36 Folgen

Podcast by Jill & Yannick

Paus. Jill & Yannick

    • Comedy

Podcast by Jill & Yannick

    Dee mat de Snowflakes

    Dee mat de Snowflakes

    TRIGGER-WARNUNG: Leit mat Angscht viru Musek a Gesang sollten dës Episod iwwersprangen. Haut geet et ënner anerem em dem Jill séng nei Karriär dem Yannick säin Tommi-Schmitt-Trauma an e Sandwich-Lidd. Mir sinn och elo de Pressekonferenzpodcast an diskutéieren aktuell Gender-Kontroversen. Plus: Ironie-Sireenen, Vëlofuerer mat Alu-Helm, d'Cher, de Louis de Funès a woke Sitcom-Tipps.

    • 1 Std. 9 Min.
    Dee mat der Vakanz

    Dee mat der Vakanz

    Mir paken eis Wallis a mir huele matt... d'Von Nassaus op de Kanaren, Mendes-Flashbacks an Dschungelcamp-würdeg Backpack-Trips. Mat am Gepäck sinn och e gewëssene Granzlevel wéinst Vakanzemangel (ee vun eis) an de Versuch, eng national Institutioun ze bestiechen (deen aneren) souwéi déi schlëmmste Matratzen an déi schéinst Aussiichten.

    • 54 Min.
    Dee mam Summerlach 2.0

    Dee mam Summerlach 2.0

    Et ass nach ëmmer August a nawell leeft iwwerhaapt näischt. Dofir gëtt et haut en erfrëschende Cocktail aus e bëssen 80er, Maccaroni am Dëppen, enger gudder Prise Koks, e puer Ohrwürmer, geféierlechem nostalgeschen Iessen an enger Grëtz Trash-TV. Enjoy chilled!

    • 53 Min.
    Dee mam Summerlach

    Dee mam Summerlach

    Den August ass dëst Joer zwar héichsummerlech, mee nach méi ereignislos wéi soss. Dir braucht Beschäftegung? Say no more! Mir hu Brochlandungen am Fernsee an an der Zeitung fir iech, de neisten Dior-Parfum, eist Lieblingsalpaka, e Kaddo vum Beyoncé, Psychoterror a Realitéitsverloscht. Also alles wéi ëmmer. #crèmtiechan #dotärMaskun #maachtengPaus

    • 1 Std.
    Dee mam Drëssegsten

    Dee mam Drëssegsten

    Endlech aus der Datz eraus: PAUS. feiert seng 30(st Episod)!!! Dofir hu mir eis eng national TV-Koryphäe invitéiert, déi hire Besuch ab der éischter Minutt bereit huet. Mir schwätzen iwwer Hollänner, Schëllerpolster an Immobilien. Stréckt iech un fir e Galopp duerch d’Film- a Fernsehlandschaft mat Autosaccidenter, Verwirrungen em d’“Sunlicht“-Affär a ville knusprege Geschichten.

    • 1 Std. 11 Min.
    Dee mam Horoskop

    Dee mam Horoskop

    Don't call it a comeback! D'Yolanda an d'Miss Costa Rica si frou, endlech erëm do ze sinn a liewenswichteg Froen ze klären: Wéi eng T-Shirten huet de Keeleclub Nidderfeelen? Si Swarovski-Figuren en Zeechen vu Selbsthass? Wéi geet et dem Brad Pitt? Enner aanerem geet et och em houfreg léiend Zwillingen a komplett onemotional Kriibsen, plus Krawallbürsten a Leit, déi ze extra fir all Stärenzeeche sinn. Äert Dageshoroskop seet: Et ass Zäit, e Gang eroofzeschalten! Leet är Kristallen op d'Fënsterbänk a maacht eng PAUS. mat eis.

    • 1 Std. 14 Min.

Top‑Podcasts in Comedy

Zuhörer haben auch Folgendes abonniert: