Kultur radio 100,7
-
- News
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
-
De Slash, a Lëtzebuergeschen Hard-Rock, an der Rockhal
Als Member vun der Lëtzebuerger Hard-Rock-Band Porn Queen ass de Lucas Ferraz mat sengem Idol Slash zu Rio de Janeiro opgetrueden. De Freiden den Owend spillt den ex-Guns‘n‘Roses-Gittarist mat senger Band Myles Kennedy The Conspirators am Main Hall vun der Rockhal, an de Lucas ass déi Kéier Solo als Opener mat dobäi. De Marc Clement huet mam Gittarist iwwer den Optrëtt vun de Freide geschwat, deen Emotiounen an Erënnerungen héich kommen deet.
-
Not to be messed with
Déi kleng Festivaller heefen sech zu Lëtzebuerg – e gutt Zeechen, dass d’Pandemie esou lues iwwerstanen ass an dass et och ee Renouveau an der Zeen gëtt. Nieft Festivaller, déi sech mëttlerweil een Numm gemaach hunn an net méi ewech ze denke si wéi de Siren’s Call oder de Koll an Aktioun gouf et an de leschte Joren awer och e puer nei Rendez-vousen wéi de Culture Forest Festival oder eben de Messtival, ëm deen et haut soll goen. De Julien Primout bekannt als Sänger vun Everwaiting Serenade a Freshdax, huet virun e puer Joer zu Reckeng op der Mess de Messtival an d’Liewe geruff. Haut ass hie bei eis um Studio, fir iwwert déi drëtt Oplag vum Festival ze schwätzen – eng Oplag déi mat Nimm wéi Mutiny on the Bounty, Edsun, Maz Univerze and Friendz ee wierklech interessante Line-Up versprécht.
-
Wéi d'Martine Schoellen zum Grüffelo koum
De leschte Sonndeg koum eis Literatursendung „Déi wonnerbar Valibaririe“ live vun Hunchereng. Am Kader vum Beetebuerger Literaturfestival „LiteraTour“ hu mir mat Leit aus der Welt vun der Lëtzebuerger Literatur geschwat. Eng vun eisen Invitéeë war d‘Martine Schoellen. Si huet schonn eng Abberzuel u Kannerbicher aus dem Engleschen iwwersat, déi Bicher si bei Editions Guy Binsfeld erauskomm. D‘Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich mat der Martine Schoellen.
-
Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa
Dräi Joer laang war de Sacha Hanlet „Artist in Residence“ an der Kulturfabrik, ënnert anerem fir säi R&B Projet Them Lights opzestellen. Elo ass d‘Aarbecht gemaach. Gefeiert gëtt se mat engem Concert an der Kulrturfabrik den 30. Abrëll, bei deem nieft dem Material vun der rezenter EP "DRK" och ganz nei Musek presentéiert gëtt. De Marc Clement am Gesperéich mam Sacha Hanlet.
-
Vu Solstice zu Solstice mam Schwäizer Alain Roche
“In München steht ein Hofbräuhaus”: dat ass bekannt, an zwar net just duerch den Titel vun der Spider Murphy Gang. Münchner Awunner an Touriste solle sech awer net just fir déi historesch Architektur -plus Inhalt- interesséieren, ma och fir zukünfteg Bauten. Um fréiere Pfanni-Industrieareal, zum Beispill, ginn zanter knapps 30 Joer, d’Broochen als Nightlife- a Kulturareal genotzt. Bis 2003 ënnert dem Numm “Kunstpark Ost”; aktuell entsteet do d’“Werksviertel”, mat och neie Gebailechkeeten, wéi d’”Konzerthaus München”. Dofir gëtt elo scho mobil gemaach: mat engem Riserad, awer och mat engem méi nodenklechen a meditative Projet, der dagdeeglecher Performance “Piano vertical” vum Genfer Alain Roche. D’Kerstin Thalau huet se gesinn a sech duerno mam Alain Roche ënnerhalen.
-
D'Marie Capesius ass d'Laureatin vun der CNA-Bourse
U wat schafft d’Kënschtlerin Marie Capesius den Ament? D’lescht Joer krut si d’Fotografie-Bourse vum Centre National de l’Audiovisuel, a mat där wäert si hir rezent Aarbecht publizéieren. De Joé Birchen wollt vun der Marie Capesius wëssen, wéi si sech genee dofir uleet, a wat een sech vum Projet erwaarden däerf.