dat eis ze kal ass, gi mir einfach an den Outdoor-Whirlpool.   B: Dat ass e gudd ePlang. Hues du schonn eng Massage gebucht?  A: Jo, ech hu fir eis zwee eng Massage vum ganze Kierper reservéiert. 90 Minutte puer Entspanung.  B: En Dram! Ech wollt och eng Gesiichtsbehandlung probéieren. Meng Haut brauch e bësse Fleeg.  A: Gutt Iddi. Ech mengen, ech maachen och eng kleng Manikür. Et ass schéin, sech mol verwinnen ze loossen.  B: Absolut. Ech hu gesinn, datt si och zwee grouss Räim hunn, wou ee sech ausroue kann. Do kënne mir einfach a Rou leien an e Buch liesen oder einfach näischt maachen.  A: Genau dat brauch ech: Rou a kee Stress.  B: Wéi gesäit et mam Iessen aus? Den Hotel huet e ganz gudde Restaurant, hunn ech héieren.  A: Genee. E Freideg Owend hu mir e Menü mat véier Gäng.  B: Véier Gäng? Dat kléngt luxuriéis! Weess du, wat et gëtt?  A: Als éischt gëtt et e Rommel-Carpaccio mat Geessekéis, Nëss an enger Hunneg-Moschtert Vinaigrette. Dono gëtt et eng Kürbiszopp mat Kokosmëllech an Ingwer.  B: Mmmm! A wat gëtt et als Haaptplat?  A: Et gëtt Saumonsfilet, Quinoa a Spargele mat enger Zitroun-Dill-Zooss. Si hunn awer och vegetaresch a vegan Optiounen, mee déi hunn ech net gekuckt.  B: Guer kee Problem, ech iesse gär Fësch.   A: Ech och. Als Dessert gëtt et nach en Äerdbierssorbet mat Peffermënz a Mascarpone.   B: Dat kléngt wierklech alles excellent.  A: An eisem Package, hu mir jo och de Kaffi moies. Do gëtt et e grousse Buffet.   B: Dat ass perfekt. Da kënne mir do gutt iessen an dann eisen Dag am Wellness genéissen.   A: Jo, vläicht kënne mir jo virum Kaffi nach eng kleng Yoga-Sessioun maachen.   B: Ganz gär. Ech libe Yoga.  A: Perfekt! Ech freeë mech schonn immens op dee rouegen an erhuelsame Weekend.  B: Ech och. Dat hu mir eis definitiv verdéngt.

    4 min

About

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

You Might Also Like