De Walpodcast

D'Ines an d'Liz, zwou Journalistinne vum "Lëtzebuerger Wort", begleeden am "Walpodcast" d'Campagne fir d'Chamberwalen bis den 8. Oktober 2023. Si diskutéiere mat Experten iwwer d'Spëtzekandidaturen, kucken, wéi eng Campagne opgebaut ass a wéi eise Walsystem fonctionnéiert a maachen de Bilan vu "Gambia 1" a "Gambia 2". Als Nolauschterer a Lieser kënnt Dir matmaachen! Schéckt eis Är Froen un d'Spëtzekandidaten a mir stellen se de Politiker bei eise véier Diskussiounsronnen am September! Schéckt eis eng E-Mail un: walen@wort.lu oder sot Är Sproochnoriicht iwwer Whatsapp un den +352 691 487 303. Abonnéiert „De Walpodcast“ elo a sidd mat dobäi, wann et den 29. August mat der éischter Folleg lass geet. Dieser Podcast ist eine Produktion des "Luxemburger Wort" Redaktion & Hosting: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktion: Marc Blasius Musik: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes

  1. 10/03/2023

    Episode 11: Vum Trickle-down bei d’Voodoo-Ekonomie: Politiker streiden iwwert Steierpolitik

    An der eelefter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi véiert a lescht Debatteronn: déi am Zentrum, dem zweetgréissten Walbezierk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:inne Franz Fayot vun der LSAP, Yuriko Backes vun der DP, François Bausch vun Déi Gréng, Luc Frieden vun der CSV, David Wagner vun Déi Lénk, Alex Penning vun der ADR an de Jerry Weyer vun der Piratepartei. Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Steierpolitik, vu datt verschidde Finanzexpert:innen um Dësch souzen. Awer och d’Wuesstemsfro schielt sech ëmmer méi als eng reell Suerg eraus, och wann déi meescht Parteien op déi eng oder aner Weis de Wuesstem grondsätzlech befirwuerten. Se ënnerscheede sech nëmmen doran, wéi vill a wat fir e Wuesstem se wëllen. Mir hunn dës Kéier d’Konzept geännert a ginn Iech elo de Best of vun den Zitater – plus d’Argumenter vun de jeeweilege Kandidat:innen. Dir kënnt dësen an déi aner Debatten am Video nokucken op wort.lu _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort See omnystudio.com/listener for privacy information.

    22 min
  2. 09/28/2023

    Episode 10: “D’Steierfro spléckt weider"

    An der zéngter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi drëtt vu véier Debatteronnen: déi am Osten, am klengste Walbezirk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:inne Paulette Lenert vun der LSAP, Lex Delles vun der DP, Henri Kox vun Déi Gréng, Léon Gloden vun der CSV, Laurent Fisch vun Déi Lénk, Alexandra Schoos vun der ADR an den Dr. Ted Schmit vun der Piratepartei. Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Fro, ob den Osten, wéi d’Gesondheetsversuergung am Osten, déi vill Lacunnen opweist, wéi den Transportproblem an der Grenzregioun ka geléist an awer den Tourismus verbessert ginn. Interessant: Offensichtlech ginn et awer relativ kloer Divergenze bei der Steierpolitik tëschent de Regierungsparteien DP, LSAP an Déi Gréng. Mir hunn dës Kéier d’Konzept geännert a ginn Iech elo de Best of vun den Zitater – plus d’Argumenter vun de jeeweilege Kandidat:innen. De véierten a leschten Debat ass Donneschdesowes ëm 19.30 Auer am Zentrum an der Abtei Neimënster. Wie sech nach fir déi Debatt wëll umellen, hei ass de Link: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0 _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort See omnystudio.com/listener for privacy information.

    26 min
  3. 09/26/2023

    Episode 9: Elefanteronn am Südbezirk: “Wëlle mir a Bëton-Wüste liewen?”

    An der néngter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi zweet vu véier Debatteronnen: déi am Süden, am gréisste Walbezirk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:innen Taina Bofferding vun der LSAP, Claude Meisch vun der DP, Joëlle Welfring vun Déi Gréng, Gilles Roth vun der CSV, Marc Baum vun Déi Lénk, Fernand Kartheiser vun der ADR a Marc Goergen vun der Piratepartei. Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Fro, ob de Süden, deen all Moies am Stau erstéckt, dem Wuesstum nach gewuess ass, wat vun der nationaler Politik an deene Gemenge muss gemaach ginn, datt de Süden liewenswäert bleift a wat fir eng Roll d’Dezentraliséierung dobäi spillt. Den nächsten Debat ass Dënschdesowes ëm 19.30 am Osten am Trifolion ze Iechernach. _____________________________________ Umeldung Elefanteronn: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0 _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort See omnystudio.com/listener for privacy information.

    24 min
  4. 09/19/2023

    Episode 7: Mer diskutéiere mat Experten: Wéi spannend ass de Walkampf – wat sinn d’Highlights? Wat feelt?

    Fir déi siwent Folleg vun De Walpodcast schwätzen d'Liz an d'Ines mat Experten aus eiser Redaktioun iwwer de Walkampf, wéi dee sech bis elo presentéiert: Diane Lecorsais vum Lokalen, Cordula Schnuer vun der Luxembourg Times an de Wort-Chefredakter Roland Arens. An der drëtter Woch fält virun allem eppes op: De Walkampf ass erëm eng Kéier staark op Persounen zougeschnidden a manner op Inhalter. _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ Hutt Dir konkreet Froen un d’Spëtzekandidat:inne vun de Chamberwalen 2023? Da schéckt eis déi a mir stelle se de Kandidat:innen op eise véier groussen Elefanteronnen am September. Ganz einfach per Sproochnoriicht via Whatsapp: +352 691 487 303 Oder per E-Mail: walen@wort.lu _____________________________________ Umeldung Elefanteronn: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0?typeform-source=www.wort.lu _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Gaascht: Roland Arens, Diane Lecorsais, Cordula Schnuer Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort See omnystudio.com/listener for privacy information.

    39 min

About

D'Ines an d'Liz, zwou Journalistinne vum "Lëtzebuerger Wort", begleeden am "Walpodcast" d'Campagne fir d'Chamberwalen bis den 8. Oktober 2023. Si diskutéiere mat Experten iwwer d'Spëtzekandidaturen, kucken, wéi eng Campagne opgebaut ass a wéi eise Walsystem fonctionnéiert a maachen de Bilan vu "Gambia 1" a "Gambia 2". Als Nolauschterer a Lieser kënnt Dir matmaachen! Schéckt eis Är Froen un d'Spëtzekandidaten a mir stellen se de Politiker bei eise véier Diskussiounsronnen am September! Schéckt eis eng E-Mail un: walen@wort.lu oder sot Är Sproochnoriicht iwwer Whatsapp un den +352 691 487 303. Abonnéiert „De Walpodcast“ elo a sidd mat dobäi, wann et den 29. August mat der éischter Folleg lass geet. Dieser Podcast ist eine Produktion des "Luxemburger Wort" Redaktion & Hosting: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktion: Marc Blasius Musik: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes

More From Luxemburger Wort