11 Folgen

Wat ass alles net esou gutt gaangen? Wéini huet et wéigedoen? Wéi war däi lescht Scheiteren?

Fiasko Fest radio 100,7

    • Nachrichten
    • 5,0 • 2 Bewertungen

Wat ass alles net esou gutt gaangen? Wéini huet et wéigedoen? Wéi war däi lescht Scheiteren?

    S01E11: David Angel an Enrico Lunghi

    S01E11: David Angel an Enrico Lunghi

    Den David Angel ass Zentralsekretär fir den OGBL an ass zënter senger Jugend aktivistesch ënnerwee. An anere Wierder: Hie pfleegt eng gewësse Sträitkultur. Weider ass den Enrico Lunghi zu Gaascht, deen a senger Vergaangenheet och e Sträit erlieft huet, dee Konsequenzen no sech gezunn huet. An eigentlech wollt de Luc Spada guer net sou vill iwwert "dat" Theema schwätzen, et ass awer trotzdeem geschitt. An zu gudder Lescht, déi lescht Wierder, wou den David Angel den éischte Gaascht ass, den "dat" wierklech verstanen huet.

    • 51 Min.
    S01E10: Yaya an Nicool

    S01E10: Yaya an Nicool

    De Yannick Schumacher aka Yaya ass en Influencer. Hie gesäit sech awer virun allem als Entertainer. Als Entertainer, den och Grafiker ass a stänneg scheitert. An d’Nicool waart och schonn emol stonnelaang op engem Feldwee op den ACL, brauch vill Opmierksamkeet a seet iwwert sech selwer, datt et ustrengend ka sinn. An och Trash Tv kann (oder muss?) e wichtegen Deel vum kreative Prozess sinn. E Gespréich tëscht Chaos a Scheitere mam Luc Spada.

    • 48 Min.
    S01E09: Sacha Bachim a Kimberly Nelting

    S01E09: Sacha Bachim a Kimberly Nelting

    De Sacha Bachim hat Corona an huet sech gelangweilt. Also huet hien einfach mol e Bestseller geschriwwen. De Psycholog a Buchauteur wëll säi Wësse weiderginn an sou Leit hëllefen, wann se d’Gefill hunn, si géife scheiteren. D'Kimberly Nelting oder neierdéngs Kimberly Darcy-Mae war Europa- a Weltmeeschterinam Karate an huet um Héichpunkt vun hirer Karriär opgehal an decidéiert Schauspillerin ze ginn. Eng vun hire gréissten Erausfuerderungen? Verletzlechkeet zouloossen. En intensiivt Gespréich mam Luc Spada iwwert Erwaardungen an de Wëllen, sech ëmmer erëm nei ze erfannen.

    • 47 Min.
    S01E08: Karel Lambert a Marlène Kreins

    S01E08: Karel Lambert a Marlène Kreins

    De Karel Lambert wëllt e gudde Mënsch sinn an huet d’Zil, datt a fënnef Joer all eenzel Persoun zu Lëtzebuerg mindestens ee Kleedungsstéck am Schaf huet, wat fairtrade ass.
    D’Marlène Kreins curatéiert d’Centres d’Arts zu Diddeleng an ass sech hirer Responsabilitéit iwwer de Choix, wéi eng Kënschtler:innen ausgestallt ginn oder net, ganz bewosst.
    De Luc Spada mécht sech mat sengen Invitéen op eng Rees, déi an d’Welt vun der Konscht a vun der Moud andaucht.

    • 47 Min.
    S01E07: Sandra Lieners a Georges Goerens

    S01E07: Sandra Lieners a Georges Goerens

    D'Sandra Lieners ass Sportlerin a Molerin an de Georges Goerens (Bartleby Delicate) ass de Frontsänger vu Seed To Tree, eng Hallschent vum Musekerduo Englbert a Programmateur vun der Kufa. D'Sandra an de Georges philosophéiere mam Luc Spada iwwer al ginn, den Drive hanner der Kreativitéit a siche verzweifelt no leschte Wierder.

    • 49 Min.
    S01E06: Josée Hansen an Alex Monteiro

    S01E06: Josée Hansen an Alex Monteiro

    Als Journalistin war d'Josée Hansen richteg frech. Bereit si et? Vläicht. E bëssi. Mëttlerweil ass si méi roueg ginn, wat awer och sécher mat deem neien Job am Kulturministère zesummenhänkt. Wat sech awer ni ännere wäert, ass d'Angscht eppes ze verpassen. Net méi kënnen "dobäi" ze sinn. Dat gesäit de Comedien a Psycholog Alex Monteiro ganz änlech. Um Ball bleiwen, sech net einfach zefridde ginn. Hie schafft vill, éierlech, an Zynismus schéngt him e Friemwuert ze sinn. Wou bleift do nach Plaz fir ze scheiteren, wëllt de Moderator vu Fiasko Fest, de Luc Spada, wëssen.

    • 49 Min.

Kundenrezensionen

5,0 von 5
2 Bewertungen

2 Bewertungen

Top‑Podcasts in Nachrichten

Apokalypse & Filterkaffee
Micky Beisenherz & Studio Bummens
Politik mit Anne Will
Anne Will
Machtwechsel – mit Dagmar Rosenfeld und Robin Alexander
WELT
Was jetzt?
ZEIT ONLINE
LANZ & PRECHT
ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht
Das Politikteil
ZEIT ONLINE

Das gefällt dir vielleicht auch

Den Hallwer Néng
radio 100,7
REPORTER On the Record
Reporter.lu
RTL - Invité vun der Redaktioun
RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Background
RTL Radio Lëtzebuerg
Invité:e vum Dag
radio 100,7
heute journal (AUDIO)
ZDFde