RTL - Lecture vun heiheem

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

  1. 12 Jul

    Jemp Schuster, Michèle Turpel: Spawecken als Verbindung zur Vergaangenheet, 12/07/2026

    De Jemp Schuster schwätzt iwwer säin neie Roman "Spawecken" Mat "Bluttsëffer" huet de Jemp Schuster 2020 säin éischte Roman virgeluecht , deen em net nëmmen de Lëtzebuerger Buchpräis, mä och en enorme Succès bei de Lieser bruecht huet. Och an dem neie Roman "Spawecken" dréint sech nees alles ëm eng Famill, dës Kéier d'Schmaddsfamill aus dem fiktiven Dierfche Schëldref. An natierlech ëm den Ampeljong, deen décken Nëssert deen zënter Jorhonnerten alles matkritt wat a Schmadds geschitt. Säi Geheimnis wäert eréischt 1988 un d'Liicht kommen, wéi den Ampeljong duerch e Blëtz gespléckt gëtt. Wat genee et domat op sech huet, dofir muss ee wäit an d'Vergaangenheet siche goen, bis an d'17.Jorhonnert, an d'Zäit vum Drëssegjärege Krich. Am Interview schwätzt de Jemp Schuster iwwer déi Verännerungen mat deene seng Personnage zu verschiddenen Zäite konfrontéiert sinn, sief et an der zweeter Halschent vum leschte Jorhonnert oder matzendran am Horror vum Drëssegjärege Krich. Et geet awer och ëm d'Lëtzebuerger Sprooch als Handwierksgeschier vum Auteur, den Auteur als Wuert-Schmadd souzesoen. An der Schmëtt kennt sech och dem Jemp Schuster seng Fra, d'Actrice Michèle Turpel, beschtens aus. Si kënnt aus enger Schmadds-Famill an dat war och eng Inspiratioun fir dat eent oder anert Element dat am Roman erëmzefannen ass. "Spawecken" vum Jemp Schuster ass bei Kremart Edition erauskomm.

  2. 21 Jun

    Vu Katastroph(en) an Happy End(s): De Schrëftsteller Roland Meyer am Interview, 21/06/2026

    Am Interview schwätzt de Roland Meyer iwwer seng zwee nei Bicher: "Um Horizont" a "Betty- Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" Mat iwwer 400 Säiten ass "Um Horizont" dat déckste Buch dat de Roland Meyer bis elo geschriwwen huet. Am Interview verréit hien, firwat et nach vill méi déck hätt kéinte ginn! Wann an dësem Roman d'Grenzen tëscht Wouerecht a Fantasie verschwammen, dann huet een am Kannerbuch "Betty - Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" déi traureg Gewëssheet: esou wéi d'Betty Hirschbein hir Geschicht Jorzéngte méi spéit erzielt, sou ass et tatsächlech geschitt. Kann et no der Katastroph nach en Happy End ginn? Fir d'Betty war dat de Fall, bei de Personnagen aus dem Roman "Um Horizont" ass dat net esou sécher. Och fir de Verlag Op der Lay, bei dem de Roland Meyer seng Bicher zënter laange Jore verëffentlecht, gëtt et leider keen Happy End. Op den 31.Juli mécht hire Webshop zou, no iwwer 30 Joer an der Lëtzebuerger Verlagslandschaft. Och als Museker a Kabarettist huet de Roland Meyer vill Pläng a Wënsch fir d'Zukunft... geschwënn eng Kéier e Concert zu Esch ze spillen, steet ganz uewen op der Wonschlëscht! Ka säi Wonsch an Erfëllung goen? A wäert e säi Kannerbuchprojet ronderëm dee klengen Här Bellibimbam mat engem neie Verlag verwierkleche kënnen? Op déi Froe gëtt et (nach) keng Äntwert. "Um Horizont" ass am Verlag Op der Lay erauskomm, "Betty, die Geschichte eines jüdischen Mädchens" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

  3. 27/12/2025

    "Vum Buedem ofhiewen a fléien, fir vum Bësch z'erzielen", 27/12/2025

    Interview mat der prominenter spuenescher Schrëftstellerin Rosa Montero D'Rosa Montero, 1951 zu Madrid gebuer, huet als Journalistin eng 2000 bekannt Perséinlechkeeten interviewt, si ass awer och als Schrëftstellerin bekannt. No engem Studium an de Beräicher Psychologie a Journalismus huet d'Rosa Montero 1976 hir Aarbecht bei der grousser spuenescher Dageszeitung El País opgeholl, wou si eng Zäit laang och Chefredaktesch vun der Sonndesbäilag war. Berümt ginn ass si haaptsächlech duerch hir Interviewen, mat engen 2000 weltbekannte Perséinlechkeeten, dorënner de Yassir Arafat an de Paul McCartney,  huet si sech ënnerhalen. Dernieft schreift si och Bicher: eng 20 Romaner si bis elo erauskomm, awer och Kuerzgeschichten, Biografien a Kannerbicher. Verschiddener vun hiren Texter si fir den Theater oder fir de Kino adaptéiert ginn, sou zum Beispill hire Roman "La bonne chance" (La buena suerte) deen am Juni 2025 a Spuenien op de groussen Ecran komm ass (Dëse Film vun der Realisatrice Gracia Querejeda wäert iwwregens de 17.Januar 2026 am Kader vum spuenesche Filmfestival hei zu Lëtzebuerg gewise ginn) Oder "L'inconnue du port", e Buch dat si zesumme mam Olivier Truc geschriwwen huet, an dat amgaangen ass vun Netflix verfilmt ze ginn. D'Serie soll ënnert dem Titel "La desconocida" (l'inconnue) am Laf vum Joer 2026 erauskommen. D'Lëscht mat de Präisser déi si an hirer Carrière gewonnen huet, ass laang, souwuel als Journalistin wéi och als Autorin.  An hire Bicher léisst si keen Thema aus an et kann een si och net op en eenzege Genre festléën. An "L'idée ridicule de ne plus jamais te revoir" ( "La ridícula idea de no volver a verte" 2013) verschafft si de fréien Doud vun hirem Mann. An "Le roi transparent" ("Historia del rey transparente" 2005) ass d'Haaptfigur dat jonkt Leola, dat sech an der Aquitaine vum 12te Jorhonnert als Ritter verkleede muss, fir z'iwwerliewen. Ganz beléift ass och hire futuristesche Romanzyklus ronderëm d'Replikantin Bruna Husky, deen am 22ste Jorhonnert spillt. Dräi Bänn si bis elo schonn op Franséisch erauskomm, dee véierten a leschte Band soll am Fréijoer 2026 bei hirem franséische Verlag éditions Métailié publizéiert ginn.  Am Mee war si zu Lëtzebuerg op Besuch, wou si bei enger Konferenz an der Abtei Neimënster vun hirer Aarbecht erzielt huet.  Am Interview verréit si wéi eng Interviewpartner si an hirer laanger Karriär besonnesch beandrockt hunn, wéi no hir futuristesch Romaner un eis Realitéit erukommen a firwat et heiansdo gutt deet, e ganz e wéineg "verréckt" ze sinn.

About

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

More From RTL Radio Lëtzebuerg

You Might Also Like