flux

Lëtzebuerger Journal

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen: D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal sinn der Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg op d’Spuer gaang. D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren. Ënnert anerem de Jean-Claude Juncker, d'Colette Flesch, de Michel Würth an de Guy Castegnaro zielen d'Geschicht vun engem konstanten Upassen, Neidenken an Neiopbauen, déi nach ëmmer weider dréit. flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, mam Zil, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. Ab dem 25. November 2025.

Episodes

  1. S01E06 - Ménage à trois

    1D AGO

    S01E06 - Ménage à trois

    Et ass d'Joer 1975. Vun elo un a fir op mannst déi nächst 10 Joren heescht de Probleem Nummer 1 zu Lëtzebuerg Stolkris. De Lëtzebuerger Tripartite-Modell faasst ënnert der DP-LSAP-Koalitioun Fouss. Regierung, Gewerkschaften, a Patronat mussen zesummen no Léisunge sichen – a léieren, sech géigesäiteg ze verstoen a Kompromisser anzegoen. Am Spill steet nämlech d'Existenz vun der Stolindustrie, déi Dausende vu Mënsche beschäftegt. D'Colette Flesch war déi Zäit Vize-, Aussen-, Wirtschafts- a Justizministesch. Si an de Kik Schneider, fréiere Member vum Staatsrot a Conséilspresident vum Lëtzebuerger Journal, ziele vum Gaston Thorn, deemolege Premier, a schwätzen doriwwer, wéi d'Colette Flesch d'Tripartitten an d'staatlecht Agräifen an den Arbed-Betrib erlieft huet – a firwat si an den 80er d'Stolindustrie als "industrie crépusculaire" bezeechent huet. Eng Ausso, un déi de Michel Wurth, haut Conséilspresident vun ArcelorMittal Lëtzebuerg an deemools Finanzanalyst vun der Ekipp vum Emmanuel Tesch, déi Zäit Präsident vun der Arbed, sech gutt erënnere kann. De Jean-Claude Juncker, fréiere Premier, war President vun der Chrëschtlech-sozialer Jugend a spéider Staatssekretär fir Aarbecht a Sécurité sociale. Hien zielt vun de Follgen, déi d'Division Anti-Crise fir Aarbechter*innen hat. De wichtegste Gewerkschaftler deemools, dat war den John Castegnaro. Säi Bouf, de Guy Castegnaro, an de Robert Schneider, fréiere Journalist, hunn zesummen d'Buch "De Casteg" iwwert hie geschriwwen. Si ginn op d'Grënnung vum OGBL an. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/ A Gedenken un d'Colette Flesch (1937-2026).

    56 min
  2. S01E05 - Oppen Dieren

    JAN 20

    S01E05 - Oppen Dieren

    Et ass de 24. Abrëll 1951. Zu Colmar-Bierg versammele sech e gudde Koup dichteg a wichteg Leit aus Lëtzebuerg, den USA, England an Holland. Hei gëtt nämlech d'Produktioun vun der éischter US-amerikanescher Firma lancéiert, déi hire Wee op Lëtzebuerg fonnt huet: d'Goodyear. Dowéinst fänkt eis Spueresich des Kéier beim Miguel Simon un, deen haut Manager bei Goodyear Mounting Solutions ass. D'Industriesitten hunn den zweete Weltkrich zwar méi oder manner gutt iwwerstanen, mee et war alles anescht wéi einfach, d'Schwéierindustrie mat Koks ze versuergen. D'Lëtzebuerger Regierung war sech bewosst: D'Wiertschaft muss diversifizéiert ginn. Ma fir d'éischt misst Europa sech nei opstellen – an nei Kooperatioune fannen, fir Buttek sou gutt wéi méiglech ze vermeiden. D'Colette Flesch, déi vun 1964 bis 1969 am Verwaltungsrot vun den Europäesche Gemeinschaften (EG) war, weess, wat sech fir Lëtzebuerg um institutionellen Niveau mat der Benelux an den EG verännert huet. De Robert Schneider, fréiere Journalist, erzielt, wéi d'Land sech nom Krich politesch positionéiert huet, wärend de Carlo Thelen de Lien zum Plan Marshall an der Moderniséierung vun der Industrie mécht. D'Diversifizéierung, déi huet net nëmmen Industriekonzerner ugelackelt, ma och US-amerikanescht Kapital. De Kik Schneider, fréiere Member vum Staatsrot a Conseilspräsident vum Lëtzebuerger Journal, an de Prof. Benoît Majerus, Fuerscher beim Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, erklären, wéi d'Finanzplaz gewuess ass. A wann sech um Pabeier villes gebessert huet, konnt d'Aarbecht an der Stolindustrie nach ëmmer liewensgeféierlech ginn, esou de Léon Leszczynski, dee mat 17 Joer ugefaang huet, an de Minnen ze schaffen. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/

    48 min
  3. S01E04 - Vun de Bouwen, déi gefeelt hunn

    JAN 6

    S01E04 - Vun de Bouwen, déi gefeelt hunn

    Et ass den 31. August 1942. Bei der Post trëppelen se vun engem Fouss op den aneren. D'Aarbecht schleeft. Et gëtt gepëspert: Stëmmt et, dass se zu Wooltz grad um Streike sinn? An zu Schëffleng? Souguer zu Ettelbréck? Den Dag virdrunner gouf ugekënnegt, dass och d'Lëtzebuerger Bouwen elo virun der Wehrpflicht stinn. Uechter d'Ländchen ass iwwer zwee Deeg e Generalstreik ausgebrach. E Moment vun der Resistenz, deen Affer mat sech bruecht huet, mee net verhënnere konnt, dass d'Lëtzebuerger Jongen an d’Wehrmacht agezu goufen. Eis Spueresich fänkt dowéinst beim Mike Orazi un, Präsident vun der Amicale de la Poste. D’Grënnung vun dëser hänkt nämlech domadder zesummen, dass zwee Postbeamte mam Liewen dofir bezuelt hunn, um Streik deelgeholl ze hunn. D’Colette Flesch, eemoleg Vize-Premierministesch a fréier Aussen-, Justiz- a Wirtschaftsministesch, deelt Erënnerunge vun der Evakuatioun vum Minett. De Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce an de Michel Wurth vun ArcelorMittal ginn en Iwwerbléck doriwwer, wéi d'Stolindustrie sech huet missen un déi däitsch Wirtschaftsplanung upassen, wärend de Jos Thull vum Musée Patton zu Ettelbréck doriwwer schwätzt, wat d'Besatzung an d'Anzéie vun de Bouwe fir Baueren an Handwierksbetriber bedeit huet. An och gouf probéiert, d'Bouwen, déi gefeelt hunn, mat sougenannten Ostarbeiter*innen an der Landwirtschaft an an der Stolindustrie ze kompenséieren. Zu dësem däischtere Kapitel vun eiser Geschicht huet d'Prof. Inna Ganschow, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, vill recherchéiert. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/

    51 min

About

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen: D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal sinn der Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg op d’Spuer gaang. D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren. Ënnert anerem de Jean-Claude Juncker, d'Colette Flesch, de Michel Würth an de Guy Castegnaro zielen d'Geschicht vun engem konstanten Upassen, Neidenken an Neiopbauen, déi nach ëmmer weider dréit. flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, mam Zil, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. Ab dem 25. November 2025.