Kachkéis Kultur

Charel Schiltz

Kachkéis Kultur - DEN Podcast iwwert d'lëtzebuerger Museksszen! Hei fannt dir Interviews mat iwwer 70 lëtzebuerger Artisten Bands, a Reportagen iwwer Festivals duerch dat ganzt Land! Lauschtert erann a léiert d'Leit kennen, déi d'Kulturszen am Grand-Duché beweegen! Vun a mam Charel Schiltz Kontakt: kachkeiskultur@graffiti.lu

  1. Trailer

    TEASER: Lightyears Lost 2

    Hir Musek ass am Radio gelaf, si huet Orchester dirigéiert, a fir d'Bün komponéiert. Mee dann ass et roueg ëm d'Komponistin Lou Koster ginn. Op enger vun hire Partituren huet si eng Fro hannerlooss: "Wann werde ich gesungen?" Wéi konnt eng Komponistin, där hir Musek eng Kéier esou präsent war bal vergiess ginn? Déi zweet Episod Lightyears Lost erzielt vun der Lou Koster, der Helen Buchholtz, hirer Musek, an dem Kampf dorëms, gelauschtert ze ginn. ------------- Credits: Recherch, Skript, Moderatioun a Produktioun: Charel Schiltz Mat Bäiträg vun Danielle Roster an Damien Sagrillo Eng Produktioun an Zesummenaarbecht mat Radio ARA. Transparanzhiweis zum Usage vu kënschtlecher Intelligenz: Fir déi kreativ Gestaltung, déi redaktionell Entscheedungen, d'Audioproduktioun an d'Schreiwe vu Lightyears Lost gëtt KENG generativ KI agesat. KI-gestëtzt Tools kënnen just zur ënnerstëtzender Recherch, dem Kierzen vun Text, der Transkriptioun zu Archivéierungszwecker, souwéi organisatorescher Aarbecht benotzt ginn. Déi definitiv redaktionell a kreativ Entscheedunge leie beim Auteur. ------ © 2026 Charel Schiltz - Lightyears Lost All rights reserved. Dëss Audiodokumentatioun souwéi all hir Inhalter (Texter, Dramaturgie, Schnëtt, Konzeptioun etc.) sinn Urheberrechtlech geschützt. All Vervillfältegung, Verbreedung, ëffentlecht Spillen oder Bearbechtung vum Fichier - ob ganz oder zum Deel - ass ouni schrëftlech Autorisatioun vum Urheber net autoriséiert. Am Kader vun dëser Sendung gi kuerz Museksausschnëtter gewisen fir d'inhaltlech Ausenanersetzung. Dësst geschitt ausschliesslech zu Zitatzwecker. Genotzte Musek-, Archiv- an O-Tounmaterialien ënnerleien de jeweilegen Rechter a Rechtsinhaber, oder sinn zur Verëffentlechung am Kader vu Lightyears Lost fräiginn. Lightyears Lost ass eng Produktioun vum Charel Schiltz. An Zesummenaarbecht mat Graffiti - de Jugendsendungen um Radio ARA.

    TEASER: Lightyears Lost 2

Trailers

About

Kachkéis Kultur - DEN Podcast iwwert d'lëtzebuerger Museksszen! Hei fannt dir Interviews mat iwwer 70 lëtzebuerger Artisten Bands, a Reportagen iwwer Festivals duerch dat ganzt Land! Lauschtert erann a léiert d'Leit kennen, déi d'Kulturszen am Grand-Duché beweegen! Vun a mam Charel Schiltz Kontakt: kachkeiskultur@graffiti.lu